Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schiedlech Kuelenindustrie: D’Pensiounskeess investéiert an d’Verschmotzung vun eiser Otemloft
International Kultur Neiegkeeten

Schiedlech Kuelenindustrie: D’Pensiounskeess investéiert an d’Verschmotzung vun eiser Otemloft

Net nëmme sinn d’Kuelekraaftwierker de Klimakiller schlecht hin, mee si

Wafferou fir Libyen (mat Analys)
International Kultur Neiegkeeten

Wafferou fir Libyen (mat Analys)

No Zéie Verhandlungen, hunn sech zu Genève d‘Vertrieder vun de

USA: Schéisserei an der Synagog zu Poway
International Kultur Neiegkeeten

USA: Schéisserei an der Synagog zu Poway

Zu Poway (Kalifornien) enger amerikanescher Klengstad bei San Diego, ass

007-Atmosphär am Militärfliger A400M: Pure Desmond suergt fir Begeeschterung!

007-Atmosphär am Militärfliger A400M: Pure Desmond suergt fir Begeeschterung!

Datt een e Militärfliger net nëmme fir Missioune vun der Arméi, mee och als Aart kleng Philharmonie notze kann, beweist de Grupp Pure Desmond mat sengem jéngste Projet. Am Airbus A400M vum däitsche Lufttransportgeschwader hunn dës Häre sech musikalesch ausgelieft an ënnert anerem d’Lidd „You Only Live Twice“ aus dem 007-Klassiker vun 1967 performt.

D’Pazifisten ënnert eis wäerte beim Ubléck vun esou engem Militärfliger wuel kee freedegt Häerzklappe kréien. An och elo, wou Lëtzebuerg no laangem Hin an Hir säi militäresche Koloss vum selwechten Typ um Findel empfaangen huet, ginn d’Meenungen ausernaner. Ze héich Käschten, en immense Verbrauch u Keroseng, an da gëtt déi Maschinn och nach vum Militär genotzt. Ma, den Jazz-Grupp Pure Desmond huet dem A400M elo e positiven Hauch geschenkt. Dohannert stécht e ganz besonnesche Projet!

„Mir wollten d’James-Bond-Atmosphär opgräifen“

Am Interview mam Lorenz Hargassner, deen am präisgekréinte Quartett den Alt-Saxophon spillt, huet hien e spannenden Abléck an de Projet an d’Erausfuerderunge ginn. Um 13. November dëst Joer kënnt nämlech hiren Album „Pure Desmond Plays James Bond Songs“ eraus, bei deem déi bekanntste Stécker an Titel-Songs vun de Filmer ëm den MI6-Geheimagent nei interpretéiert ginn.

Eleng d’Musek opzegräifen, geet de Museker awer net duer. Si wollten an den Originalkulissen spillen. Esou duerfte si beispillsweis an de Schwäizer Alpen ophuelen, wou „Am Geheimdéngscht vu Ärer Majestéit“ gedréit ginn ass.

Wëll et awer net ëmmer esou einfach ob déi spezifesch Dréiplaz ze kommen, huet een den Action-Film-Charakter och anescht opgegraff. Esou ass et dem Jazz-Quartett gelongen d’Geneemegung ze kréien, fir am A400M vum Lufttransportgeschwade 62 zu Wunstorf (Däitschland) spillen ze dierfen. En Abléck dozou fannt Dir am Vlog #21:

Wärend et fir déi däitsch Arméi eng gutt Reklamm ass fir nei Kandidaten ze rekrutéieren, huet den Optrëtt bei de Museker fir e speziellt, deelweis och mulmescht Gefill gesuergt. No diverse Sécherheetskontrollen a speziellen Oplagen koum schonn déi nächst Erausfuerderung: Fir Stroum ze hunn, muss de Militärfliger u sinn. Dat bréngt awer een haart Eegegeräisch mat sech, wat bei den Opname gesteiert hätt. Iwwert e Generator – dësen huet natierlech och Kaméidi gemaach, d’Geräischer konnt een awer spéider op e Minimum reduzéieren – gouf schliisslech de Stroum vu Baussen geliwwert.

An jo, d’Stécker sinn wierklech am Fliger opgeholl ginn. Laut dem Lorenz Hargassner soll de Klang dréchen an ouni Hall sinn. Ma, dat huet een herno ugepasst, wat awer och bei normale Studio-Opnamen typesch wier. Do wäre mir awer scho bei der nächster Erausfuerderung: All Kuliss bitt en anere Klang. Fir den Disk muss en eenheetleche Klang fonnt ginn.

Der kënschtlerescher Iddi méi Ausdrock schenken

Dem Jazz-Grupp ëm de Lorenz Hargassner (Altsaxophon), Johann Weiss (Gittar), Christian Flohr (Kontrabass) a Sebastian Deufel (Batterie) ass et wichteg ze betounen, datt hei keng Stellung zum Militär ergraff, mee just d’Kuliss als artistescht Mëttel genotzt gëtt, fir esou de Lidder méi Ausdrock ze ginn.

Schliisslech sinn den David Niven, Sean Connery an Daniel Craig och net onbedéngt pro-Militär, just well si eng Roll verkierperen, déi ëm Verfolgungsjuegden, Explosiounen a Schéissereien net ronderëm kënnt.

No iwwer 15 Joer Bestoen huet Pure Desmond eng originell, kreativ a spannend Erausfuerderung op sech geholl, déi all Museks-Fan wuel gäre matverfollegt. Haut den Owend ginn am Kader vu Late Summer Jazz um ARTE 2 nei Videoen vun der Jazz-James-Bond-Rei presentéiert. Aschalte sollt Dir dofir um 19:00 Auer.

Pure Desmond© Pure Desmond

Jeeweils um éischten Donneschdeg am November an Dezember kënnt e weidere Video eraus, um 13. November wéi gesot d’CD mat uschléissender Tour, sou fern d’Pandemie et zouléisst. Ma, op d’Fro ob et dann och eng DVD wäert ginn, huet de Museker misse schmunzelen. Eigentlech hat een dat net geplangt, an awer mierkt een, datt d’Nofro immens grouss ass. Vläicht kënnt jo an Zukunft eppes no – mir géifen eis op alle Fall freeën!

Pure Desmond presentéiert op YouTube déi fäerdeg Wierker, wéi och Ablécker hannert d’Kulissen. Dës weidere fannt Dir de Grupp op de soziale Medien an op Spotify.

Opmaacherbild: Opnam aus dem Video “You Only Live Twice”, wou d’Museker vu Pure Desmond am Militärfliger A400M gespillt hunn.

Ähnlech Sujeten 007, A400M, Dréiplazen, Geheimagent, James Bond, Jazz-Quartett, Lufttransportgeschwade, Militärfliger, Pure Desmond, Pure Desmond Plays James Bond Songs, Wunstorf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel