Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venedeg gesinn a stierwen?
Neiegkeeten

Venedeg gesinn a stierwen?

Risegt Croisièresschëff knuppt a Touristeboot a géint de Quai. Eng

surprise
Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée
Neiegkeeten

Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée

Säit dräi Méint ginn d‘Sondage fir de franséische President an

The Tame and the Wild an der Brasserie K116
Neiegkeeten

The Tame and the Wild an der Brasserie K116

Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Februar

Wann d‘Auslänner hire Protokoll net bezuelen

Wann d‘Auslänner hire Protokoll net bezuelen

Leschten Erkenntnisser no, hunn d‘Autoritéiten net d‘Méiglechkeet de „Gäscht“ déi hire Protokoll fir falsch parken net bezuelen, den „Dicks ze béien“. Woubäi, mat eppes Gléck geet ëmmer nees deen een oder aneren an d‘Fal…

Et wier nu emol net einfach, esou de Minister fir Bannesécherheet an d‘Ministesch vun der Justiz. De Recouvrement vun de Protokoller fir falsch Parke klappt am Land esouwäit ganz gutt, mee et wier net esou einfach fir d‘Autoritéiten, wann et sech beim „Delinquent“ ëm een am Ausland ugemellte Gefier handelt. Et ass dann och net esou, datt een et net géif versichen.

De François Bausch an d‘Sam Tanson hunn dann och gemeinsam bestätegt, datt et net méiglech ass eppes iwwert d‘Identitéit vum Besëtzer vum inkriminéierte Gefier gewuer ze ginn. Dat ass dem Fait geschëlt, datt beim grenziwwerschreidenden Echange am Kontext vun der Verkéierssécherheet, net virgesinn ass Daten auszetausche wann et sech ëm „Falsch Parken“ handelt.

Et gëtt net vill Optiounen, mee et gëtt der…

Wann een esou eng Ausso héiert, da kéint ee bal mengen, datt d‘Auslänner eppes wéi ee Fräibréif fir falsch Parken ausgestallt kruten. Deem ass beileiwen net esou, well och wann et komplizéiert ass, esou gëtt et nach eng Rei Optiounen. Déi si wuel alleguerten eppes ëmständlech a Gléck muss een och nach hunn, mee et soll net heeschen datt jiddereen onbestrooft dervu kënnt.

Esou heescht et säitens de Minister, datt wann e Chauffer kontrolléiert gëtt, a sech sollt erginn datt dësen deen een oder aneren „Parkticket“ opstoen huet, da gëtt entweder bezuelt oder d‘Gefier agehalen. Wéi oft genee dat – also dat den Auto abehale ginn ass – geschitt ass, dozou gëtt et awer dann och nees keng Zuelen, wat de Schluss zouléisst, datt dat net oft geschitt.

E weidere Problem betrëfft d‘Betribsween déi vun de Radare geblëtzt ginn. Wann et u sech juristesch virgesinn, datt d‘Autoritéiten sech hei grenziwwerschreidend austausche kënnen, esou ass dat awer an der Praxis éischter net ëmzesetzen.

Eigentlech sollten déi lokal Autoritéiten déi Automobilisten identifizéieren déi Punkten ofgezunn, oder géint déi e Fuerverbuet ausgeschwat ginn ass. Si sollten de legale Vertrieder vun der Entreprise ermëttelen deen dann de Protokoll ze bezuelen huet. Bei eisen Noperen ass et scho komplizéiert genuch, mee wann dat „Ausland“ nach méi wäit ewech ass…

Foto: Wéi wier et dann heimat? Zimmlech präiswäert an der Hierstellung an et sollt ee an deenen allermeeschte Fäll un d‘Sue vum Protokoll kommen. Gutt bei de feste Radaren hëlleft et net, mee et wier schonn emol en Ufank. A fir „d‘Lassschrauwen“ kann ee jo och nach eng Tax erhiewen… (Envato)

Ähnlech Sujeten Ausland, falsch Parken, François Bausch, net bezuelt, Protokoll, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel