Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ugespaante Situatioun an der Strooss vun Hormuz
dating monkey Neiegkeeten

josh and kelsey hook up

Nodeems et zu „Tëschefäll“ an der fir d‘Weltschëfffaart wichteg Strooss

can i hook up 8-ohm speakers to a 4-ohm amplifier
dating monkey Neiegkeeten

Gewalt géint Fraen a Mënscherechter am Fokus vum Regierungsrot

De Summer geet op en Enn, an net nëmmen d’Gemengewahle

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?
dating monkey Neiegkeeten

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?

Gëschter huet den tierkesche President seng „Däitschlandrees“ mat der Aweiung

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger

Bei unhalenden Onroue wéinst der Erhéijung vum Metrosticket si 1.500 Persoune verhaft ginn

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger

Am Kontext vun der Protester an den Onrouen ass et am Chile zu Geräibers a Gewalt komm. 1.500 Persounen si verhaft ginn an op Mannst aacht Mënschen si verstuerwen. An enger ausgeraiberter an a brand gesate Kleederfabrick zu Santiago de Chile, hunn d‘Pompjeeë fënnef Läiche fonnt. Och an zwee Supermarchéë vun der Haaptstad sinn zwou Fraen an ee Mann bei Bränn ëm d‘Liewe komm.

Um Sonndegowend gouf op en neits a ville Groussstied eng Ausgangsspär verhaangen. Nieft der Haaptstad, waren och d‘Stied Antofagasta, Conception, Coquimbo a Valparaiso vun dëser Mesure betraff. Zu Santiago de Chile huet et allerdéngs trotz der Ausgangsspär weider Kundgebunge ginn.

ChileDat et zu dëse Protester an der deels onverständlecher Gewalt komme konnt, huet mat der Deierecht vum Liewen ze dinn. D‘Präiserhéijung vum Metrosticket zu Santiago war d‘Drëps déi d‘Faass zum iwwerlafe bruecht huet. Déi landeswäit Hausse vun de Stroumtariffer ëm déi 10% huet den Onmutt an der Bevëlkerung weider ugefacht. Eng Äntwert fir d‘Vollek huet d‘Regierung bis ewell net fonnt.

Wat d‘Präisser fir Metro ugeet, esou huet de President Sebastian Pinero d‘Erhéijung réckgängeg gemaach, mee dat huet d‘Gemidder net méi berouegt kritt. Um Freidegowend huet de chilenesche President den Ausnamezoustand ausgeruff an d‘Arméi agesat. 9.400 Zaldote sollte fir Rou suergen.

Chile

© Pinera Renuncia (via Twitter)

Laut den Informatioune vun den Autoritéiten ass et a ville Stied zu zesummestéiss komm. Gewalt déi och genotzt gouf fir op mannst 60 Supermarchéen am Land auszeraiberen. Sechs dovunner sinn a Brand gestach ginn, esou d‘Autoritéiten. D‘Police an d‘Arméi hunn Tréinegas a Waasserwerfer agesat. Laut der Staatsanwaltschaft sinn am Kader vun der Protestwell 1.554 Persoune verhaft ginn.

De Generol Javier Iturriaga huet an de Medien d‘Leit opgeruff sech roueg ze verhalen an doheem ze bleiwen. En Appell deen net gehéiert ginn ass. Et ass déi éischte Kéier, nom Enn vun der Pinochet-Diktatur (1990) datt d‘Arméi nees an der chilenescher Haaptstad agesat ginn ass.

mat indymedia/ccs

Foto: © Pinera Renuncia (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Chila, Javier Iturriaga, Protest, Santiago de Chile, Sebastian Pinero
Nächsten Artikel Virrechten Artikel