Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kaffi oder Téi?
https://moien.lu/elite-dating-nz/

Kaffi oder Téi?

Wat ass Schold dorunner, datt mir de Kaffi dem Téi

https://moien.lu/how-does-dating-become-a-relationship/
https://moien.lu/elite-dating-nz/

dating a guy for two weeks

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen,

SC Beetebuerg op en Neits kloer de Meeschter um Terrain
https://moien.lu/elite-dating-nz/

SC Beetebuerg op en Neits kloer de Meeschter um Terrain

Iert mir op den Detail vum Match aginn, musse mir

Dës Pro-Cannabis Petitioun huet d’4.500-Ënnerschrëften-Hürd geknackt!

Dobäi bleiwen nach iwwert 10 Deeg, fir nach ze ënnerschreiwen

Dës Pro-Cannabis Petitioun huet d’4.500-Ënnerschrëften-Hürd geknackt!

Hei zu Lëtzebuerg ginn zwar duerchaus vill Petitiounen agereecht, mee déi allermannste packen et, déi 4.500 Ënnerschrëften ze erreechen. Nëmmen da gëtt een an der Chamberskommissioun gehéiert. D’Zuel vun de Petitiounen, déi dat gepackt hunn, ass iwwerschaubar. Déi vun deenen, déi domat eppes erreecht hunn, och. Mee elo däerf sech en neit Uleies der Opmierksamkeet erfreeën: Dës Petitioun fuerdert d’Legaliséierung vum Cannabis duerch d’Coffeeshops.

Et ass eng zimlech detailléiert Petitioun

Mee méi konkret gekuckt, wat gëtt an der Petitioun gefuerdert? Net nëmme soll de Verkaf vu Cannabis iwwert Coffeeshops legaliséiert ginn. Mee och aner Punkte gi vun der Petitioun behandelt:

  • Esou solle net méi wéi 5 Gramm op de Kapp kommen
  • Et däerf een net méi wéi 500 Gramm insgesamt
  • Et dierft net u Mannerjäreger verkaaft ginn
  • D’Coffeeshops dierften net am Ëmkrees vu 500 Meter vun enger Schoul opgemaach ginn
  • De Verkaf vun aneren Droge bleift illegal

Domat gëtt de Cannabis ëmmer méi zu engem politeschen Thema. Während elo eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis an der Testphas ass, esou kënnt d’Diskussioun ëmmer nees op. Virun allem d’Jugendsektioune vun de Parteien kierpen des Diskussioun un, och wann d’etabléiert Parteie selwer sech ëmmer méi dem Thema unhuelen. Et däerf een also gespaant op d’Unhéierung sinn an a wéi fern den Thema Cannabis an dësem Wahlkampf eng Roll spille wäert.

D’Petitioun kann nach bis de 25. Juni ënnerschriwwe ginn.

Ähnlech Sujeten Cannabis, Drogen, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel