Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

geek
Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech
Kultur Neiegkeeten

Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech

Um Freidegowend a Samschdegmueren huet et dausende Windows-User op der

Den Trump: vum Saulus zum Paulus
Kultur Neiegkeeten

Den Trump: vum Saulus zum Paulus

Elo schwätzt dann och den amerikanesche President vu Rassismus. Dat

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus
Kultur Neiegkeeten

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus

De Kanton Réimech ass deen zweetklengste vun der Fläch hier.

Prix Servais 2019 fir d’Elise Schmit – “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen”

Prix Servais 2019 fir d’Elise Schmit – “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen”

D’Fondation Servais zeechent d’Elise Schmit mam Prix Servais 2019 fir hiert Wierk “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen – Kurze Geschichten” aus, dee beim Verlag “Hydre Editions erauskoum. Déi feierlech Iwwerreechung ass den 2. Juli 2019 um 19:30 Auer zu Miersch am CNL.

Mam Zil, déi Lëtzebuerger Literatur ze fërderen gëtt zanter 1992 dëse Präis un dat wichtegst literarescht Lëtzebuerger Wierk iwwer eng onofhängeg Jury verginn an ass mat 6.000 Euro dotéiert. Lescht Joer war et den Nico Helminger mat sengem Buch “Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge”, dee mat dësem Präis ausgezeechent ginn ass.

Begrënnung vun der Jury:

De Band “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen” vum Elise Schmit gëtt mam Prix Servais 2019 ausgezeechent. No engem programmateschen Aféierungstext reflektéiert d’Elise Schmit a sechs kuerze Geschichten ënnerschiddlech Variatioune vu “Stierz”, sief et d’Scheitere vu Liewenspläng, d’Ausenanersetzung mat dem Onbekannten, d’Verlaangeren no tëschemënschleche Bezéiungen oder d’Opschaffe vun der Vergaangenheet. Vun alldeegleche Situatiounen ausgoend, inzenéiert d’Schrëftstellerin de Stuerz als Grenzsituatioun, déi d’Zerbriechlechkeet an dat ënnert Verlueresinn vun de Personnagen opdeckt. D’Jury hieft d’Qualitéit vun der feinfühleger an treffsécherer Sprooch ervir, déi villschichteg Stëmmungen a Situatiounen afänkt. Den nuancéierten Erzielstil an dat ausgepräägte Gespier fir Rhythmus a Struktur ginn dem Lieser permanent nei an onerwaarten Zougäng zu den Texter.

D’Jury vum Prix Servais 2019 huet aus néng Leit bestanen: Simone Beck, Jeanne E. Glesener (Presidentin), Odile Linden, Claude Mangen, Pierre Marson, Jeanne Offermann, Alex Reuter, Aimée Schultz a Sébastian Thiltges.

De jonken Auteur Jean Bürlesk gouf iwwerdeems mam “Prix d’encouragement” fir seng Kuerzgeschichtesammlung “The Pleasure of Drowning” ausgezeechent. Dëst Wierk gouf opgrond vu senger Originalitéit an dem gudden Erzielstil vun der Jury ausgewielt.

matgedeelt vum Jury vum Prix Servais, fräi aus dem Däitschen a Franséischen iwwersat vum Melvin Hatto

Ähnlech Sujeten CNL, Elise Schmit, Literatur, Prix Servais 2019, Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel