Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli
https://moien.lu/top-australian-hookup-sites/

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli

Vill Tierken haten um Samschdeg déi gutt – oder manner

dating sites by popularity
https://moien.lu/top-australian-hookup-sites/

dating limoges marks

Vergaangene Weekend hunn zu Veianen am Kulturzentrum Larei nees Tätowéier-Maschinne

Les Amies de Gambie: Dem Leed eppes entgéint setzen
https://moien.lu/top-australian-hookup-sites/

Les Amies de Gambie: Dem Leed eppes entgéint setzen

Zanter 2002 leet d‘Sia Jongeneel d‘Asbl „Les Amis de Gambie“

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit

Et gëtt scho laang keng psychiatresch Institutioune méi, déi vun héije Maueren ëmgi waren, fir déi „Geckeg“ vun de Baussewelt ofzeschiermen. Och déi „geschlossen“ Eenheeten an de Spidäler, hu fir déi meescht ausgesuergt.

Mam Projet „De Park“ am CHNP (Neuropsychiatrescht Spidol) dee gëschter zu Ettelbréck ageweit ginn ass, gëtt sech Lëtzebuerg e weidert Instrument, fir d‘Psychiatrie nach eppes méi Human ze gestalten.

Geschlosse Strukturen si keng Léisung

Den Ausgangspunkt fir dëse Projet berout op enger Feststellung, déi scho virun zwee Joerzéngte gemaach gouf: „Mënsche mat engem mentalen Defizit sollten net an engem psychiatresche Spidol betreit ginn“.

Elo hat een deemools wuel d‘Erkenntnis, net awer d‘Léisung parat. Et huet schlicht an ergräifend keng Strukture ginn, déi Mënsche mat Verhalensstéierungen oder psychiatresche Pathologien, esou hätten encadréiere kënnen, wéi se et eigentlech verdéngt hätten. Mee et hat een zumindest de Problem erkannt, an et konnt ee sech mat der Léisung beschäftegen.

Datt et seng Zäit gebraucht huet, fir esouwuel de Projet a sech auszeschaffen, mee och d‘Struktur opzeriichten, ass net vun der Hand ze weisen. Mee mat „De Park“, deen aus insgesamt 11 Pavillone – 5 neier a 6 déi am Begrëff sinn renovéiert ze ginn – ass een der Léisung e grousse Schratt méi no komm. De Projet huet seng Plaz dann och der Mëtt vum Park erhalen, wat och de Numm erkläert.

Et muss nach e bëssi geschafft ginn

D‘Struktur, bei där d‘Aarbechten nach net ofgeschloss sinn, ass e Mëttwoch awer schonn emol feierlech ageweit ginn. Mat derbäi: d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP), d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP), ass soss vill politesch Intervenanten aus der Regioun.

Wann d‘Aarbechten emol bis ganz ofgeschloss sinn, gëtt et am „De Park“ 92 Plazen am Dagesfoyer an nach emol eng 100 individuell Kummeren, vun deenen der 18 de jonken Erwuessene virbehale sinn. De ganze Projet weist sech finanziell vu senger beschter Säit. Laut Familljeministère konnt alles zum Präis vu 26,5 Millioune realiséiert ginn.

Maximal autonom

Lydia Mutsch ass an hirer Ried op d‘Autonomie vun de Patienten agaangen: „Et war wichteg en Uert ze schafen, wou d‘Begleedung an déi individuell Behandlung, de spezifesche Besoine vun de Leit ugepasst ass. Patienten deenen hiert Liewen sech net soll an engem psychiatresche Spidol ofspillen, an deenen eng maximal Autonomie muss erméiglecht ginn“.

Am „De Park“ gëtt sech op déi sozio-pedagogesch Begleedung agestallt. An de President vum CHNP-Verwaltungsrot, Dr. Michel Nathan ënnersträicht: „D‘Infrastrukture mussen sech de spezifesche Besoine vun de Patienten upassen an net ëmgekéiert“.

Dat verlaangt allerdéngs, datt een d‘Besoine vun de Betraffene kennt, iert een esou e Projet kann ausschaffen. Laut de Verantwortleche vum CHNP, huet d‘Konzept sech bewisen, esou datt et nach just un den Infrastrukture gefeelt huet. Déi sinn elo do, modern an den Ufuerderungen ugepasst.

Integratioun an d‘Alldagsliewen

Fir d‘Familljeministesch Corinne Cahen ass et wichteg, datt den Handicap keng Barrière méi fir d‘Organisatioun vum Alldag duerstellt. Si begréisst, datt de Projet sech am grénge befënnt, an net wäit vum Stadzentrum geleeën ass.

Esou ginn d‘Patienten an d‘Liewe vun der Gemeng integréiert. Si kënnen sech awer, wann et hinnen duerno ass, hei am Park „zréckzéien“, deen och fir de Public zougänglech ass. Et kann ee sech also „begéinen“ um richtege Liewen deelhuelen.

„Dëse Projet ass en Uert wou d‘Kapassitéiten an d‘Autonomie vun all eenzelen ervirgehuewe ginn, a wou den Handicap zweetrangeg gëtt“, esou d‘Corinne Cahen.

D‘Ministesch stellt fest, datt d‘Zil vum „De Park“ doranner besteet, de Patienten eng méiglechst grouss Autonomie ze erméiglechen. En Zil dat mëttels sozial Therapien, ergotherapeutesch Rehabilitatioun oder physiotherapeuteschen Aktivitéite soll erreecht ginn.

Foto: (v.l.n.r.) Jean-Paul Schaaf (CSV), Buergermeeschter vun Ettelbréck; Jean Feith, CHNP; Corinne Cahen (DP), Familljeministesch; Lydia Mutsch (LSAP), Gesondheetsministesch; Claude Turmes (déi gréng), Staatssekretär am Infrastrukturministère. © sip/MFAMIGR

Ähnlech Sujeten CHNP, Corinne Cahen, De Park, Ettelbréck, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel