Search

You may also like

Déi gréng – Null Offall Stad Lëtzebuerg: elo!
Neiegkeeten

Déi gréng – Null Offall Stad Lëtzebuerg: elo!

Déi gréng sinn der Opfaassung, datt d’Stad Lëtzebuerg – trotz

money
China wëll Grondrechter fir d‘Salariat unerkennen
Neiegkeeten

China wëll Grondrechter fir d‘Salariat unerkennen

No laange Verhandlungsjoer tëscht de Bréisseler Technokraten an der kommunistescher

dislike
De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht
Neiegkeeten

De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gesäit kee Konflikt bei enger Entrevue

Projet „Participatiivt Wunnen“ an der Stad Lëtzebuerg

Projet „Participatiivt Wunnen“ an der Stad Lëtzebuerg

Dëse Mëttwoch huet de Stater Gemengerot ee fir Lëtzebuerg innovativen a sënnvolle Projet ënnert der Bezeechnung „Groupement d’habitat participatif“ virgestallt. Dat ass u sech eppes wéi eng Baugenosseschaft an dach awer eppes ganz anescht. Bei dësem Projet mussen sech Leit zesummefannen déi bereet sinn ee gemeinsame Liewensprojet an de Grapp ze huelen an dësen och duerchzestoen.

D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) erkläert, datt d’Stad Lëtzebuerg fir dësen éischte Projet zwee Terraine (PAP 2B) bereet hält. Een dervunner ass zu Bouneweg an der Edouard Grenier Strooss, mat enger Fläch vun 4,62 Ar a sollt fir véier bis sechs Logementer gutt sinn. Deen zweeten Terrain ass um Belair op 22 Avenue Grande-Duchesse Charlotte geleeën, a mat enger Fläch vun 5,64 Ar kënnen hei aacht bis néng Wunnenge gebaut ginn.

Fir dat ganzt dann elo och op de Wee ze bréngen a well de Projet kee soll ausschléissen, huet de Schäfferot sech entscheet een „appel à candidature“ fir béid Terrainen ze organiséieren. Seng Kandidatur kënnen interesséiert Gruppen ab dem 12. Juni areechen an dës gëtt deen Dag finaliséiert wou den Acte tëscht der Gemeng an dem selektionéierte Grupp authentifizéiert ass.

D’Modalitéite betreffend den Zouschlag fir een Terrain ginn an engem sougenannten „Cahier des Charges“ festgeluecht. Den Detail heivunner ass disponibel bei den ëffentlechen Informatiounssëtzunge vum 30. Mee an den 12. Juli. Wien dat zäitlech net hikritt kann ab dem 30. Mee d’Konditioune fir matzemaache per e-Mail ënnert habitatparticipatif@vdl.lu ufroen.

Vill Choix, wéineg Gedeessems

Wat dëse Projet vun der Stad Lëtzebuerg besonnesch interessant mécht sinn déi Avantagen déi ee mat sech bréngt. D’Lydie Polfer insistéiert dann och op de Choix deen den Interesséierte gelooss gëtt. D’Grupp huet deemno d’Wiel tëscht dem einfache Kaf vum Terrain oder engem „Bail emphytéotique“ wat bedeit, datt een all Joer 1% vum Wäert deen de Terrain huet während 99 Joer bezillt an duerno d’Grondstéck nees der Gemeng gehéiert.

Domadder ass dann och kloer gestallt, datt den Terrain net Gratis ass an säi Präis sech nom Mëttelwäert vum aktuelle Maart riicht, woubäi de Patrick Goldschmit awer betount, datt dee sech éischter op den ënneschten Niveau ausgeriicht ass. Hie bestätegt dann och, datt dëse Projet sech duerch sëllech Ufroe schonn eppes méi laang duerchduecht gëtt, wat sech och dorunner erkenne léisst, datt munch Informatiounsreess getätegt ginn ass fir eng konkret Virstellung vun dësem Liewensprojet ze kréien.

Wichteg ass, datt een hei net ee fäerdege Produit beim engem Promoteur keeft, wou ee beschtefalls nach dierf wiele wéi eng Plättercher an d’Buedzëmmer dierfe kommen an eventuell op ee seng Maueren och enger anerer Faarf kann hunn wéi am klassesche Wäiss. Nee hei mussen sech Leit eens gi wat se eigentlech wëllen. Do kann am Haus och ee gemeinschaftleche Raum mat ageplangt ginn, fir d’Gréisst vun den eenzele Wunnenge muss tëscht de Leit en Accord fonnt ginn.

Dat a villes méi, mécht dëse Projet grad interessant. Et muss sech eng Grupp bei all Phase eens sinn, wat awer och bedeit, datt een entscheede ka wéi ökologesch d’Haus gëtt an ob Hausdéieren och hire Fräiraum hunn, oder eben net. Et ka vun Ufank un entscheet ginn op een op Autoe wëll zugonschte vu Wunnraum verzichten, e-Mobilitéit a Car-Sharing ass bei dësem Projet och en sënnvoll Iwwerleeung.

Natierlech ass och hei net alles schwaarz oder wäiss a Problemer entstinn ëmmer iergendwéi. Mee eng solidaresch Grupp vu Leit sollt och do d’Vertrauen an d’Solidaritéit net ënnerschätzen. An emol ofgesinn, datt et beim éischten Ulaf net kéint klappen déi richteg Gemeinschaften ze fannen, de Patrick Goldschmit (DP) jiddefalls bestätegt eis dat d’Gemeng ee laangen Otem huet an bereet ass esou laang ze siche, bis sech Leit fonnt hunn déi esou ee Projet stëmme kënnen. Also, avis aux amateurs…

Related topics Lëtzebuerg, Lydie Polfer, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post