Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CodeKlass: „Codéiere léieren an e bessert Verständnis fir dat numerescht entwéckelen“
Auto Neiegkeeten

CodeKlass: „Codéiere léieren an e bessert Verständnis fir dat numerescht entwéckelen“

Lëtzebuerg wëll sech am Digitale behaapten, dem Land eng Virreiderroll

money
Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?
Auto Neiegkeeten

Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?

D‘Experte schéngen sech eens ze sinn: 2019 kënnt et zur

SOAP2GO – Praktesch an hauchdënn Seef fir jiddwereen!
Auto Neiegkeeten

SOAP2GO – Praktesch an hauchdënn Seef fir jiddwereen!

Kreativ jonk Käpp aus dem Lycée Michel Lucius hu sech

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto

D‘Regierung huet neie Subventioune fir de Kaf vun engem Elektro-Auto zougestëmmt

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto

Fir méiglechst séier d‘Dispositioune vum Koalitiounsaccord, am Bezuch op d‘Dekarbonisatioun vum Transport an der Fërderung vun der Elektromobilitéit, ëmzesetzen, huet de Regierungsrot e Freideg engem Projet fir d‘Ausstelle vun engem groussherzogleche Reglement zougestëmmt.

Dëst groussherzoglecht Reglement soll bestëmme wéini an a wellechem Ëmfang, et finanziell Zouschëss fir Gefierer mat „null“ Emissiounen, oder Gefierer mat geréngen Emissioune ka ginn. D‘Reglement heizou soll vum Ëmweltministère erstallt ginn. Et soll also nei „Hëllefe“ gi wann ee sech fir en „Neien“ Entscheet. D‘Primme kënne jee no Modell, tëscht 2.500 a 5.000 Euro leien.

Fir zu 100% elektresch Autoen oder Camionnette gëtt eng eemoleg Primm vu 5.000 € annoncéiert. Fir Gefierer vum Typ „plug-in Hybrid“, déi manner wéi 50g CO²/Km ausstoussen, ginn et nach bis zu 2.500 Euro. Beim Kaf vun engem Vëlo sollen 300 Euro, a fir Motocycletten an/oder Quads bis 125ccm, esou wéi Scooter a Pedelecs si 500 Euro Zouschoss méiglech, wa se 100% elektresch sinn.

Méi Detailer dozou gëtt et ënner:

Ähnlech Sujeten Auto, Camionnette, Elektromobilitéit, Groussherzoglecht Reglement, Regierungsrot, Subventiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel