Search

You may also like

Nëmme Bicherwierm kennen sech gutt genuch mat de Lëtzebuerger Schrëftsteller aus, fir hei e perfekte Score ze kréien
Neiegkeeten

Nëmme Bicherwierm kennen sech gutt genuch mat de Lëtzebuerger Schrëftsteller aus, fir hei e perfekte Score ze kréien

[onionbuzz quiz-id=155][/onionbuzz] D’Lëtzebuerger Literaturzeen wiisst a wiisst vu Joer zu

geek
Iwwer 3 Milliarde Fake-Accounts bei Facebook geläscht
Neiegkeeten

Iwwer 3 Milliarde Fake-Accounts bei Facebook geläscht

Mat engem Blogpost, huet Facebook gëschter d‘Community informéiert, datt d‘Entreprise

Hannert senger donkeler Séil verstoppt sech e waarme Charakter
Neiegkeeten

Hannert senger donkeler Séil verstoppt sech e waarme Charakter

Et ass e sëffegen donkele Béier, dee sech hannert der

Nee zur schläichender Privatiséierung vum „Honnertkommasiwen“

Nee zur schläichender Privatiséierung vum „Honnertkommasiwen“

Säit dem Donneschdeg gëtt et um Honnertkommasiwen, dem ëffentleche Sender, eng nei Sendung déi wëchentlech ausgestraalt soll ginn. Bis dohinner näischt wat engem sollt Suerge maachen, bis een dat feststellt, datt et sech heibäi net ëm eng vun der redaktionneller Ekipp vum 100,7 gemaachte Sendung handelt, firwat déi lénk sech iergeren a vun engem „Mëssbrauch“ rieds geet.

Tatsächlech ass et esou, datt en Team vum engleschsproochege Magazin „Delano“ (Grupp Maison Moderne) dës nei Emissioun an eegener Verantwortung gestalt. Elo kéint ee mengen datt dat kee Grond ass Muedebëtzeg ze ginn, woubäi een den ëffentlech-rechtleche Charakter vum 100,7 net dierf aus den Ae verléieren. Engem private Mediegrupp esouvill Raum zur Verfügung ze stellen, dat ass fir déi lénk en éischte Schratt a Richtung Privatiséierung, woubäi et dofir och Grënn gëtt.

Esou ass et richteg – wéi dat och vun déi lénk am Communiqué ervirgehuewe gëtt – datt den 100,7 zanter Joren no méi Moyene freet, fir seng Sendungen a friemlännesche Sproochen (besonnesch déi englesch Sprooch) auszebauen. Statt dem Honnertkommasiwen awer méi Geld ze ginn, fir dës Emissiounen an Eegeregie ze produzéieren, gëtt hei ee „Soustraitant“ opgeholl. Dësen huet awer entgéint dem 100,7 däitlech kommerziell Interessen a verfollegt och keng „objektiv“ Ziler.

Den Honnertkommasiwen ass awer elo e Radio deen zu 100% vu Steiergelder finanzéiert gëtt, firwat déi lénk ausschléissen, datt dësen als Plattform fir ee private Mediegrupp kann hierhalen. A bei déi lénk stellt sech dann elo och d‘Fro: kritt den 100,7 dës Sendung vu Maison Moderne bezuelt oder muss den 100,7 fir d‘Produktioun vun dëser Emissioun bezuelen? An déi wichtegst Fro: Ass eng Editorial-Koherenz virgesinn? Woubäi vun engem generelle Standpunkt aus betruecht, dës „Privatiséierung“ dem Audit „Peer-to-Peer“ vun der EBU vum Abrëll 2018 widdersprécht.

An dësem vun der „European Broadcasting Union“ gëtt sech géint esou eng Praxis opposéiert. Dat bréngt eng Rei Froe mat sech, déi den Deputéierten David Wagner dann elo och dem zoustännege Minister schrëftlech agereecht huet. Vun déi lénk gëtt nach ervirgehuewen, datt d‘Demokraten net déi grouss Fangemeinschaft vum ëffentleche Radio ass. Si hätte scho versicht dem 100,7 lass ze ginn, wat net gelongen ass, firwat elo eng aner Strategie soll ugewannt ginn…

Illustratioun: Joe 107

Related topics déi lénk, Delano, DP, Honnertkommasiwen, Maison Moderne, Radio
Next post Previous post