Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Bréifdréier virum Ausstierwe retten!
https://moien.lu/best-dating-sites-in-london-uk/ dating a patient

dating gatherings

Um vergaangene Samschdeg huet d’Bréifdréieschgewerkschaft op hire Kongress invitéiert. Mat

dating websites turkey
https://moien.lu/best-dating-sites-in-london-uk/ dating a patient

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!

Wien de Moien an der Haaptstad mam Vëlo ënnerwee war, deem

Rock the South 2018 – Newcomer si wëllkomm!
https://moien.lu/best-dating-sites-in-london-uk/ dating a patient

Rock the South 2018 – Newcomer si wëllkomm!

Säit der éischter Editioun vum Rock the South am Joer

surprise

D‘CSV kritiséiert net systematesch de Wuesstem

Et misst een awer op ville Plaze mat Beduecht virgoen

D‘CSV kritiséiert net systematesch de Wuesstem

Um Mëttwoch huet den CSV-Spëtzekandidat fir d‘Chamberwahlen, Claude Wiseler sech der politescher Aktualitéit ugeholl. Domatter gemengt ass de Wuesstem, dee wirtschaftleche wéi den demographeschen. Et ass och e Punkt am Bezuch op d‘Fleegeversécherung gemaach ginn.

Fir de President vum parlamentaresche Grupp CSV schéngt et erwisen, datt d‘Regierung wéineg bis guer keng Virstellung huet, wéi een de Wuesstem zu Lëtzebuerg kann, a virun allem soll an de Grëff kréien. Richteg ass, esou de Claude Wiseler, datt et Wuesstem brauch, haut an och an Zukunft. Et sollt awer der Regierung hir éischt Flicht sinn dësen ze leeden an ze begleeden.

D‘CSV hätt eng kloer Virstellung, ugesicht der Tatsaach, datt Lëtzebuerg all 7 Joer ëm 100.000 Leit wiisst, esou de Claude Wiseler. Dat wieren der ongeféier esouvill, wéi d‘Stad Lëtzebuerg Awunner huet. Dat bedeit dann och, datt all d‘Infrastrukturen entspriechend musse mat wuessen. Et wier net ersiichtlech, firwat d‘Leit dat sollen akzeptéieren.

Dat verlaangt politesch Verantwortung an e konsequent Handelen. Et misst een de Wuesstem definéieren. Demographesch misst de Wuesstem esou geleet ginn, datt eng intelligent Integratioun méiglech an déi sozial Kohäsioun erhale bleift. Dat heescht awer och, datt d‘Land sech muss d‘Moyene ginn, déi Leit „sichen“ ze goen, déi gebraucht ginn.

E Punkt, dee genee esou och fir déi wirtschaftlech Entwécklung muss an d‘A gefaast ginn. Et wier e sécherlech am EU-Kader op eng „oppen Ekonomie“ ugewisen. Mee esou ee klengt Land wéi eist, kéint awer net allen Uspréch gerecht ginn. Dat bedeit, datt een e Choix muss treffen. An de Claude Wiseler ënnersträicht, datt seng Partei keng systematesch Wuesstemskritik bedreift.

Sech gutt iwwerleeë wat e wëll

Datt wuessen op Däiwel komm eraus schlicht an ergräifend net méiglech ass, deem ass ee sech parteiiwwergräifend bewosst. Och d‘Bierger wieren net bereet, alles einfach unzehuelen. Also stellt sech, esou de Claude Wiseler, d‘Fro, wéi e wirtschaftleche Wuesstem zum demographesche Wuesstem passt. Wëll heeschen: wat kann een nach u Secteuren entwéckelen?

De Beräich vun der Finanz an Assurance hätt nach Zukunft, och d‘Secteuren IT, Biomedezin an d‘Logistik géifen zu Lëtzebuerg Sënn maachen. Géint d‘Entwécklung vun de Weltraumtechnologië wier näischt anzewennen. Mee en deelt déi „aktuell Visioune vum Etienne Schneider“ net, esou de Claude Wiseler, deen am Projet „Spacemining“ awer d‘Zukunft gesäit.

E wichtege Bäitrag soll och déi Kreeslafwirtschaft leeschten. Hei gesäit den CSV-Spëtzekandidat beispillsweis an der Nordstad vill Entwécklungspotenzial. En Argument, dat och generell am medezinesche Beräich Uwennung fënnt. Do esouwuel beim rénge medezineschen Déngscht um Patient (Spidolswiesen) wéi och an der Fuerschung.

An da mécht de Claude Wiseler eng „Klamer“ op, an hëlt den Dossier Google an d‘Viséier. Hien a seng Partei wiere generell dësem Projet ganz positiv gesënnt, passt en dach an d‘Entwécklung vum IT-Secteur. Wat him dann awer Kappzerbrieches bereet, ass d‘Aart a Weis, wéi d‘Regierung mat dësem Dossier ëmgeet. Hien ass dann och der Meenung, datt d‘Leit fir domm verkaf ginn.

Datt ee Google „hëlleft“ ass prinzipiell kee Feeler. Och mat der Bereetstellung vu 25 Ha Terrain kéint ee sech offannen. Mee et misst ee sech dann awer dierfen d‘Fro erlaben, wou de Projet vum Internetgigant anzegesinn ass? Et géif een, wann ee sech duerch d‘Press geschloen hätt, op esouvill Widderspréchleches stoussen, datt engem Dronkenellen ausginn.

D‘Prioritéiten definéieren

Aus dem Dossier Google wier dann och gewuer ze ginn, datt déi Terrainen déi hei bereet gestallt ginn, aus dem „Plan sectoriel“ erausgeholl solle ginn. Heescht: do geet Produktiounsraum aneren Entreprise verluer. Déi bréichten awer och Terrainen, a sief et nëmme, fir selwer wuessen ze kënnen. Hei kann net eng Entreprise bevirdeelegt ginn.

De Claude Wiseler schléit hei dann och vir, datt een déi wirtschaftlech Cluster prezis definéiert, an dann och d‘Promotioun ronderëm dës Cluster etabléiert. Dat ganzt mat Récksiicht op d‘Ëmwelt, an enger vereinfachter Administrativer Prozedur; esou de Wëlle vun der CSV. Wann si sollten an d‘Regierung kommen, géifen si sech dësem Text nach emol unhuelen.

Et gouf dann awer och betount, datt een zu Lëtzebuerg d‘Industrie wëll a muss erhalen. Woubäi Ëmweltkritären an d‘Zuel vun den Aarbechtsplaze sécherlech eng Roll wäerte spillen. Fir de Claude Wiseler ass et wichteg, datt een d‘Prioritéit op den Ausbau vu bestoende Produktiounsbetriber leet, an d‘Definitioun vun de Cluster respektéiert.

Als weidere Kritäre, gesäit den CSV-Spëtzekandidat dann och nach d‘Noutwennegkeet kleng a mëttelgrouss Betriber ze entlaaschten. Do wier eng „steierlech Immuniséierung“ e gutt Instrument. Och d‘SNCI (National Gesellschaft fir Kredit an Investissement) misst esou reforméiert ginn, datt och d‘PMEen hir Projete realiséiere kënnen.

D‘Fleegeversécherung bleift ee grousse Sujet

Nom Wuesstem dann d‘Fleegeversécherung: hei läit villes am Uergen, wat sech bei der CSV duerch vill „Interventiounen“ vu baussen esou och betoune léisst. De Claude Wiseler huet an dësem Kontext ënnerstrach, datt sech vill Leit wéinst der Reform elo mat Schwieregkeete konfrontéiert gesinn, déi esou vum zoustännege Minister eigentlech ausgeschloss waren.

De wonne Punkt vum Gesetz wier dann den Artikel 353: dee leet fest, datt d‘Sortie gestrach sinn. E Punkt iwwregens, esou de Claude Wiseler, deen a ville Kommissiounssëtzungen ëmmer erëm ervirgehuewe ginn ass, ouni dat de Minister Romain Schneider (LSAP) dat richteg zur Kenntnis geholl hätt. An do géif et ewell zolidd Geknouters vun de Gewerkschaften.

Elo awer wou d‘Kand an de Buer gefall ass, an d‘Problemer um Terrain Realitéit sinn, géif sech beméit gi Géigemoossnamen anzeleeden. Dat wier dann awer alles anescht ewéi einfach. Well eng Gesetzestextännerung brauch Méint bis se a Kraaft trëtt. Eng „provisoresch Ännerung am Reglement“ wier beschtefalls eng Plooschter op en hëlzent Been.

D’Sortie sinn net den eenzege Problem

Dofir verlaangt de Claude Wiseler dann och vum Minister hei fir juristesch Sécherheet ze suergen. Wann et fir den Ufank nëmme mat der Ännerung vum Reglement ze maachen ass, wier ee bereet och dëse Wee matzegoen. Mee d‘Sortie sinn net den eenzege Problem, och an den Haiser gëtt et wéinst dem neie Gesetz vill Problemer, déi zu Laaschte vun de Bewunner ausgedroe ginn.

Dat wier dann, wann de Minister Romain Schneider hei net zäitno Neel mat Käpp mécht, och eppes wat d‘CSV an der nächster Legislaturperiod, esouwäit se dann an der Regierung sinn, géife korrigéieren. Et wier net zoulässeg, datt hei Mënschen op der Streck géife leie bleiwen.

Op se bereet wieren den d‘Gesetzespropositioun vum ADR matzedroen, war dann eng Fro déi huet misse gestallt ginn. Eng Propositioun, esou de Claude Wiseler, déi hien nach net gelies hätt. Dowéinst kann een net ausschléissen, datt wann se zu enger reeller Verbesserung ka bäidroen, duerchaus matgedroe ka ginn.

Foto: Den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler wëll de Wuesstem zu Lëtzebuerg un d‘Produktivitéit koppelen, ouni der Entwécklung u sech virzegräifen, woumatter gemengt ass, datt e sech net op eng Begrenzung wëll aloossen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Update 10:55: Generell Korrekturen

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Claude Wiseler, CSV, Google, Lëtzebuerg, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel