Search

You may also like

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten
Kultur Neiegkeeten

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten

D‘EU huet aktuell en zolitte Problem mat der Entscheedung vun

Hong Kong: déi politesche Grenze vu der Autonomie
Kultur Neiegkeeten

Hong Kong: déi politesche Grenze vu der Autonomie

Dausende Bierger zu Hong Kong, hunn an der Nuecht op

Ourdaller „Wäissen“ – seng Mammesprooch wier däitsch…
Kultur Neiegkeeten

Ourdaller „Wäissen“ – seng Mammesprooch wier däitsch…

D‘Ourdaller Mikro-Brauerei, déi 2001 am schéinen Naturpark Uewersauer opgeriicht gouf

Projet Zukunftsbësch – Wéi gesäit de Bongert mëttlerweil aus?

Wou am November de sougenannten Zukunftsbësch mat sengen 101 Uebstbeem ageweit ginn ass, huet nach kee mat enger Pandemie gerechent. Aktuell bitt sech d’Wieder perfekt un, fir mam Vëlo oder och zu Fouss d’Natur ze genéissen an de Wee bei de grénge Projet tëscht Bettel a Furen ze woen.

Ufank der Woch huet de Paul Galles, deen zesumme mam Julie d’Initiative geplangt an ausgeschafft huet, sech säin Drotiesel gegraff an huet d’Visitt gewot. E puer Méint sinn an Tëschenzäit vergaangen, ma et huet sech alles super weider entwéckelt.

„E gesäit super aus!“, ënnersträicht de Paul Galles op de soziale Medien. De Weedenschutz wier top an och bei der Plack mat den iwwer 800 Nimm, déi op dëser Plaz veréiwegt gi sinn, huet d’Gemeng sech eng flott afale gelooss. Si gouf an engem Bamstamm agefaasst.

Nodeems fir den 100. Gebuertsdag vum Bopa d’Aktioun mat de Postkaarten organiséiert ginn ass, koum fir den 101. Gebuertsdag de Projet, mat deem allgemeng un eis Grousselteren a Léifst soll geduecht ginn. D’Symbolik vum Bam erkläert sech vum selwen. Ofgerënnt gëtt d’Initiativ duerch d’Uebst, déi vill Faarwen an och de Liewensraum fir aner Aarten.

Ma, a manner wéi engem Mount ass et nees esou wäit an et kann nees mam Bopa gefeiert ginn. Natierlech wäert och do eng kreativ Iddi kommen, déi de Paul eis geschwënn matdeele wëll.

Billergalerie: Sief et als Ausfluch, oder och als sportlech Aktivitéit, de Wee iwwert d’Vëlospist bis bei den Zukunftsbësch lount sech © Paul Galles

Related topics #Zukunftsbësch, Beem, Bettel, Bongert, Bopa, Furen, Gebuertsdag, Paul Galles, Postkaarten, Vëlospist, Visitt
Next post Previous post