Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du dës Uertschaften?
International Money

Kenns du dës Uertschaften?

Kommt an trëppelt mat eis nees eng Kéier duerch d’Land.

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer
International Money

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer

No der Verhaftung vu sechs Amnesty International (AI) Membere bei

money
Editorial: Maximale Schutz fir Groussgrondbesëtzer?
International Money

Editorial: Maximale Schutz fir Groussgrondbesëtzer?

Dat dës Kris, sech net eleng um Réck vum Salariat

money

Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten

Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten

Am Kader vum Deplacement op New York, wou den Ierfgroussherzog Guillaume an de Finanzminister Pierre Gramegna beim Weltwährungsfong an op der Weltbank empfaange gi sinn, ass dann och d‘Promotioun vun der Finanzplaz Lëtzebuerg gemaach ginn.

Et huet verschidden Entrevue mat Vertrieder vun Entreprisen aus dem Finanzsecteur ginn, déi e ganz interessanten Austausch erméiglecht hunn. Mat Delegéierte vun der Direktioun vum Versécherer „AIG“ ass sech iwwert d‘Expansioun zu Lëtzebuerg am Kontext vum Brexit ënnerhale ginn.

D‘Geleeënheet war och genotzt gi fir „d‘New York Green Bank(NYGB) ze besichen. Hei ass gekuckt ginn, wéi eng Opportunitéiten et kéint ginn, fir déi „gréng“ Finanz béidersäits vum Atlantik ze entwéckelen. Déi „gréng Bank“ déi dem Staat New York gehéiert setzt sech virun allem an erneierbar Energie ze fërderen a mam Privatsecteur no Méiglechkeete sicht d‘Finanzmäert ze veränneren.

Lëtzebuerg

(v.l.n.r.) Jennifer De Nijs, Attachée; Keely Conway, NYGB; Ierfgroussherzog Guillaume; Pierre Gramegna, Finanzminister; Sarah Davidson, NYGB; Alfred Griffin, President vun der NYGB

Den Ierfgroussherzog an de Finanzminister hunn dann nach der Lëtzebuerger Firma „Talkwalker“ d‘Éier erwisen. Déi Firma, spezialiséiert an der Marketinganalyse, hëlleft Entreprisë virun allem besser mat „social Data“ ëmzegoen. Op hirer Plattform kënne Clienten Diskussiounen an Themen an de sozialen Netzwierker monitoren an analyséieren.

Um Dënschdeg hat de Pierre Gramegna dann och nach d‘Éier d‘Erëffnungsried vum Seminaire fir déi Professionell aus der „Fongen-Industrie dierfen ze halen. De Seminaire gouf organiséiert vun der ALFI an der LPEA, zesumme mat „Luxembourg for Finance“ an dem Lëtzebuerger Konsulat.

De Finanzminister huet hei eng Lëtzebuerger Perspektiv zu de Verhandlunge fir de Brexit virgestallt. De Pierre Gramegna huet och den Interessi ënnerstrach, deen déi Lëtzebuerger Finanzplaz un der Entwécklung vun der „grénger Finanz“ an de „FinTech“ huet.

An dësem Zesummenhang ass et wichteg ze bemierken, datt de Finanzminister intensiv Gespréicher mat „start-up“ Entreprisen aus dem FinTech (Finanz Technologien) Secteur gefouert huet. Hei ass am besonneschen iwwer d‘Tendenzen an dësem Beräich gaangen a wat fir eng Roll Lëtzebuerg kéint spillen, fir als „Entrée“ op den europäesche Maart nëtzlech ze sinn.

Foto: Den Ierfgroussherzog Guillaume mam Finanzminister Pierre Gramegna zesumme mat der Equippe vun Talkwalker, New York. © MFIN/SIP

Ähnlech Sujeten Ierfgroussherzog, Lëtzebuerg, New York, Pierre Gramegna, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel