Afghanistan: Kann et Fridde mat den Taliban ginn?
D‘USA haten, zu Zäite wou d‘Russen aus dem Afghanistan e
D‘USA haten, zu Zäite wou d‘Russen aus dem Afghanistan e
Iert sech de polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend mam
Leschte Freideg huet de Schäfferot den neie System vun de
E Méindeg huet sech eng Delegatioun vum LCGB mam Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Marc Hansen (DP) getraff, an dësem en zolitte Fuerderungskatalog an de Grapp gedréckt. Et geet heibäi virrangeg ëm besser Aarbechtskonditiounen an Verbesserunge bei der Gestioun vum Personal.
Den LCGB huet beim Minister ënnert anerem déi systematesch Privatiséierung vu verschiddenen „Etablissement Public“ denoncéiert, wourënner och d‘Lycéeën. D‘Gewerkschaft engagéiert sech d‘Réckféierung vun den „ofgeschaaften“ Aarbechtsplazen. Och géint de latenten Outsourcing vum Botzpersonal an den ëffentlechen Administratioune gëtt sech zur Wier gestallt. Wien duerch „dës Moossnam“ seng Aarbecht verluer hätt, misst nees integréiert ginn an dat ënnert de Konditioun vum Kollektivvertrag fir Staatsaarbechter.
Gefuerdert gëtt och wiesentlech méi Transparenz am Kontext vum Rekrutement. Zanter Jore muss ee signifikativ Fluktuatiounen a Kontradiktiounen zur Kenntnis huelen, ouni datt et dofir eppes wéi eng valabel Erklärung gëtt. Als Beispill féiert den LCGB un: „d‘Zuel vun den Astellungen ass bei den technesche Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA) an der Verwaltung vun der Fluchsécherung (ANA) réckleefeg, während de Rekrutement bei der Regierungsverwaltung zouhëlt.
No der Aféierung vun den Zäitspuerkonte fir d‘Staatsbeamten, d‘Stagiairen an d‘Employéeën zum 1. Oktober 2018, stellen sech ganz Rei Froen. Wéi gesäit et aus mat den Zäitspuerkonte vun den Aarbechter? Den LCGB mécht an dësem Kontext op de Gesetzprojet 7234 opmierksam, mat deem et zur Aféierung vun Zäitspuerkonten am Privatsecteur komme soll, zu deem och d‘Aarbechter vum Staat gehéieren. Hei ass nach ze bemierken, datt et schonn eng Partie Gemenge gëtt, wou den Aarbechter ënner „Privat-Statut“ beim Zäitspuerkont déi selwecht Rechter araumen.
Eng Situatioun déi „oniwwersiichtlech“ kéint ginn, wann et zu engem Gesetz fir Zäitspuerkonten am Privatsecteur kënnt. Dat well nëmmen déi Zäitspuerkonten, déi an de Kollektivverträg vereenbart ginn, och zur Uwennung kommen, an all aner Variant vun Zäitspuerkont, duerch e Kollektivvertrag, oder engem nationalen Accord am Kontext vum interprofessionellen Dialog muss ofgedeckt sinn. Heibäi bemierkt den LCGB, datt et beim Zäitspuerkont fir de Salarié aus dem Privatsecteur desavantagéis Konditioune gëtt. Esou beispillsweis muss een eng Anciennetéit vun zwee Joer noweisen, wat beim Staat esou net de Fall ass, well dat bei hinnen ab dem 1. Schaffdag gëllt.
Aus Sécherheetsgrënn (fir dat betraffe Personal) fuerdert den LCGB dat et beim Wanterdéngscht vun der Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées) nees zum 2. Chauffeur, respektiv der Begleetpersoun kënnt. Et wier (an et dat ass et och) onverantwortlech eng Persoun eleng bei deene Wiederkonditioune schaffen ze doen…
Foto: (v.l.n.r.) Guy Schon, LCGB; Tiago Da Silva, LCGB; Céline Conter, LCGB; Marc Hansen, Minister fir den ëffentlechen Déngscht; Gusty Grethen, LCGB; Carlo Wagener, LCGB. © MFP