Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll
Meenung Neiegkeeten

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.

Rekordverdächtege Bilan fir den CHL
Meenung Neiegkeeten

Rekordverdächtege Bilan fir den CHL

Mat der Presentatioun vum Bilan fir d‘Joer 2018 kann sech

D’Police seet: Maacht lues, et gëtt véier nei Radare
Meenung Neiegkeeten

D’Police seet: Maacht lues, et gëtt véier nei Radare

Wéi et vun der Administratioun vun de Ponts & Chaussées

Projet Areta am ale Postgebai: Et muss een den neie Wahnsinn vum Lydie Polfer stoppen!

Projet Areta am ale Postgebai: Et muss een den neie Wahnsinn vum Lydie Polfer stoppen!

D’Lydie Polfer an d’DP bleiwe standhaft an ënnerschreiwen: Andeems si den Direkter vun der Lëtzebuerger Post, de Claude Strasser, encouragéieren dat alt Postgebai dem privaten Immobiliegrupp Areta zur Verfügung ze stellen, fir hei ee „Lifestyle Hotel“, ee „Wellness Zenter“ a Büroen draus ze maachen, weise si op en Neits déi total Onfäegkeet d’Kris vum Logement an der Haaptstad anzedämmen an op associativ a kulturell Besoinen vu sengen Awunner ze äntweren.

Trotzdeem fänkt d’Situatioun u katastrophal ze ginn. D’Immobiliëpräisser an der Stad Lëtzebuerg iwwerschreiden déi vu Paräis. Vu Mount zu Mount weisen d’Logementspräisser en neie Rekord op, joen d’Persoune mat niddregem oder mëttlerem Akommes, an hënneren eis Stad drun diploméiert Jonker unzezéien, déi een eigentlech bräicht.

D’Situatioun ass haut esou, datt souguer europäesch Fonctionnairen sech vum Site zu Lëtzebuerg ewechhalen, wouduerch déi Europäesch Kommissioun hir Agencen op Bréissel geluecht huet. Och Associatiounen an ONG’en an der Stad si confrontéiert mat exorbitante Loyeren fir hir Lokaler a Konferenzsäll.

déi Lénk Stad mécht scho säit November 2019 op dëse Problem opmierksam a fuerdert datt dat alt Postgebai, dat mat Sue vum Steierzueler bezuelt ginn ass, weiderhin dem ëffentlechen Interessi déngt. An dat mat Servicer, bei deenen de Maart incapabel ass ze unzebidden: soziale Wunnraum an/oder Wunnraum fir Studenten, Raimlechkeete fir Associatiounen a kulturell Organismen, Konferenzsäll an Atelieren fir Artisten.

Wärend der Kris vum Logement e Bien Publique enger privater Entreprise zur Verfügung ze stellen fir et hir ze erméiglechen e maximale Profit ze zéien, stellt net nëmmen een Zeechen vun Inkompetenz, mee e wierkleche liberale Wahnsinn duer. Wéi wann d’Léieren vun de Projeten „Royal Hamilius“ a „Ban de Gasperich“ zu näischt gefouert hätten.

déi Lénk Stad fuerdert vun der Stad Lëtzebuerg an dem Postgrupp sech direkt bei dësem Projet, den total onugepasst un d’Besoinen vun de Stater Awunner ass, ëm ze entscheeden.

Mir appelléieren och un de Franz Fayot, deen als Wirtschaftsminister d’Tutelle iwwert d’Post huet, eng zu 100 % ëffentlech Entreprise, Responsabilitéit ze weisen an dat Néidegt ze maachen fir dëse Projet ze stoppen, deen de Contraire vun de sozialen an ekonomeschen Interessie vun der Stad Lëtzebuerg an dem Land duerstellt, doran abegraff och aner Etablissementer, déi schonn haart vun der Covid-Kris gepréift ginn.

Matgedeelt vun déi Lénk Stad

Opmaacherbild: Screenshot Google Maps

Ähnlech Sujeten Aldringer, Areta, déi Lénk Stad, Lifestyle Hotel, Logementskris, Lydie Polfer, Postgebai, Präisexplosioun, Stad Lëtzebuerg, Wellness-Zenter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel