Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 13. Oktober
how to start a dating business online Neiegkeeten

dating turkish girl reddit

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

dating restaurants singapore
how to start a dating business online Neiegkeeten

International Animatioun um Escher Street Festival

Ausgangs leschter Woch hat Stad Esch/Alzette bei guddem Wierder an

Dossier SPAL: Huet den Henri Kox geflunkert?
how to start a dating business online Neiegkeeten

Dossier SPAL: Huet den Henri Kox geflunkert?

Am Dossier ëm de Christian Schleck, President vun der Gewerkschaft

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter

Um Donneschdeg huet de Vladimir Putin den Uerder erausginn, op der Plaz d‘Auteure vun engem Attentat, déi Polizisten a Gefor bréngen, op der Plaz ze liquidéieren. Dat als Reaktioun op en terroristeschen Ugrëff zu St. Petersburg a mat Bléck op d‘Dschihadisten déi aus Syrien zréckkommen.

D‘Explosioun vun engem Sprengsaz an engem Schléissfach an engem Supermarché vun der zweetgréisster Stad a Russland, hat um Mëttwoch 14 Mënsche verletzt. D‘Enquêteure hunn eng formell Prozedur fir „versichte Mord“ ageleet, an de russesche President huet de Virfall als terroristeschen Akt bezeechent.

Bei enger Zeremonie am Kreml fir Zaldoten, déi un der Interventioun a Syrien bedeelegt waren, huet de Staatschef bekannt ginn, de Spezialdéngschter vum FSB den Uerder ginn ze hunn: „Bei Verhaftungen am Kader vum Gesetz ze handelen, mee bei Bedreeung fir d‘Liewen oder d‘Gesondheet kuerze Prozess ze maachen an d‘Täter op der Plaz ze liquidéieren“.

Dem President säi Spriecher, Dmitri Peskov, huet géintiwwer der Press preziséiert, datt dësen Uerder sech just op déi Leit bezitt „déi sech op en Attentat am Land virbereeden“. Russland ass dann och verschiddentlech vum Islamesche Staat (IS) a vun Al-Qaida bedreet ginn, well si am September 2015 a Syrien militäresch intervenéiert sinn.

Wéi de Vladimir Putin Mëtt-Dezember annoncéiert hat, datt en Deel vun den Truppen aus Syrien ofgezu ginn, hunn d‘Sécherheetsdéngschter hir Bedenken zum Ausdrock bruecht, datt eng ganz Rei Dschihadisten nees aus Syrien an dem Irak zréck wäerte kommen, elo wou den IS méi oder wéineger seng ganz Gebidder nees verluer huet.

Eng ganz reell Gefor

Laut dem Alexandre Bortnikov, Direkter vum FSB, hätten sech op d‘mannst 4.500 russesch Bierger den Terroristen ugeschloss gehat. De gréissten Deel u Kämpfer déi den IS ënnerstëtzt hunn, kommen aus den onstabille moslemesch gepräägte Kaukasus-Republiken. Zu deene mussen nach ee puer Dausend Kämpfer aus Zentralasien gezielt ginn. An déi hunn eng grouss Diaspora a Russland.

De Vladimir Putin huet dann och nach ënnerstrach, datt d‘Interventioun a Syrien et erlaabt huet „dausenden Dschihadisten“ ze ermuerksen, déi hätte kënnen zréckkommen, gutt ausgebilt a virbereet. Hien huet d‘Erfolleger vum russeschen Asaz héich gehalen, déi en entscheedende Bäitrag bei der Zerstéierung vu enger krimineller Muecht geleescht hunn.

Elo léisen déi triumphal Deklaratioune vun der russescher Arméi bei der internationaler Koalitioun – ënnert der Leedung vun den USA – kee „Freedefeier“ aus. Hei ass een éischter genervt, woubäi de Russen och nach de Virworf gemaach gëtt, si hätten sech méi op d‘Rebelle konzentréiert, wéi datt se sech den Dschihadisten ugeholl hunn.

Russland awer ass am Wahlkampfmodus fir d‘Presidentielle vum 18. Mäerz. Zudeem empfänkt déi russesch Federatioun tëscht dem 14. Juni an dem 15. Juli d‘Fussball-Weltmeeschterschaft. Eng Weltmeeschterschaft déi bis ewell schonn e puer mol d‘Zil vun Uschléi ginn ass. D‘Attentat vu St. Petersburg ass dat bis ewell lescht an dësem Kontext.

Op der sich no den Hannermänner

An engem Communiqué deen an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg verëffentlecht ginn ass, huet den nationalen Antiterror-Comité (NAK) preziséiert, datt déi artisanal Bomm – mat enger Sprengwierkung vun 200G TNT – an der Consigne vun engem fréiere Kino, elo e Supermarché, explodéiert ass.

D‘Enquêteure géifen elo alles dru setze fir den Auteur vum Attentat ze faassen, wéi och d‘Hannermänner vun der Dot ausfënneg ze maachen. De lokalen Informatiounssite fontanka.ru huet dann och um Donneschdeg d‘Biller vun der Iwwerwaachungskamera verëffentlecht. Hei ass e Mann mat enger Kaputz an engem schwéiere Rucksak ze erkennen, deen d‘Plaz duerno ouni de Rucksak verléisst.

Schonn um 3. Abrëll war St. Petersburg d‘Zil vun engem Uschlag. Deemools war de Sprengkierper am Metro explodéiert. 15 Mënschen haten hei hir d‘Liewe verluer, Dosende goufe blesséiert. Revendiquéiert hat den Uschlag e wéineg bekannte Grupp dee sech zu Al-Qaida bekennt. Den Auteur, Akbarjon Djalilov, 22 Joer jonk koum aus dem Kirgisistan (Zentralasien) an ass beim Uschlag verstuerwen.

Mëtt-Dezember haten déi russesch Sécherheetsdéngschter bekannt ginn, eng IS-Zell mat hëllef vun Informatiounen déi hinne vum CIA zougeschoustert gi waren, ausenaner geholl ze hunn. D‘Terroristen hätte fir de 16. Dezember en Attentat zu St. Petersburg virbereet. D‘Zil wier déi touristesch Attraktioun, d‘Kathedral vu „Notre-Dame-de-Kazan“, gewiescht.

mam Maria Panina an dem Marina Koreneva/AFP

Foto: De russesche President bei der Zeremonie fir d‘Zaldote vun der Interventiounsgrupp a Syrien. Hien huet hei bestätegt, datt mat den Terroriste kuerze Prozess soll gemaach ginn. © Kirill Kudryavtsev/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Attentat, islamesche Staat, St. Petersburg, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel