Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rout Kräiz: ee musikalesche Rendez-Vous fir de gudden Zweck
Neiegkeeten Sport

lee bo young lee sang yoon dating

An Zesummenaarbecht mat Deloitte organiséiert dat Lëtzebuerger Rout Kräiz um

39 year old woman dating 28 year old man
Neiegkeeten Sport

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?

Di meescht Stied a vill Uertschaften zu Lëtzebuerg hu Jumelagen

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring
Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring

Hockenheim an den Dylan Pereira, dat passt gutt zesummen. Hei

Dammefussball: De Progrès Nidderkuer spillt ganz disziplinéiert…

...an d‘Damme vum SC Beetebuerg gënnen sech ee Gudde Start an dat neit Joer

Dammefussball: De Progrès Nidderkuer spillt ganz disziplinéiert…

Fir dës éischt Renconter no Ofschloss vun der Fussball-Wanterpaus, haten d‘Damme vum Progrès Nidderkuer de Landesmeeschter SC Beetebuerg op Besuch. Wéi erwaart, hu sech déi zwou Ekippe fir unzefänken, nees un déi sportlech Ausenanersetzung misse gewinnen.

Weise mir – iert mir op d‘Spill aginn – séier op ee puer Detailer hinn. Beim Progrès Nidderkuer ass et während der Wanterpaus zum Trainerwiessel komm. Den neien „Hunn am Kuerf“ ass elo den Manuel Ferreira Lopes, an him kann ee zerguttst halen, datt seng Damme ganz disziplinéiert opgetruede sinn. Lueflech och de Courage dräi jonk Dammen (15 Joer jonk) anzesetzen, déi hir éischt Erfarungen an der éischter Liga maache konnten. Hei gëtt sech ganz däitlech op d‘Zukunft virbereet.

Op Beetebuerger Säit dierf ee sech freeën, dat no enger laanger Verletzungspaus, d‘Justine Oswald nees mat an der Opstellung war. Sécherlech ee grousse plus fir den SC Beetebuerg, woubäi een dem Justine Oswald natierlech eppes Zäit loosse muss, fir seng Plaz nees ze fannen fir nees un déi gewinnte Leeschtungen unzeknäppen.

Déi éischt Hallschent

Ugefaangen huet des Renconter zimmlech „hektesch“. De SC Beetebuerg, eppes ongedëlleg huet eppes ze séier versicht de Ball no vir ze bréngen, wat zu Feelpäss gefouert an entspriechend Onrou mat sech bruecht huet. D‘Damme vum Progrès hunn do méi iwwerluecht gespillt an hir Chance versicht auszenotzen. Si war gëfteg am Konter an hunn ee flott Zesummespill ofgeliwwert.

Et war nach net ganz eng Véierelsstonn ginn, wou déi Beetebuerger sech déi éischt richteg Chance erausgespillt haten. D‘Kate Thill (11) kritt de Ball ze paken an zitt voll of, woubäi d‘Goalkeeperin vum Progrès, Amy Thompson (22), den éischte Schoss ofgewiert kritt, de Ball awer zréck op d‘Kate Thill dréckt, dat sech net nach emol biede gelooss an dat Ronnt am Eckegen ënnerbruecht huet.

Néng Minutten drop, dann eng Äntwert vum Progrès op ee schlecht Passspill säitens dem SCB. Hei huet d‘Sarah Witry (6) eng Pass an d‘Mëtt gespillt, déi vum Catarina Teixeira (10) interceptéiert gëtt, mat engem exzellenten „une-deux“ mat dem Maite Machado (11), d‘Defense ausgespillt huet. Esou stoung d‘Caterina Teixeira eleng virum Lena Krier (1), datt iwwert sech erausgewuess ass an mat enger exzellenter Parad den Ausgläich verhënnert huet. 0:1 war dann och de Pausestand…

Déi zweet Hallschent

No der Reprise hunn sech d‘Dammen nees eppes méi hirem gewinnte Spill zougewennt, a waren esou och méi gedëlleg. Dat huet sech ganz positiv op hiert Spill ausgewierkt. Si waren nees déi Dominant um Terrain. Eng Dominanz déi sech direkt duerch dräi fantastesch Goalchancen ervirgedoen huet. Esou an der 58. Minutt, wou nees d‘Kate Thill als Haaptactrice an Aktioun getrueden ass. Leider sollt de Schoss punktgenau d‘Kräiz treffen, wat Gléck fir de Progrès war.

An der 61. Minutt huet dunn d‘Marie-Amelie Albrand (18) aus gudder Positioun de Ball knapp iwwert d‘Lat gesat; an der 67. Minutt huet Lucia Ruiz (14) et du versicht, ee ganz flotte Schoss, deen awer wierklech esou just laanscht de Goal gaangen ass. No esouvill Chancen déi ee Leie léist, kritt ee meeschtens de Kapp nees tëscht d‘Ouere gesat.

Esou dann och an der 70. Minutt, wou op ee laangen Degagement vun der Nidderkuerer Defense, sech d‘Maite Machado eleng virum Goal vum SCB weist. Op en Neits kann sech déi daper Beetebuerger Goalkeeperin der Géignerin an de Wee stellen, an de Schoss vereitelen. Hei hat ee schonn eppes Angscht, mee Beetebuerg huet sech nees gutt aus der Affär gezu kritt. Uschléissend ass et dann och eppes méi gemälleg zougaangen…

No dëser Warnung konnt sech Beetebuerg dann an der 81. Minutt mam 0:2 (Kate Thill) emol op déi „sécher Säit“ stellen, woubäi den Damme vu Beetebuerg, konnt dat „Äntwert net genuch sinn“ an esou huet d‘Kate Thill an der 85. Minutt den drëtte perséinleche Goal geschoss an zuweilen och d‘Spill entscheet. Mat 0:3 geet de Match tëscht dem Progrès an dem SC Beetebuerg op en Enn. Eng Victoire déi sech net direkt ofgezeechent hat, mee ganz wichteg Punkten op Beetebuerg geliwwert huet.

Stëmmen zum Spill

SC Beetebuerg: Natierlech hu mir nom Spill mam Kate Thill geschwat, dat eendeiteg déi bescht Spillerin un Terrain war (ouni d‘Leeschtung vun deenen aneren Dammen hei a Fro ze stellen). „Vun der Aart a Weis wei mir opgetruede sinn, sinn ech haut net esou iwwerzeegt. Sécher mir haten eng laang Paus an et ass normal, datt een en Ament brauch fir nees säi Rhythmus ze fannen. Net ze vergiessen datt mir och ee neie System spillen (3 Verdeedegerinnen an 3 Stiermerinnen = 3-4-3) wat jo och eppes Zäit brauch. D‘Preparatioun war schwiereg well eng Rei Spillerinnen an d‘Vakanz waren. Mee déi zweet Halbzeit huet jo gewisen datt mir et nach kënnen an esou geet eis Victoire och an d‘Rei“.

Progrès Nidderkuer: Op Nidderkuerer Säit stoung ons d‘Amy Thompson (22) Ried an Äntwert. „Wann ee berécksiichtegt, dat mir en neien Trainer hunn, deen eis och eng eppes verännert Spillphilosophie mat op de Wee gëtt, zudeem notéiert, datt mir dräi nei a ganz jonk Spillerinnen (15 Joer jonk sinn se) an déi éischt Ekipp integréieren, jo da sollte mir eigentlech ganz zefridde mat eisem Spill sinn. Mir haten eis Chancen, kruten déi dës Kéier awer nach net ëmgesat. Dofir kann een awer op déi erbruechte Leeschtung opbauen“.

Opstellung vun den Ekippen

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 18 Marie-Amelie Albrand, 9 Sadine Correia, 10 Kimberley Dos Santos, 17 Stessy Musselek, 8, Lea Pizzimenti, 14 Lucia Ruiz, 11 Kate Thill, 6 Sarah Witry, 25 Justine Oswald. Reserven: 88 Amenis Correia, 21 Rita Garcia, 5 Simone Ney, 7 Marta Pires Da Silva, 99 Hanna Thill. Trainer: Yves Block.

Progrès Nidderkuer: 22 Amy Thompson, 15 Sonia Tremont, 6 Isabelle Cuntz, 10 Catarina Teixeira, 11 Maite Machado, 7 Joana Barbosa, 17 Cathy Da Silva, 13 Julia Battisti, 9 Chloé Magalhaes, 3 Delcy Monteiro, 21 Tania Andrale. Reserven: 14 Beatriz Araujo. Trainer: Manuel Ferreira Lopes.

Foto: © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, Progrès Nidderkuer, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel