Search

You may also like

Firwat et nach ëmmer Ticket Automate gëtt
International Stories

Firwat et nach ëmmer Ticket Automate gëtt

Et ass, wann een en Ament driwwer nodenkt u sech

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020
International Stories

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt

CON-VINCE: Tester un asymptomatesche Persounen
International Stories

CON-VINCE: Tester un asymptomatesche Persounen

Den Task Force COVID-19 vun der Initiative Research Luxembourg annoncéiert

Protest vun de „Giele Gileten“ am Frankräich: „War et dat wäert?“

283.000 Manifestanten, een Doudegen an iwwer 200 Verletzter

Protest vun de „Giele Gileten“ am Frankräich: „War et dat wäert?“

Ronn 283.000 „giel Gileten“ hunn e Samschdeg uechter ganz Frankräich géint d‘Erhéijung vun der Tax op Diesel a Bensin, mee och géint de Verloscht vun der Kafkraaft, protestéiert. Alles an allem si eng 2.000 Versammlungen notéiert ginn. Op verschidde Plazen ass et zu Ausenanersetzunge komm.

An de Bilan ass batter: 227 Persounen si Verletzt ginn, ee Mënsch ass verstuerwen. Der leschter Informatioun no, déi de franséischen Inneministère bei der Pressekonferenz ginn huet, si siwe Persounen, dorënner e Polizist, schwéierblesséiert ginn. Um Owend wieren nach op 200 Plazen d‘Stroosse vun de giele Gilete gespaart bliwwen, an op 1.400 Plaze géif nach Manifestéiert.

„Giel Gileten, schwaarz Roserei“, „Jupiter komm nees op d‘Äerd, et ass Misär“: d‘Manifestanten, déi heiansdo e „Message“ op hirem Gilet haten, hunn Autobunnen, Rondpointen a Supermarchéë blockéiert, oder hunn uechtert d‘Land de Peage „opgehuewen“. Nach ëmmer laut dem Ministère, sollen sech un dësem „nationale Mouvement“ 282.710 Persoune bedeelegt hunn.

Wat nennt een „Erfolleg“?

Wann et wuel richteg ass, datt déi giel Gileten net, wei se et eigentlech virhaten, ganz Frankräich zougesat kruten, esou war de ganzen Territoire vun hiren Aktioune betraff. Dat eleng muss een dem Mouvement als „Erfolleg“ zougestoen, och wann déi vill Affer dat eigentlech net zouloossen. De Mouvement deen an de soziale Medie lassgetrëppelt ginn ass, huet eng gewësser Wierkung erziilt.

Frankräich

Net nëmmen déi giel Gileten haten e „Message“ fir d‘Regierung, och eng ganz Partie Automobilisten hunn hir „Roserei“ oppe gewisen. Hei eng Camionnette bei Rennes. Wat de Chauffeur ze soen huet, ass zimlech däitlech. © Damien Meyer/AFP

Interessant och de Constat, datt dëse Mouvement net vun enger politescher Organisatioun, oder de Gewerkschaften op d‘Bee gestallt ginn ass.

Déi sinn elo awer versicht dorausser Kapital ze schloen. Deen éischten, dee sech mat engem Tweet zu Wuert gemellt huet, war de Patron vun der CFDT, Laurent Berger, deen de Macron opgefuerdert huet, ganz séier „Patronat, Gewerkschaften an Associatiounen“ zesummenzeféieren „fir e soziale Pakt vun der ekologescher Konversioun auszeschaffen“.

Eng Nuecht op de Barragen

Manifestanten haten annoncéiert, datt si wëlles hunn d‘Nuecht op hire Barragen ze verbréngen. Am fréien Owend war den Zougang zu verschiddenen Autobunnen, entweder guer net méiglech, oder zumindest „schwiereg“. E vun de Spriecher vum „Mouvement“ sot zu Millau: „Wa mir muer musse weider maachen, da geet et weider. Och e Méindeg geet et weider, wann se et net verstanen hunn“.

Zu Paräis sinn déi „giel Gileten“ iwwert d‘Champs Elysées bis bei den Elysée-Palais getrëppelt. No laangen, ugespaante Stonnen tëscht Manifestanten a Police beim Presidente-Palais – hei sinn Ofspärungen ëmgeworf ginn, an d‘Police huet Tréinegas agesat – hunn sech déi giel Gileten op den Heemwee gemaach. Laut dem Police-Präfekt, Michel Delpuech, ass kengem eppes geschitt.

D‘Valentine, 24 Joer jonk, aus Seine-Saint-Denis erzielt eis firwat et sech e giele Gilet ugedoen huet: „Den Ënnerscheed tëscht mengem Brutto an mengem Netto bedréit 1.000 Euro, dowéinst sinn ech haut hei“. D‘Amandine (35), Assistentin an enger Crèche, leet nach eng drop: „Haut geet ee schaffe fir ze iwwerliewen, net méi fir ze liewen“. Esou definéiert sech „grogne sociale“…

Interpellatiounen a Verhaftungen

Et soll, esou den Inneministère, 117 Interpellatioune ginn hunn, dovunner hunn der 73 zu enger Untersuchungshaft gefouert. An der Savoie, zu Pont-de-Beauvoisin, huet eng Fra, déi hir Duechter bei den Dokter féiere wollt, panikéiert, wéi Rabbelkäpp op hiren Auto geschloen hunn. Si huet Gas ginn, a huet heibäi eng Fra vun 63 Joer Iwwerrannt. Dës Maniff, wéi vill aner, war net ugemellt.

„Ech riichten en Appell vun der Verantwortung un all déi, wou dës Manifestatiounen organiséieren. Si hunn e Message gedroen. Deen ass gehéiert ginn“, esou d‘Deklaratioun vum Inneminister Christophe Castaner. „D‘Regierung deet uecht op dës Mobiliséierung. Mir mussen elo weiderhin d‘Erwaardunge vun de Fransousen äntweren, och a punkto Kafkraaft“.

Frankräich

Zu Quimper, haten sech e sëlleche Rabbelkäpp den giele Gileten ugeschloss. Si waren drop aus sech mat den Autoritéiten unzeleeën. Heibäi goufen zwee Poliziste blesséiert. © Fred Tanneau/AFP

De Minister fir déi ekologesch Transitioun, François de Rugy, huet sengersäits an engem Interview mam „Parisien“ kloergestallt, datt d‘Regierung déi Trajectoire – am Bezuch op déi ekologesch Besteierung – déi si sech virginn huet, bäibehale wäert. Waasser op d‘Mille vum Mouvement, dee mat esou Aussoen éischter „stimuléiert“ gëtt, wéi datt et zur Vernonft kënnt.

Besuergt waren d‘Autoritéite, wéinst dem Bäibehale vu Barragen iwwert d‘Nuecht. „D‘Maniffen, am Dag verstänneg gefouert, sinn um Owend ausgeaart, wéi d‘Rabbelkäpp sech ugeschloss hunn“, bedauert de Richard Lizurey, Generaldirekter vun der Gendarmerie. Hie weist drop hin, datt et zu Ausenanersetzunge komm ass, bei deenen d‘Gendaarme mat Molotowcocktaile beworf goufen.

Den Diesel: en Zeeche vun Aarmut?

An enger Etüd, déi e Samschdeg vun ARGUS verëffentlecht ginn ass, gëtt däitlech, datt an deenen Departementer wou d‘Automobilisten am meeschte mat engem Diesel ënnerwee sinn, och déi Leit liewen, déi am mannste verdéngen. „Den Diesel ass haut en Zeeche vun Aarmut“, esou de Constat vun dëser Institutioun. An dësen Departementer huet och keen d‘Geld fir en „neien“ Diesel…

E Beroder vun der Exekutive, dee net wëll genannt ginn, huet e Samschdegowend zougestanen: „et ass eng Mobiliséierung do, dat léisst sech net dementéieren. (…) mee si hat net den erwaarten Niveau. Dat ass net déi Well déi ee sech erwaart hat, trotz enger grousse mediatescher Begleedung, déi heiansdo iwwerrascht huet“. Provokatioun oder just eng pragmatesch Feststellung?

D‘Politiker vun der Oppositioun, hunn sech beméit aus dem Mouvement Kapital ze schloen. Esou ass de Leader vun „Les Republicains“, Laurent Wauquiez, och op d‘Strooss gaangen, an huet de President Emmanuel Macron opgeruff „ze verstoen a seng Feeler ze korrigéieren“. An Och déi Deputéiert vum „Rassemblement National“ haten sech de giele Gileten ugeschloss.

Gefeelt huet et och net u Vertrieder vun der „France Insoumise“ haten sech de Manifestatiounen ugeschloss. Hire Leader, de Jean-Luc Mélenchon, huet op Twitter „eng Manipulatioun vun den Zuele vun der Bedeelegung kritiséiert“ an eng „Dramatiséierung“ duerch d‘Regierung denoncéiert. Hie war op d‘Place de la Concorde gaangen, mee ouni e giele Gilet unzedoen…

Wéi eng Zukunft fir déi giel Gileten?

Am „Journal du Dimanche“ (JDD), huet de Minister fir territorial Kollektivitéiten, Sébastien Lecornu, gewarnt: „déi wou sech de Mouvement politesch zu eege maache wëllen, d‘Gonscht vun de giele Gileten op sech zéie wëllen, déi wäerten enttäuscht ginn“.

Ugefaangen huet dat ganzt, mat Membere vun der Zivilgesellschaft, déi sech mobiliséiert hunn, fir géint d‘Erhéijung vun de Sprit-Präisser ze protestéieren. Et ass net dobäi bliwwen, an e sëllechen aner Motiver hunn de Mouvement verstäerkt. Et gouf géint déi global Politik vun der Regierung manifestéiert: ze vill an ze héich Steieren, de Verloscht vun der Kafkraaft…

Zum 1. Januar 2019 sollen d‘Steieren op den Diesel ëm 6,5 Eurocent, op de Bensin ëm 2,9 Eurocent pro Liter gehuewe ginn. Den Emmanuel Macron verléiert logescherweis nach emol u Popularitéit. Minus véier Punkten, datt ass laut dem Ifop-Sondage, deen am „Journal du Dimanche“ publizéiert gouf, nach grad emol eng „Zoustëmmung“ vu 25%.

Frankräich

D‘Leticia Leclerq, Mamm vun zwou Kanner an op der Sich no enger Schaff, hat och ee perséinleche Message fir d‘Regierung. Si huet zesumme mat ville giele Gileten, zu Boulou den Zougang zur Autobunn gestéiert. © Raymond Roig/AFP

De Politolog, Jean-Marie Pernot, Fuerscher um Institut fir wirtschaft a sozial Recherchen (IRES) zitt um Sonndegmueren e kuerze Fazit: „D‘Mobiliséierung vun de giele Gileten, ass wat d‘Bedeelegung ubelaangt, e klore Succès. (…) Elo muss een ofwaarden, wat se soss nach alles erfanne wäerten, fir den Drock op d‘Regierung bäizebehalen“.

mam Anne Lec‘hvien an de Regionalbüroe vun der AFP

Foto: Zu Dole, war de Mouvement vun de giele Gileten iwwerraschend grouss. Hei hunn hir Barragen den Effet bruecht, deen si sech virgestallt haten. © Sébastien Bozon/AFP

Related topics ekologesch Transitioun, Frankräich, giel Gileten, Kafkraaft, Steieren
Next post Previous post