Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?
friends but not dating

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?

Ween sech ameséiere wëll gräift zum Handy. Mol kuckt en

https://moien.lu/things-to-know-before-dating-a-leo/
friends but not dating

under 18 dating law

D’Wierfele sinn also gefall: Lëtzebuerg huet gewielt, a säit wéinegen

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €
friends but not dating

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €

Am Kader vun der Fuerschungsfuerderung vun der Stëftung hunn den

Pro’Oc – D’Magie vum Upcycling an der Nohaltegkeet!

Pro’Oc – D’Magie vum Upcycling an der Nohaltegkeet!

D’Mini-Entreprise vu Pro’Oc huet sech dem Beräich Upcycling zougewandt. Déi schlau Käpp aus dem Lycée Michel Lucius iwwerzeege mat hiren Tote Bags an Turnsäck, déi aus ongenotzte Kleeder bestinn, wouduerch all Kuerf zu engem kreativen an nohaltegen Unikat gëtt!

D’Tendenz zum Upcycling, woubäi al ongenotzten Objeten eng nei Verwendung kréien, wiisst an der haiteger Gesellschaft ëmmer weider. Dësen nohaltegen Trend hunn och d’Schüler aus dem Lycée Michel Lucius vir sech entdeckt, sou datt si elo aler Kleedung een neit Liewen an een aneren Notze schenken. Vir hiren artistesche Projet kréien si d’Kleedungsstécker vu Sammelzentren, Famill a Frënn.

© Pro’Oc

Nohalteg, weeweisend a vun etheschem Wäert!

Nieft dem Aspekt vum Upcycling geet et awer och dorëm, keng Plastikstute méi ze notzen. Déi jonk Entrepreneure vu Pro’Oc hunn an dësem Kader decidéiert der Associatioun OceanCare pro verkaaftem Kuerf 2,50 € ze spenden, wouduerch d’Mierer, sou wéi seng Bewunner an all aneren Individuum nach besser geschützt ka ginn.

Zwee Modeller sinn well schonn am Handel: déi moudesch Sportskierf, déi ee mëttlerweil souwuel um Réck vu Jonk an Al gesäit, sou wéi och déi stylesch „Tote Bags“, déi ee ganz praktesch bei all Alldagssituatioun notze kann. Wien sech een eenzegaartege Kuerf zouleeë well, den kritt d’Auswiel u verschiddene Stoffer: Vun Jeans, iwwert de Stoff vun Hiemer, bis hin zum Lieder kritt een alles gebueden. Jee no Material a Modell variéiert natierlech och de Präis.

Vir 25 € kritt een ee moderne Sportskuerf, woubäi den ënneschten Deel mat Jeans verstäerkt ass. Soll dës Partie am Lieder sinn, sou kascht de Modell 30 €. Een Tote Bag mat Jeans kritt ee fir 40€, mat Lieder ginn et 45 €. Et sollt een heibäi bedenken, datt nieft der Tendenz vum Upcycling och un d’Nohaltegkeet an d’Halbarkeet vun der Wuer geduecht ginn ass. Donieft stécht an all Wierk eng immens Aarbecht a vill Häerz.

© Pro’Oc

Méi zu Pro’Oc

Iwwert ee ganzt Joer ginn d’Klasse vun der 2e Commerce opgefuerdert eng Mini-Entreprise ze grënnen. D’Iddi vun den nohaltege Kierf ass der Direktesch vu Pro’Oc, dem Jessica Duarte komm. Géint den onnéidege Plastikkonsum muss ugekämpft ginn, woubäi een dach besser huet, ee moudeschen eenzegaartege Beidel vu Pro’Oc iwwert Joren ze notzen, wéi Plastikstuten an de Gebrauch ze huelen, déi no eemoleger Notzung och no Joerzéngten nach net ganz zersat sinn an ee schiedlechen Impakt op d’Ëmwelt hunn.

Mat Pro’Oc dréit een net nëmmen ee praktescht a liicht Konschtwierk mat duerch den Alldag, mee och nach ee bessert Gewëssen! Fir weider Detailer sollt een emol op Facebook an Instagram laanscht kucken. Mir fannen op alle Fall, datt dëse Projet nëmmen ze recommandéieren ass an hoffen, datt och no deem enge Schouljoer Pro’Oc viru besteet.

Ähnlech Sujeten Lycée Michel Lucius, Mini-Entreprise, Nohaltegkeet, OceanCare, Pro'Oc, Tote Bags, Upcycling
Nächsten Artikel Virrechten Artikel