Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Demissioun vun der britescher Inneministesch bréngt Theresa May an d‘Bredouille
International Neiegkeeten

Demissioun vun der britescher Inneministesch bréngt Theresa May an d‘Bredouille

Um Sonndeg huet d‘Amber Rudd, déi britesch Inneministesch, hir Demissioun

Korea: Déi geféierlechst Kannerspillplaz vun der Welt
International Neiegkeeten

Korea: Déi geféierlechst Kannerspillplaz vun der Welt

Nodeems Pyongyang virun enger Woch den Verbindungsbüro zu Kaesong an

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag
International Neiegkeeten

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag

D’Verhandlungen zum Ofkommes tëschent der EU an de Mercosur-Länner, dat

Protest och am Chile

Hei schéisst d‘Police den Demonstranten opfalend oft an d‘Gesiicht

Protest och am Chile

Chaotesch ass d‘Situatioun net nëmmen a Bolivien. Och am Chile gëtt zanter Woche protestéiert, d‘Leit fuerdere vun der Regierung séier an déifgräifend Reformen. Um Dënschdeg hunn eleng zu Santiago de Chile eng 80.000 Mënschen Demonstréiert.

De Protest géint d‘Regierung berout op méi Sailen: Gefuerdert gi méi héich Mindestléin a -Renten, méi bëlleg Medikamenter an eng nei Verfassung, déi d‘Grondgesetz aus der Ära „Pinochet“ endlech ersetze soll. Bei de Léin, de Renten an de Medikamenter huet de President Sebastian Pinera en Entgéintkomme signaliséiert, eng verfassungsgebend Versammlung gëtt vun de konservative Regierungsparteie refuséiert. Dat ass allerdéngs eng zentral Fuerderung vun den Demonstranten.

ChileAn d‘Onrouen – déi zu zuelräiche Beschiedegungen, Plünderungen, ville Verletzen an esouguer Doudeger gefouert hunn – hunn en direkten Impakt op déi chilenesch Wirtschaft. D‘Währung vu Chile ass en Dënschdeg an d‘Knéie gaangen an huet hiren déifste Wäert zanter 1990 erreecht. Fir 1 Euro konnt ee gëschter iwwer 780 Peso kréien. D‘Police geet massiv géint d‘Demonstrante vir.

Dat chilenescht Vollek ass mam Wirtschaftssystem vu Latäinamerika onzefridden. D‘Leit hu weder Zougang zur Educatioun nach dem Gesondheetswiesen. Vill Mënsche musse mat der Mindestrent vu grad emol 100 Euro „iwwerliewen“. Mee och déi Jonk kommen net méi iwwert d‘Ronnen. Eng Studentin zu Santiago huet erkläert, wa si mat hirem Studium fäerdeg ass, wier si op mindestens 20 Joer verschëlt. Géint dës Fuerderunge setzt déi chilenesch Police Tréinegas a Gummiskugelen an.

Méiglechst e bleiwende Schued uriichten

Bei de ville Verletzungen déi d‘Demonstrante beim Kontakt mat der Police erleide fält op, datt et ongewéinlech vill Aeverletzunge gëtt. Et ass erwisen, datt Polizisten net gezéckt hunn, bei direktem Kontakt mat Demonstranten, dësen Tréinegaskartuschen aus enger Distanz vun 3 bis 5 Meter, voll an d‘Gesiicht ze schéissen. Wéi esou Aktioune sollen zur Berouegung bäidroen ass net gewosst…

Wéineg hëllefräich ass an dësem Kontext d‘Ausso vum President Sebastian Pinero, deen hei just „Eenzelfäll“ gesäit. D‘Verspriechen, datt gewalttäteg Demonstranten a Polizisten zur Rechenschaft gezu gi keeft keen dem Staatschef of. Den iwwerdriwwenen Asaz vun Tréinegas a Schroutkugelen, oft vu Polizisten ouni Identifikatiounsnummer, léisst sech net strofrechtlech verfollegen. Mee et gëtt alles dokumentéiert. Dat zumindest ass d‘Zil vun der „Casa Memoria Jose Domingo Canas“.

ChileSi filmen op den Demonstratiounen a sammele Munitiounsreschter. Esou gëtt dat brutaalt virgoe géint d‘Demonstranten dokumentéiert, Berichter ginn erstallt, déi un déi Vereenten Natiounen (UN) weidergeleet ginn. Och si hu festgestallt datt d‘Police op „Aenhéicht“ schéisst. Si denoncéieren eng brutal Repressioun, déi „systematesch a strukturell“ ass, wëll vun den Autoritéiten toleréiert.

Och Amnesty International mécht der chilenescher Regierung gläichbedeitend Virwërf. Ronn 200 Persoune sinn esou un den Ae verletzt ginn. De Fall vum 21 järege Gustavo Gatica huet fir vill gespréich gesuergt. Deem hat e Polizist mat Schrout an d‘Gesiicht geschoss an zur Stonn maachen d‘Dokteren am Spidol hiert bescht. Seng Frënn hu sech virum Spidol versammelt an ënnerstëtzend Wierder geruff an der Hoffnung hie kéint ze héieren. D‘Police huet si mat Tréinegas verjot…

mat indymedia/ccs

Foto: © Redfish

Ähnlech Sujeten Chile, Gewalt, Protest, Repressioun, Sebastian Pinero
Nächsten Artikel Virrechten Artikel