Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!
Neiegkeeten

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!

Eng vun den Haaptaktivitéite vun natur&ëmwelt ass de Schutz vun

Neit Mënscherecht: Eng gesond natierlech Ëmwelt
Neiegkeeten

Neit Mënscherecht: Eng gesond natierlech Ëmwelt

An engem oppene Bréif un de Generalsekretär vun de Vereenten

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!
Neiegkeeten

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!

Nodeems a leschter Zäit ëmmer nees d’Konzentratioun u Bloalge kritesch

Public Forum zum Journalismus: Ureegend Diskussioun, vill oppe Froen

Public Forum zum Journalismus: Ureegend Diskussioun, vill oppe Froen

Enges muss een dem Forum bei hirer Diskussiounsronn gëschter loossen: Si kruten de Sall gutt gefëllt. Net nëmme waren all hir Invitéeë komm, ma et haten och soss genuch Leit hire Wee an d‘Rotonde fonnt. Dorënner waren och soss vill Journaliste, wat beim Thema net iwwerrascht. Dofir ass dann d’Diskussioun, déi ganzer dräi Stonnen dauere sollt, riicht duerch interessant bliwwen a gouf vu villen ënnerschiddleche Stëmmen a Siichtweise gepreegt. Hei e puer Andréck.

Den Titel huet d’Richtung virginn: „Welche Zukunft für den Journalismus?” An d’Fro ass breet opgegraff ginn, vun der Relevanz hin zum Wandel vun der Medielandschaft an der Finanzéierung gouf am Fong bal alles ugeschwat. Datt de Journalisten virun allem d’Finanzéierungsfro interesséiert huet, war net méi wéi logesch, war dach eréischt lescht Woch iwwert deen Thema en Debat an der Chamber.

Et gouf ënnert anerem dovunner geschwat, datt déi klenger Medien, wéi d’Wochenzeitung Woxx wesentlech manner Ënnerstëtzung vum Staat géif kréien, wéi déi zwou grouss Dageszeitungen, wéi de Richard Graf vun der Wox erkläert. Och wier déi nei Online-Hëllef fir klenger Zeitungen net realistesch a betruecht ze huelen. De Claude Karger, Chefredakter beim Lëtzebuerger Journal, gesäit beispillsweis net, wéi dat bei hinnen ze realiséiere wier. Dat läit och dorunner, datt d’Inhalter fir de Web mussen anescht Sinn, wéi déi an der Zeitung a gläich zwee Vollzäit Journalisten sech missten dorëmmer këmmeren. Dëst war dann och ee vun deenen Aspekter, déi an der Diskussioun an d’A gefaasst gi sinn: Ween soll eigentlech vun dëser Online-Pressehëllef profitéieren. Eng Fro, déi leider oppe bliwwen ass.

Selbstkritik gouf och geübt. Et géif u Bildungs- a Fortbildungsméiglechkeete maangelen. Dobäi wieren d’Entwécklungen an der Medielandschaft vun esou enger Geschwindegkeet, datt eng konstant Forbildung ëmmer méi néideg ginn ass.

Gruef tëscht de Generatiounen

Eppes, wat nëmme kuerz um Plang stoung war d’Fro, wéi een déi jonk Generatioun erreeche kéint. Dës géif mat Printmedien näischt méi ufänke kënnen an och Websäiten géifen hinnen zimlech egal sinn. De Sven Clement, deen als Medie-Beroder invitéiert war, huet hei beschriwwen, datt d’Noriichten vun där Zilgrupp haaptsächlech aus dem Frëndeskrees géife kommen an iwwert d’sozial Netzwierker Verbreedung géife fannen. Dobäi géif ee Gefor lafen, eng Filter-Bubble bezéiungsweis Echokammer ze schafe, wou just nach Meenungen a Berichterstattung existéieren, déi an déi eege Konzeptioune erapasse géifen.

Woumat d’Diskussioun schnell eriwwer op Fake-News gewiesselt huet. Eens sinn se sech all, dat hei och an der Schoul muss ugesat ginn, fir datt déi Jugendlech eng gewësse Mediekompetenz géife kréien. Do ass dovunner geschwat ginn, datt een bei Brexit a Co. jo gesinn hätt, wéi dat ausgoe kéint. Dorobber huet allerdéngs d’Ines Kurschat vum Lëtzbuerger Land gemengt, datt dat virun allem un der eelerer Generatioun louch. Déi jonk hätte sech wesentlech méi staark pro-europäesch ausgedréckt.

Da war do nach den Aspekt Glafwierdegkeet: Dee kéint nëmmen duerch eng héich Qualitéit erreecht ginn. Dat géif bedeiten, datt een och zu senge Feeler steet an des korrigéiert. Ma eng Qualitéitskontroll ass schwéier, wa Mediekritik vu bausse kaum méiglech wier. Mee am Zäitalter vu Fake-News wier des Glafwierdegkeet ee vun de wichtegste Rezepter, wat d‘Iwwerliewe vun der Presselandschaft zu Lëtzebuerg ugeet.

Ähnlech Sujeten Journalismus, Lëtzebuerg, Pressehëllef
Nächsten Artikel Virrechten Artikel