Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!
https://moien.lu/hook-up-98/ Neiegkeeten

https://moien.lu/greek-dating-sites-london/

De Grand-Duché ka sech freeën! Dëst Joer ass Rout-Wäiss-Blo nämlech

https://moien.lu/confused-dating-quotes/
https://moien.lu/hook-up-98/ Neiegkeeten

Wann s du hei 9 Froe richteg beäntwers, kéints de grad sou gutt Touristeguide an der Stad ginn!

Eis Stad entwéckelt sech ëmmer méi zum Touristemagnéit! Dat läit

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen
https://moien.lu/hook-up-98/ Neiegkeeten

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen

Ugangs Oktober huet eng Lëtzebuerger Delegatioun mat der Gesondheetsministesch eng

Schwéier zesummestéiss bei Protest an Albanien

Zu dausenden hu se an der Haaptstad Tirana de Récktrëtt vum Regierungschef gefuerdert

Schwéier zesummestéiss bei Protest an Albanien

An der albanescher Haaptstad Tirana ass et um Samschdegowend zu heftegen Zesummestéiss tëscht Manifestanten a Police komm. D‘Militante vun der vereenegter Oppositioun haten sech Nomëttes beim Parlamentsgebai versammelt an de Récktrëtt vum Premierminister Edi Rama gefuerdert.

Nodeems aus de Reie vun de Manifestante mat Knallkierper a Molotowcocktailen op d‘Poliziste geschoss ginn ass, koumen d‘Waasserwerfer a Tréinegas an den Asaz. Dorops hin sinn d‘Leit bei den Etat-Major vun der Police „geplënnert“ an hunn do weider gemaach. Och hei ass zum Asaz vu Waasserwerfer an Tréinegas komm, bis d‘Manifestatioun sech dann endlech opgeléist huet.

Albanien

D‘Autoritéiten hu bekannt ginn, datt et zu Verhaftunge komm ass – iwwert d‘Zuel ass nach näischt gewosst – an datt op mannst 12 Poliziste bei den Ausenanersetzunge blesséiert gi sinn. Och ënnert de Manifestante soll et Blesséierter ginn hunn. Zouverlässeg Informatiounen oder Zuele sinn den Ament nach net zougänglech. Wéi d‘Regierung weider virgoe wëll ass och nach net gewosst…

Albanien vun der Korruptioun befreien

Fir den Oppositiounschef Lulzim Basha, deen sech un dausenden Demonstrante gewannt huet, muss de Protest nach weider wuessen an d‘Leit hir Fuerderung méi däitlech zum Ausdrock bréngen. „Mir sinn hei mat enger Missioun: Albanien vu Verbriechen a Korruptioun ze befreien, an Albanien wéi de Rescht vun Europa ze maachen“. An d‘Leit Äntweren: „Mir wëllen en europäescht Albanien!“.

Albanien

De véierten nationale Protest zu Tirana ass um Samschdeg mat heftegen Zesummestéiss mat der Police op en Enn gaangen. © D.Tahiri

Dëse Slogan, dee vun der „Demokratiebeweegung 1990“ – wéi d‘Land sech vum Kommunismus lassgesot huet – agefouert gouf, ass bis haut an de Käpp vun den Albaner hänke bliwwen. A säit Méint hält de Protest un. Et war e Samschdeg schonn déi véiert Groussdemo fir dëst Joer. Grond fir den Dissens: d‘Oppositioun werft der sozialistescher Regierung Wahlbedruch a Korruptioun vir.

Postkommunisteschen Trauma?

Enn Februar haten déi 60 Parlamentarier vun der „demokratescher Partei“ (riets-konservativ) an hir „Frënn“ aus Protest d‘Mandater néiergeluecht. Dat ass e schlecht Virzeeche fir déi am Juni geplangte Kommunalwahlen. Wéi et heescht, wëllen d‘Oppositiounsparteien dës boykottéieren, wat vun der Regierung als „blann Politik“ bezeechent gëtt. Den Ament gëtt et dann och keen Dialog…

Albanien

Fir e bessert Versteesdemech zur Lag an Albanien, ass et wichteg drop hinzeweisen, datt sech d‘Sozialisten an d‘Demokraten, säit dem Zesummebroch vum Kommunismus an den Hoer leien. Esouwuel d‘EU wéi d‘USA hunn de Regime vun Tirana unerkannt, a bedaueren d‘Gewalt, déi dem Usproch vun der Oppositioun, d‘Demokratie an Albanien ze stäerken, widdersprécht.

mat indymedia/mow/vie

Foto: Waasserwerfer an Tréinegas géint Molotowcocktailer © Vincent Triest (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Albanien, Demokraten, Edi Rama, Europa, Korruptioun, Lulzim Basha, Sozialisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel