Search

You may also like

Ouschterméindeg: Ännerunge beim Service Hygiène
Kultur Neiegkeeten

Ouschterméindeg: Ännerunge beim Service Hygiène

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt um Ouschterméindeg, den 13. Abrëll

Trump als Mann vu Fridde begréisst
Kultur Neiegkeeten

Trump als Mann vu Fridde begréisst

Et war eng kuerz Visite déi den amerikanesche President an

Virtuell Studentefoire 2020: Däin Talent, deng Zukunft, däin Job
Kultur Neiegkeeten

Virtuell Studentefoire 2020: Däin Talent, deng Zukunft, däin Job

Wéi schonn am Juli ugekënnegt wäert déi 34. Editioun vun

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang

Esch bougéiert, an zwar an eng attraktiv, angenehm an artistesch Richtung. Dobäi gesäit de Projet Rout Lëns eng Ëmorientéierung vun der broochléiender Eisenindustrie vir, wouduerch de Minett een nohaltegen, innovativen an virbildleche Quartier fir zukünfteg Generatioune bidde soll. Fir déi 7. Editioun vum Kufa’s Urban Art huet een dräi Lëtzebuerger Artisten ausgewielt, déi d’Stad Esch an engem neie Liicht presentéiere sollen.

Zënter 1977 läit d’Stolindustrie am Süd-Oste vun Esch-Uelzecht stëll. Mat direkter Proximitéit zur franséischer Grenz an der Stad Lëtzebuerg wier et ze bedaueren, een Deel vun der nationaler Geschicht verfalen a verschwannen ze loossen. Déi interessant Fläch vun 10 Hektar huet elo d’Kulturfabrik fir seng 7. Editioun vum Kufa’s Urban Art genotzt, an zesumme mat IKO Real Estate ee Schrëtt zur Ëmgestaltung vun der Stad gewot.

Neit Liewe fir Esch

Säit September 2019 dekoréieren dräi Konschtwierker de Site Rout Lëns: Eng Mauerefresk vum Eric Mangen, eng Installatioun vum Julie Wagener an eng artistesch Bréckeverkleedung vum Sascha Di Giambattista. All eenzele Kënschtler huet dobäi an eegener Aart a Weis d’Transitioun vun dem zukünftege Quartier ausgedréckt an dréit soumat zur Verbesserung vum Stadbild bäi.

Bei der Presentatioun vum Projet huet een dorop higewisen, datt d’Konscht zu enger spezieller Dynamik vum zukünftegen Eko-Quartier bäidréit an esou zukunftsweisend ervir stécht. Mat immenser Begeeschterung fir déi postindustriell Sitte soll esou och an den nächste Joren dat enormt Potential vun der Géigend genotzt ginn an esou dauerhaft fir een attraktiivt Ausgesinn an de gewësse Wuelfillcharakter gesuergt ginn.

Et dréint an dréint an dréint

Am Kader vum Projet Rout Lëns huet den Lëtzebuerger Kënschtler Eric Mangen d’Iddi vun der Beweegung an der Verännerung duerch eng Aart Spiral ausgedréckt. Op gielem Hannergrond schlängelt sech déi geschwonge Linn vu lénks no riets an ännert dobäi seng Faarwen. Och d’Plaz vu sengem Wierk ass intelligent gewielt ginn: Direkt beim Rondpoint, deen a Richtung Frankräich féiert, kënnt d’Iddi vun der Dynamik ëmsou méi eriwwer. Gedanklech gëtt de Spectateur an d’Zukunft geleet, wärend een a Realitéit bei dem nächsten Artist säi Wierk kënnt.

Dem Eisen trei bliwwen

De Sascha Di Giambattista huet den Numm „Rout Lëns“ monumental op d’Zuchbréck iwwerdroen. Mat engem moderne Schrëftzuch gëtt säi Wierk quasi zum Escher Hollywood-Schëld a begréisst vum Foussgänger bis zum Automobilist all Persoun, déi an dësem Quartier passéiert. Dobäi huet d’Wierk net nëmmen een artisteschen, mee och ee symbolesche Wäert.

D’Bréck, déi sech duerch hiert Material an de Rascht perfekt an d’Thematik agliddert, gëllt als fantastesche Support fir d’Typographie, déi selwer duerch d’Komplementärfaarwe Gréng a Rout an d’Ae stécht. Do muss een einfach hikucken a sech mat der Konscht beschäftegen.

Ee Bësch aus Fändelen

Mat zwee verschidden Zorte vu Fändelen huet d’Julie Wagener Vergaangenheet an Zukunft vum Industriesite verbonnen. De Bësch aus 60 Fändele presentéiert op der enger Säit simpel geometresch Formen presentéieren, déi virun allem an de Faarwe Blo, Rosa a Giel gehale sinn. Op der anerer Säit si Persounen ze gesinn, déi a Beweegung sinn. Allerdéngs ass hei weder d’Geschlecht, nach eng bestëmmt Zäit ze erkennen.

Och an der Rue d’Audun ass der Artistin säi Wierk ze gesinn. Mat einfache Gesten kann den Automobilist schnell de Message liesen an erkennt d’Connectioun tëscht der Erënnerung vun den Awunner, zesumme mat den Zukunftsvisiounen.

Een urbaant Konzept fir d’Zukunft

Nieft der Verschwéinerung an der Wäertschätzung vum Quartier gëtt d’Konscht an d’Kultur fir jiddwereen zougänglech gemaach – Demokratisatioun vum ëffentleche Raum also. Vun IKO Real Estate war et dofir de richtege Schrëtt mat artisteschen Interventiounen de Quartier Rout Lëns opzewäerten. Souwuel d’Architektur, wéi och de fräien Espace si berécksiichtegt ginn.

D’Aarbechten um Terrain hunn zwar eréischt ugefaangen. D’Konzeptioun-Ekipp kënnt dem Masterplan ëmmer méi no an esou wäert de Quartier an den nächste Joren ëmmer weider ausgeschafft ginn.

Related topics Eko-Quartier, Eric Mangen, Esch-Uelzecht, IKO Real Estate, Julie Wagener, Konscht, Kulturfabrik, Rout Lëns, Sascha Di Giambattista
Next post Previous post