Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrycrying
De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt
Cool Erkläert Stories

De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt

Um Samschdeg haten de Gesondheets- an de Kooperatiounsminister op de

crying
Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen
Cool Erkläert Stories

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen

D’Doudesaffer hunn zu Lëtzebuerg en historesche Minimum erreecht: Et gouf

Bréissel verdächtegt Ryanair géint d‘Konsumenterechter ze verstoussen
Cool Erkläert Stories

Bréissel verdächtegt Ryanair géint d‘Konsumenterechter ze verstoussen

En Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun d‘Autoritéiten, déi sech ëm de Konsumenteschutz

cool

D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, erkläert

D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, erkläert

Eis Sprooch soll nohalteg gestäerkt ginn. Esou vill léisst de Plang vun der Regierung, deen dës Woch virgestallt ginn ass, schonn emol duerchblécken. Zesumme mat de 40 Mesurë, déi schonn am Mäerz presentéiert gi sinn, ass elo de Gesetzprojet prett. Mir hunn eis ugekuckt, wat do alles proposéiert gëtt.

Wat gëtt alles agefouert?

E nationale Präis fir d‘Verdéngschter ronderëm d‘Lëtzebuerger Sprooch

E Kommissär fir d‘Lëtzebuerger Sprooch

En Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch

En nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur

Biergerforen iwwer d‘Lëtzebuerger Sprooch

Wat bréngt de Präis zu de Verdéngschter ronderëm eis Sprooch?

Dee soll dozou bäidroen, fir d’Leit ze encouragéieren, sech vir hir Sprooch an ze setzen. D’Formuléierung weist doropper hin, datt d’Regierung Präisser ka verginn, an dat u Leit aus deene verschiddenste Beräicher. Genannt ginn do Auteuren, Editeuren, Museker a Wëssenschaftler, woubäi dat eng oppe Lëscht ass.

Wat sinn d‘Aufgabe vum Kommissär fir d‘Lëtzebuerger Sprooch?

Hie këmmert sech ëm d‘Ausschaffung an d‘Ëmsetzung vum 20-Joersplang. A säin Aufgabeberäich fällt och, dofir ze suergen, datt et genuch Lëtzebuergesch coursë ginn an e soll Kloen iwwert de Sproochgebrauch an den ëffentleche Servicer nogoen.

Wéi eng Mëttele kritt en zur Verfügung gestallt?

Vun de finanzielle Mëttelen ass nach näischt gewosst. Mee en interministerielle Comité steet him zur Säit.

Wat sinn d‘Aufgabe vum Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch?

Am Zenter soll d‘Sprooch dokumentéiert ginn an Ausstellunge souwéi Konferenzen organiséiert ginn. Den Zenter këmmert sech och ëm den nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur. Donieft soll en verschidde Servicer, wéi zb. Online dictionnairen ubidden. Den LOD soll vum Zenter iwwerholl ginn.

Wat kann een sech ënnert dem Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur virstellen?

Dat ass nach net gewosst. An Däitschland gëtt et esou een Dag fir déi Däitsch Sprooch, déi allerdéngs vun engem Veräin organiséiert gëtt. Op UN-Niveau gëtt et den Day of English Language, deen op den 23. Abrëll, den Dag deen typescherweis als Gebuerts- an Doudesdag vum William Shakespear gëllt, fält.

Wat soll bei de Biergerfore geschéien?

D‘Biergerforen, déi tëscht Fuesend an Ouschteren 2018 solle stattfannen, soll „konstruktiv Virschléi a Suggestiounen“ sammelen. Eng Online -Plattform soll dëst ergänzen. D‘Resultater ginn un de Kommissär weitergereecht, fir datt se an den 20 Joerplang afléisse kënnen.

Wat kënnt dobäi eraus?

Et ass schwéier an ze schätze, wat dës Initiative brénge sollen. Allerdéngs kann ee schonn emol de participative Volet ervir hiewen, schéngt d‘Regierung bei dëser Initiativ net laanscht d‘Bierger schaffen ze wëllen. Vue datt iwwer vill Aspekter (Dag vun der Sprooch, 20-Joerplang) nach net vill Konkretes gewosst ass, kann een dat ganzt als eng „Affaire à suivre“ kategoriséieren.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Erkläert, Lëtzebuerg, Lëtzebuerger Sprooch, Lëtzebuergesch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel