Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?
International Neiegkeeten

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?

Eigentlech wollt de franséische President schonn déi lescht Woch seng

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht
International Neiegkeeten

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht

En Donneschdeg huet déi mexikanesch Regierung d‘Chance, fir d‘Migranten aus

6 kreativ Käpp -1 Iddi: The Brips ass gebuer!
International Neiegkeeten

6 kreativ Käpp -1 Iddi: The Brips ass gebuer!

Do muss een emol drop kommen! Nieft der innovativer Iddi

Nees massiv Festname bei de Protester zu Minsk

Déi 5. Sonndesdemonstratioun an der wäissrussescher Haaptstad bréngt 150.000 Regierungskritiker zesummen

Nees massiv Festname bei de Protester zu Minsk

Dem sougenannte „Marsch vun den Helden“ sollen sech – esouwäit déi offiziell Zuelen – 150.000 Mënschen ugeschloss hunn. Dëse Marsch war ënnert anerem der Oppositiounspolitikerin Maria Kolesnikowa gewidmet ginn, déi d‘lescht Woch vum Grenzschutz ënner nach ëmmer net wierklech verständlechen Ëmstänn verhaft ginn ass. 400 Persounen si gëschter zu Minsk verhaft ginn.

Wéinst Bedeelegung un enger net erlaabter Manifestatioun an dem droe vun onerlaabte Symboler wieren eng 400 Persoune verhaft ginn, esou de wäissrusseschen Inneministère um Sonndegowend. Protester huet och an de Stied Witebsk a Grodno ginn. Iwwer Verhaftungen an dëse Stied ass zur Stonn nach näischt gewosst. D‘droe vum wäiss-rout-wäisse Fändel gëtt als Provokatioun gesinn.

Den nationale Fändel ass zum Worzeeche vun der Demokratiebewegung ginn an den Alexander Lukaschenko kann sech den Ament nach just op d‘Police an d‘Arméi verloossen. Déi haten sech dann och mat engem Groussopgebuet zu Minsk néiergelooss. Fir Kommunikatioun tëscht den Demonstranten ze stéieren, gouf de mobillen Internet wäitleefeg ofgeschalt. Mee net nëmmen…

Metrosstatioune waren zougemaach ginn, Ënnerféierungen deels ganz blockéiert an d‘Plaz vun der Onofhängegkeet war vun de Sécherheetskräften ëmstallt a mat Metallgitter ofgespaart ginn. Beim Palais vun der Republik goufen d‘Metallgitter mat Stacheldrot zousätzlech geséchert. An de villen Niewestroosse waren Transporter zum Transport vun de Gefaangenen a weider Polizisten ofgestallt.

Bei der fënnefter Groussdemonstratioun zanter den ëmstriddene Wahle vum 9. August, huet Minsk enger Festung geglach. D‘Wahlen, vun deenen auszegoen ass, datt si manipuléiert goufen, ginn net unerkannt, net am Land an och net vun der Europäescher Unioun. An dDéi huet schonns Sanktioune géint eng Rei Persounen aus dem Entourage vum leschten europäeschen Diktator verhaangen.

Den Alexander Lukaschenko huet sengersäits d‘Spëtzt vu sengem Sécherheetsapparat ausgetosch, a verlaangt vu senge Leit ee méi en haart Duerchgräifen. Déi meescht EU-Staats a Regierungscheffe sinn net begeeschtert iwwert d‘Entwécklung, an hoffen op eng séier Léisung. Déi kann et awer wuel nëmmen da ginn, wann de President vu Wäissrussland zerécktrëtt. Duerno gesäit et nach net aus…

mat indymedia/lon

Foto: De Sécherheetskräften ass et egal wien se pake kréien. Si hunn Uerder nees Rou hierzestellen. © Franak Viacorka (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Alexander Lukaschenko, Diktatur, Maria Kolesnikowa, Revolutioun, Wäissrussland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel