Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat ee Fest!
https://moien.lu/mormon-hookup-site/ birmingham dating restaurant

jesse kovacs dating kate

Vun der Relève vun der Gard virum Palais, iwwert de

american soldiers online dating
https://moien.lu/mormon-hookup-site/ birmingham dating restaurant

Kalifornien verbrennt am gréisste Feier vu senger Geschicht

Iwwer 14.000 Pompjeeën aus ganz Amerika, an esouguer Australien an

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”
https://moien.lu/mormon-hookup-site/ birmingham dating restaurant

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”

Zanter leschtem Sonndeg ass nees Konscht ënner fräiem Himmel am

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt

Um Méindeg hunn déi iranesch Autoritéiten d‘Manifestanten, déi zanter ëm Donneschdeg géint d‘Regierung op d‘Strooss gi gewarnt. Eng Warnung am Zesummenhang mam Doud vun engem Polizist, dee bei Gewaltausbréch duerch eng Schosswaff ëmkomm ass.

Am ganze sinn et 13 Mënschen déi säit de Protestaktiounen hiert Liewe verluer hunn, dovunner zéng Manifestanten. Säit 2009 hat et am Iran net méi esou een „Opstand“ ginn. De Protest ass vu Machhad – der zweeter Stad am Iran – ausgaangen an huet sech séier uechtert d‘Land verbreet.

Den iranesche President Hassan Rohani, deen nach um Sonndeg zur Rou opgeruff hat, huet um Méindeg däitlech gemaach, datt „dat iranescht Vollek de Kaméidismécher wäert äntweren“. Laut dem Staatschef wier dat souwisou just eng Minoritéit.

Onrouen déi awer dem Milliardär aus dem Wäissen Haus geleeë kommen. Den Donald Trump deen net u frëndleche Bezéiunge mam Iran interesséiert schéngt, gehäit wéi gewinnt Ueleg an d‘Feier. Hien ass dann och iwwerzeegt, datt „d‘Zäit vum Wiessel am Iran ukomm ass“.

Déidlech Opreegung

Um Méindeg, dem fënneften Dag vun de Protester géint d‘Regierung an déi wirtschaftlech Problemer, sinn zu Najafabad (Zentrum) ee Polizist ëmbruecht an dräi weiderer schwéier blesséiert ginn. Als Waffe solle Juegdgewierer benotzt gi sinn, bericht d‘Staatstëlee.

Zwee Manifestante waren um Samschdeg, aacht anerer um Sonndeg a verschiddene Stied ëm d‘Liewe komm, beriichten iranesch Medien. E Papp mat sengem Bouf sollen zu Doroud (Westen) gestuerwe sinn, wéi hiert Gefier vun engem Pompjeeswon – dee vu Manifestante geklaut gi war – erfaasst ginn ass.

Um Méindeg sinn eng Partie „Rädelsführer“ zu Teheran no enger Manifestatioun am Stadzentrum verhaft ginn. Hei solle Slogane géint de Regimm gejaut gi sinn, heescht et an den iranesche Medien. Um Owend wier dann nees Rou an d‘Haaptstad agekéiert, wat awer der massiver Policepresenz geschëlt soll sinn.

Déi Nuecht virdrun, zu Teheran an och an anere Stied, hate Manifestanten ëffentlech Gebaier, reliéis Zentren, Banken, Policegefierer an Dependance vun der Bassidj (islamesch Miliz vum Regimm) ugegraff an deels a Brand gestach. Säit dem Ufank vun den Onroue solle schonn honnerte Persoune verhaft gi sinn.

Näischt geschitt „zoufälleg“

Déi iranesch Autoritéite beschëllegen „gewaltbereet Manifestanten“ an „Konter-Revolutionär Gruppen“ sech mat Waffen ënnert déi friddlech Demonstranten ze mëschen. En Opstand dee vum Ausland géif ausgoen an och vun do gesteiert géif ginn, esou Teheran.

Fir de Sekretär vum ieweschten nationale Sécherheetsrot, Ali Shamkhani kommen déi sëllechen „Hashtags“ a „Messagen zu der Situatioun am Iran aus den USA, Groussbritannien a Saudiarabien. (…) Wat do an de sozialen Netzwierker zu der Lag am Iran ofleeft, ass ee Krich op Vollmacht géint dat iranescht Vollek“.

An obwuel d‘Autoritéiten d‘Messagerien Telegramm an Instagram fir d‘Handye blockéiert hunn, well déi genotzt gi fir sech ze versammelen, huelen d‘Manifestatiounen net of. Et geet een dovunner aus, datt et de gréisste „Opstand“ ass, zanter dem Protest 2009, wou de konservative President Mahmoud Ahmadinejad erëmgewielt gouf.

Den Hassan Rohani veruerteelt dann och „déi Minoritéit u Rabbelkäpp“, a verséchert sech de Suerge vum Vollek wëllen unzehuelen. Hei besonnesch de Chômage. Protestéiert ginn ass och fir de Pouvoir. Unhänger vum Regimm hunn hir „Zoustëmmung“ zu Rasht, Zanjan, Ahzaz an Takestan bekräftegt.

Wann den Opschwong ze laang brauch

Ze bedenken ass, datt den Hassan Rohani am Mee 2017 fir en zweet Mandat gewielt ginn ass, an de President et dem Iran erméiglecht huet der Isolatioun ze entfléien. Mat him konnte vill Sanktiounen opgehuewe ginn, déi a Verbindung mam Nuklearprogramm vum Land stoungen.

Eng Konsequenz vun der Ënnerschrëft 2015 ënnert en historeschen Accord mat de Groussmuechten. D‘Iraner hunn sech dorausser eng Verbesserung vun der wirtschaftlecher Situatioun erhofft. Verbesserungen déi villen ze laang brauche fir se och ze „erliewen“.

Fir de Begrënner vum „Europa-Iran Business Forum“ Esfandyar Batmanghelidj eng kloer Erklärung: „Dat wat d‘Iraner op d‘Strooss dreift, sinn déi sëlleche wirtschaftlech Problemer. De Frust géintiwwer dem Chômage an d‘Zukunft vun de Kanner sinn déi gréisst“.

An den Expert gëtt dann och dem iranesche President d‘Schold. Seng Austeritéitsmesuren, wéi d‘Kierzung vum Sozialbudget, mee och d‘Deierecht vun de Pëtrolsproduite (Diesel & Bensin) géif d‘Leit beonrouegen an op d‘Strooss dreiwen.

Oppasse muss, wie mam Feier spillt

Datt d‘Onrouen am Iran besonnesch dem Donald Trump – a sécherlech och sengen arabeschen Alliéierten – entgéint kommen, zemools den US-President och den Accord am Iran a Fro stellt, beweist en Tweet. „Dat grousst iranescht Vollek gëtt säit Joren ënnerdréckt. D‘Vollek huet Honger a wëll fräi sinn (…) et gëtt Zäit datt sech eppes ännert“.

Vum russeschen Ausseministère ass matgedeelt ginn, datt et sech „hei ëm eng intern iranesch Ugeleeënheet handelt. (…) All Agrëff vu bausse kann nëmmen zum Zweck hunn, d‘Land ze destabiliséieren. Dat ass onzoulässeg“.

Zu Bréissel ass een am Moment och besuergt an et hofft een „dat d‘Recht ze Manifestéiere garantéiert bleift“. En Appell un d‘USA a Groussbritannien: „diplomatesch de Ball flaach ze halen“ huet d‘EU-Ausseministesch Frederica Mogherini dann allerdéngs net gemaach.

Fir de briteschen Ausseminister Boris Johnson, dee bestätegt huet, datt Groussbritannien d‘Entwécklung am Iran mat grousser Opmierksamkeet verfollegt, gëtt et nëmmen ee Wee: „Et muss eng seriö Debatt ginn, zu de wichtegen a legitimme Froe, déi vun der Manifestanten opgeworf gi sinn“.

mam Siavosh Ghazi/AFP

Foto: Iraner um Sonndeg zu Teheran bei enger Manifestatioun fir de Regimm. © Hamed Malekpour/Tasnim News/AFP

Ähnlech Sujeten EU, Hassan Rohani, Iran, Saudiarabien, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel