Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – op der Queen hire Gebuertsdag mat Téi ustoussen!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – op der Queen hire Gebuertsdag mat Téi ustoussen!

D’Queen Elizabeth II. feiert haut hiren 93. Gebuertsdag – a wat

dislike
Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën
Kultur Neiegkeeten

Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën

Spuenien, Frankräich, Italien an Däitschland  – Si sinn déi beléiftsten

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI
Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt am Bio-Nature-Chèvre

De Prix Servais 2020 fir dem Francis Kirps säi Wierk

De Prix Servais 2020 fir dem Francis Kirps säi Wierk

D’Fondation Servais huet dem Francis Kirps fir säi Buch „Die Mutationen. 7 Geschichten und ein Gedicht“ (Hydre Éditions) de Prix Servais 2020 iwwerreecht. Déi villsäiteg Geschichte mat grousser Originalitéit an humorvollen Interpretatiounen hunn de Jury vollkommen iwwerzeegt.

Dem Francis Kirps säin „Die Mutationen“ handeltvu bekannte literaresche Virlagen aus a mécht eppes Neies dorausser. A Form vu Spiggelungen, Verflechtungen, Virgeschichten an Ëmschreiwunge ginn d’Mutatiounen zu engem gestalteresche Konzept. Verschidde Stëmmen a Perspektiven – och aus der Siicht vun Déieren – thematiséieren d’Ausbeutung, d’Gesellschaft, d’Medien, d’Erzéiung an d’Sprooch.

Déi ironesch Distanz vum Auteur, säin onkonventionellen Erzielstil an d’Déift vu senge Figuren bréngen de Lieser an eng friem Welt, an där och emol ee Schleek op d’Virginia Woolf trëfft oder ee Keefer sech an déi peinlech Kreatur Mënsch verwandelt. De Lieser leeft mat engem Äisbier duerch Berlin a begéint engem onerwaarten Routkäppchen.

Die Mutationen

© Hydre éditions

Zum Prix Servais

Zënter 1992 belount de Prix Servais déi bedeitendst literaresch Wierker, déi am Virjoer erausbruecht gi sinn. Déi onofhängeg Jury bestëmmt ee Mol am Joer ee Gewënner, dee vun engem Präis vu 6.000 € profitéiere kann.

Den Datum vun der Präisiwwerreechung gëtt nach matgedeelt. An dësem Joer huet de Jury vum Prix Servais aus dem Simone Beck, dem Odile Linden, dem Claude Mangen, dem Pierre Marson, dem Alex Reuter, dem Shari Schenten, dem Aimée Schultz an dem Sébastian Thiltgen a steet ënnert dem Virsëtz vum Jeanne E. Gleser bestanen.

Opmaacherbild: © Jonas Jacobsson / Unsplash

Ähnlech Sujeten Buch, Die Mutationen, Francis Kirps, Hydre Editions, Jury, Präis, Prix Servais 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel