Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm
International Neiegkeeten

https://moien.lu/retired-military-online-dating/

Autobunnen, den Ausbau vum Tram, Vëlosweeër laanscht all nei Strooss.

harry and hermione dating fanfiction
International Neiegkeeten

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang

Zanter Abrëll hunn déi hannerlëschteg Uschléi an Ugrëff vum Grupp

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!
International Neiegkeeten

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!

No enger Rei Plainten ass de Lëtzebuerger Rapper Turnup Tun

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei

Biergerrechtlerin Zuzana Caputová gewënnt éischt Ronn zu Presidentewahl

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei

Si hunn sech bis zur leschter Sekonn engagéiert, en ambitiéisen a couragéierte Wahlkampf gefouert. Rieds ass vun der Partei „Progressiv Slowakei“. Wéi gëschter no der éischter Wahlronn, déi éischt Zuelen an der Parteizentral iwwert d‘Schiermer gefloss sinn, war et roueg bliwwen. En Ament huet e gemengt si kéinten et selwer net faassen…

Wéi d‘Zuelen eng ëmmer méi däitlech Sprooch geschwat hunn, hu sech d‘Gesiichtszich entspaant, an och de Star vum Dag huet sech gewisen. Nach viru véier Wochen huet d‘Affekotin an engagéiert Biergerrechtlerin an de Sondage wäit hannert der Konkurrenz geleeën. Déi frëndlechst haten déi „Progressiven“ mat 10% op déi véiert Plaz placéiert. Wat Sondage wäert sinn, weess een elo och…

D‘Zuzana Caputová gëtt nom ausziele vun de Stëmmen, mat 40,6% zur stäerkste Kraaft, e Resultat datt weder d‘Kandidatin nach hir Partei sech esou zougetraut haten. Als éischt Reaktioun op dës politesch Victoire huet si gemengt:

D‘Resultat signaliséiert de Ruff no Verännerung. D‘Wieler an d‘Wielerinne kënnen sech e Mënsch als President virstellen, dee vläicht nach net laang an der Politik ass, mee eng aner Siicht op d‘Realitéit huet an aner Iddie fir Léisunge matbréngt

Politesch Géigner am Abseits

Fir ze verdäitlechen, wéi däitlech den Zousproch fir d‘Zuzana Caputová ausgefall ass, ginn einfach Prozentwäerter net duer. An 79 Bezierker ass gewielt ginn, an 71 dovunner, huet d‘Affekotin eng iwwerzeegend Majoritéit erhalen. Dobäi haten d‘Experten eigentlech de Sozialdemokrat Maros Sefcovic (Smer-sd), den aktuelle Vizepresident vun der EU-Kommissioun, als Gewënner virgesinn.

Slowakei

Hie kann sech a 7 vun de Bezierker behaapten an erhält esou 18,7%. Datt ass da schonn eng batter Néierlag, déi awer eigentlech nëmmen d‘Tendenz vun de Sozialdemokraten an Europa bestätegt. An seng Äntwert: hie wéilt sech elo verstäerkt ëm d‘Wieler aus dem rietse Lager beméien, där hir Kandidaten net an déi zweet Wahlronn ageluede sinn. Dat ass eng riskant politesch Äntwert…

A fir sech „schéi Kand“ ze maachen, gräift de Sozialdemokrat an d‘Fach mat de populistesche Spréch, a versprécht „den Akzent op déi traditionell chrëschtlech Wäerter“ ze leeën, well datt fir déi grouss Majoritéit vun de Slowake wichteg ass, an hien déi Liewensweis als Zivilisatiounsanker vum slowakesche Vollek, dem slowakesche Land erkennt. Op et vläicht um politesche Programm läit?

Gutt Aussiichten op Verännerung

Erfreelech um slowakesche Wahlvollek ass, datt si sech net vun den Extreme verféiere gelooss hunn. Esou kënnt den ëmstriddene Riichter Stefan Harabin (Kommunistesch Partei) op 14,3%. D‘Faschiste kréien hire Kandidat, Marian Kotleba (Vollekspartei Eis Slowakei) erfreelecherweis och net duerch (10,4%). Wat awer bedeit dat elo fir den eigentleche „Favorit“ Maros Sefcovic?

Fir eng reell Aussicht op d‘Wahlvictoire ze hunn, misst de Sozialdemokrat säi Score mindestens verduebelen. Dat heescht hie muss gläichermoossen déi extrem lénks, wéi déi extrem riets Wieler iwwerzeegen, datt hien hire Kandidat ass. Wéi dat goe soll, wann et eigentlech ëm eng Politik fir d‘Land a seng Bierger goe soll, erschléisst sech weder eis, nach de lokale Politik-Experten.

Slowakei

Gewosst ass och, datt de Maros Sefcovic net wierklech de Wonschkandidat vu ville Smer-Unhänger ass. No zéng Joer „Europa“ trauen déi méi meescht him net zou, nach „Buedemkontakt“ mam eegene Land ze hunn. Wéi soll esou een d‘Wieler vun engem Harabin oder Kotleba, déi erkläert anti-europäesch an anti-transatlantesch Positioune vertrieden, fir seng Politik begeeschteren?

Egal wéi, dës Wahlronn an der Slowakei léisst zumindest duerchblécken, datt dësen neie „politesche Wand“ dee mam Zuzana Caputová opkomm ass, e Changement gräifbar no ass. Esouguer bei den éischter Konservative gëllt si als Vertrauenswierdeg. D‘Gejäiz vun de Kierchemänner, well dës Fra homosexuell Partnerschaften unerkennt, ass net ukomm, an d‘Biergerrechtlerin huet hir Chancen.

mat indymedia/brt/bru/lon

Foto: Zuzana Caputová, eng „Liberal“ als Presidentin vun der Slowakei. Säit dem Sonndeg net méi ausgeschloss. © Aleksiej Witwicki

Ähnlech Sujeten Marian Kotleba, Maros Sefcovic, Slowakei, Stefan Harabin, Zuzana Caputová
Nächsten Artikel Virrechten Artikel