Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser
En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den
En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den
Den indesche Stolmagnat wëll d‘ArcelorMittal Standuerter Belval, Déifferdeng a Rodange
Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a
Zu Dausenden hunn se um Samschdegowend am Zentrum vu Bukarest géint déi vun de Sozialiste geleete Regierung protestéiert. Si werfen dëser „Inkompetenz“ an „Korruptioun“ vir. Slogane wéi „Néier mat der Regierung“ an „Déif!“ hunn ze de frëndlechste gehéiert…
Interessant un dëser Demonstratioun: si war vun den am Ausland liewende Rumänen initiéiert ginn. Laut dem Noriichteportal hotnews.ro, sollen sech bis zu 25.000 Leit um Protest bedeelegt hunn. Et war viru genee engem Joer, um 10. August 2018 schonn emol zu enger grousse Kundgebung komm an deemools hu Provokateuren ënnert den Demonstrante versicht, d‘Regierungsgebai ze stiermen.
Entspriechend haart haten d‘Sécherheetskräften duerchgegraff an de Bilan um Enn erniichterend: ronn 400 Verletzter bei den Demonstranten, eng 20 op der Säit vun der Police. Erreecht gouf bei dëser Demonstratioun wéineg, d‘Regierung huet sech an der tëscht selwer geschwächt, a gouf bei den EU-Wahlen enstpriechend ofgestrooft. An dat sollt net deen eenzegen Héichpunkt bleiwen.
© Alina Stefanescu (via Twitter)
Esou huet de fréiere PSD-Parteichef Liviu Dragnea, dee vun engem Geriicht wéinst Ustëftung zum Amtsmëssbrauch veruerteelt gi war, onmëttelbar no den Europawahlen seng Prisongsstrof vun 42 Méint missen untrieden. Seng politesch Mandater sinn domatter beendegt…
Besser ass et un der Staatsspëtzt allerdéngs net ginn, zum engen huet sech déi hir EU-Presidence vun engem US-Konzern sponsere gelooss, an zum aneren d‘Dysfonctionnementer net agesinn. An nodeems d‘Regierung och am Fall vun den zwee verschleefte Meedercher (si ware vergewaltegt a ëmbruecht ginn) keng Moossnamen ergraff hat, ass d‘Stëmmung och bei den Unhänger gekippt.
Esou friddlech geet Protest © Tara Skurtu (via Twitter)
Et war bekannt ginn, datt eent vun de Meedercher, dat 15 järegt Alexandra am Juli no senger Entféierung a virun der Ermordung widderholl de Police-Noutruff mam Smartphone ugeruff huet. Hei gëllt als erwisen, datt d‘Autoritéite vill ze spéit an onprofessionell op déi verzweiwelt Appeller reagéiert hunn. De Virfall hat bei der rumänescher Bevëlkerung Bestierzung a Roserei ausgeléist.
mat indymedia/vie
Foto: © Kit Gillet