Search

You may also like

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll
Neiegkeeten

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll

Mam Slogan „La Santé en Lutte“ huet et ee Sonndeg

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt
Neiegkeeten

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt

Et war een vun dëse Weekender virun der grousser Vakanz,

Refugiéen: Lëtzebuerg geet mam gudde Beispill vir
Neiegkeeten

Refugiéen: Lëtzebuerg geet mam gudde Beispill vir

Entspriechend den Entscheedunge vum europäesche JAI (Justiz an Innenugeleeënheete) am

Protestaktioun géint d‘Schléissung vun der Spuerkeess zu Rëmeleng

Protestaktioun géint d‘Schléissung vun der Spuerkeess zu Rëmeleng

Dëse 27. Mäerz soll d‘Spuerkeess-Agence zu Rëmeleng endgülteg hir Diere verschléissen. Et ass dat eng vun den 11 Agence-Schléissungen déi d‘Direktioun den 12. Februar ugekënnegt huet. Hei awer kann d‘Argument, datt et net genuch „Passage“ géif ginn, net zeréckbehale ginn.

Wéi mir aus der Pressekonferenz vum leschte Freideg zu Réiser gewuer gi sinn, an dat aus dem Mond vum Rëmelenger Buergermeeschter héchstperséinlech, géif nieft den Awunner an de ville Geschäftsleit, och d‘Frontalieren dës Agence zimlech regelméisseg an oft opsichen. De Schratt säitens der BCEE dës Agence ze schléissen, wier grad ewech Geschäftsschiedegend, heescht et.

Fir den Henri Haine, deen op laang Siicht net nëmmen seng Spuerkeess-Filial mee och nach säi fir d‘Bierger wichtege Postbüro soll verléieren, ass dat schlicht an ergräifend inakzeptabel. Mee och de Koalitiounspartner, déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) ass der Meenung, datt dat eng Sauerei ass. Si huet d‘Bierger an d‘Cliente vun der Spuerkeess zu Rëmeleng zur Aktioun opgeruff.

Wann dir ee Client vun dëser Filial sidd, oder iech einfach nëmme wëllt mat de Leit solidariséieren, déi hei riskéieren eng fir si an d‘Stad Rëmeleng wichteg Agence ze verléieren, da kommt w.e.g. muer de Moien um 10.30 Auer op d‘Plaz, an ënnerstëtzt d‘Protestaktioun vun der KPL Rëmeleng. Nëmmen zesumme kann een de politesche „Patron“ derzou brénge Verantwortung ze iwwerhuelen.

D‘Spuerkeess gehéiert zu 100% dem Staat. Den eigentleche „Boss“ heescht Pierre Gramegna an de wierklechen Aktionär ass de Steierzueler, deen dem Finanzminister a gewësser Weis d‘Mandat ginn huet, op seng Interessen an säi „Besëtz“ opzepassen. Deen awer mécht sech et einfach, a behaapt ganz keck, dat hie sech net amëschen dierf an den Direktiounscomité d‘Entscheedungsfräiheet huet.

Elo ass dat glat gelunn, well all d‘Texter déi d‘Gouvernance vun der Spuerkeess regelen, keen esou ee Passus enthalen. Fréier Finanzminister hu wuel bestätegt, sech och esouwäit ewéi méiglech aus der Entscheedungsfreedegkeet vun den zoustännege Gremien erausgehalen ze hunn, sinn awer der Usiicht, datt sech „eraushalen“ net dierf mat „oftriede vun der Verantwortung“ verwiesselt ginn.

Illustratioun: Appell vun der KPL

Related topics Agence-Schléissung, BCEE, Rëmeleng, Spuerkeess
Next post Previous post