Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert

Et ass dem däitsche Museker säin éischten DDR-Optrëtt am Kader

money
Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht
Neiegkeeten

Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht

E Freideg hat de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), der Finanz-

Nogeduecht: Vläicht awer nach eppes Fréi fir d‘Restauranten opzemaachen?
Neiegkeeten

Nogeduecht: Vläicht awer nach eppes Fréi fir d‘Restauranten opzemaachen?

Zanter elo bal 14 Deeg erhéijen d‘Firspriecher vun enger Reouverture

Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck

Um Knuedler hu sech Politiker a Prominenter fir de gudden Zweck hannert d’Théik gestallt

Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
Den Dag virdrun um 7 Auer moies d'Fête de la Musique op der Gare mat ageleed, haut fir de gudden Zweck am Asaz. De Marc Angel zerwéiert bei der Metzlerei "Beim Burg". © Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
Och dëst Joer hu sech nees eng Rei bekannte Gesiichter an Tenue geschmass fir bei der Fondatioun Kriibskrank Kanner ze hëllefen. © Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
© Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
© Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
© Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
E Stater Urgesteen an iwwerall do, wou eng lass ass. All Mënsch nennt déi gutt Fra just "Anni" an hei huet si sech mam neien Europadeputéierten Christophe Hansen ofliichte gelooss. © Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
© Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
Méi lokal geet net! Zanter 30 Joer gëtt et d'Beruffs-Beienziichterei ApisJungels schonn. War ee soss éischter am Raum Dikrech op de Mäert ënnerwee, esou huet de Familljebetrib elo och seng Plaz all Samschdegmoien um Knuedler. © Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
© Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
© Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
© Melvin Hatto/moien.lu
Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck
© Melvin Hatto/moien.lu

E Samschdeg, de 15. Juni huet de Lëtzebuerger Maarteverband (LMV) op seng traditionell “Journée des Notabilités” um Knuedler agelueden. Zuelräich Memberen aus der Politik souwéi deen een oder anere Prominenten hu sech dee Mueren e Schiertech ëmgehaangen an hannert de sëllechen Théiken eng Hand mat ugepaakt. Op den eenzele Stänn konnten d’Leit dann och eppes fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner spenden.

Pünktlech um 9 Auer huet de Reen sech an der Stad verzunn. Der gudder Laun, déi ee bekanntlech soss ëmmer um Maart untrefft, hätt deen awer och näischt gedoen. Et kennt ee sech, et schätzt ee sech an et gëtt matenee gelaacht. De Maart als Plaz vum Zesummekommen – net nëmmen tëscht de Maartleit, ma hei gëtt sech nach Zäit geholl fir de Client ze beroden an e bësse mateneen ze poteren.

Méi lokal geet net! Zanter 30 Joer gëtt et d’Beruffs-Beienziichterei ApisJungels schonn. War ee soss éischter am Raum Dikrech op de Mäert ënnerwee, esou huet de Familljebetrib elo och seng Plaz all Samschdegmoien um Knuedler. © Melvin Hatto/moien.lu

Ma nieft där eenzegaarteger Ambiance vum Maart sinn et selbstverständlech nees vill lokal a frësch Produite ginn. Ob Uebst a Geméis frësch aus dem Gaart, eng gutt Mettwurscht vum Kolleg vum Fleesch, Kéis, Blummen oder Hunneg: alles do, wat Häerz a Mo begiert. Wien dann éischter Gloscht op Schneekereien hat, dee konnt beim Bäcker no Mëtsche fësche goen.

Fondatioun Kriibskrank Kanner

Speziell dann dës Kéier waren déi aus Zeitung an Tëlee bekannte Gesiichter hannert der Théik. Vill Politiker an dat eent oder anert prominent Gesiicht hu sech dëser Aktioun mat méi eeschtem Hannergrond ugeschloss. Zanter 30 Joer gëtt et d’Fondatioun Kriibskrank Kanner, an ob de jeeweilege Stänn stoung beispillsweis eng Këscht, wou d’Leit e klengen Don draleeë konnten.

Och dëst Joer hu sech nees eng Rei bekannte Gesiichter an Tenue geschmass fir bei der Fondatioun Kriibskrank Kanner ze hëllefen. © Melvin Hatto/moien.lu

Schéin ze gesinn, datt esou eng engagéiert a wichteg Fondatioun vun der Politik de Réck gestäipt kritt.

Opmaacherfoto a Galerie: © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Fondatioun Kriibskrank Kanner, Journée des Notabilités, Knuedler, Maart, Wochemaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel