Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi granzegst Kaz vum Internet „Grumpy Cat“ ass dout!
International Neiegkeeten online dating blog uk

dating gamers discord

Trotz béisem Bléck huet dës Kaz Milliounen Internet-User zum Grinse

Mossul: Apokalyptesch Visiounen
International Neiegkeeten online dating blog uk

Mossul: Apokalyptesch Visiounen

Zerstéiert Gebaier, Ruinen a verloosse Gässele wou d’Läiche vun den

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken
International Neiegkeeten online dating blog uk

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken

Bei der Virstellung vum Bilan 2018 vum de Stater Hygiènesdéngscht

surprise

Putin an Erdogan wëllen d’Zesummenaarbecht bei der Energie verstäerken

Putin an Erdogan wëllen d’Zesummenaarbecht bei der Energie verstäerken

De russesche President Vladimir Putin an säin tierkeschen Homolog, Recep Tayyip Erdogan, hunn en Dënschdeg e Megaprojet vun Atomkraaftwierk lancéiert. Moskau huet bei dëser Geleeënheet der Tierkei verséchert d‘Liwwerung vun S-400 Rakéiten ze beschleunegen.

Et sinn dat alles wichteg „Symboler“ vum „Rapprochement“ vu béide Länner, um Virowend vun entscheedende Gespréicher zu Syrien. „Mir erliewen en historesche Moment“, sot den tierkesche President bei der Zeremonie vum Lancement vum Atomkraaftwierk Akkuyu zu Ankara. Dat soll an der Regioun Mersin vun der russescher „Rosatom“ gebaut ginn.

Béid Staatscheffen, déi virun engem gudde Joer eng enk Relatioun geknäppt hunn, hunn sech am Uschloss un d‘Zeremonie zeréckgezunn, fir e Gespréich ënner véier Aen. Hei soll sech am Hibléck op de klenge Sommet mam Iran, iwwer Syrien ënnerhale gi sinn. Nom Gespréich jiddefalls, huet de Putin bestätegt, datt Russland sech beganne wäert d‘Loftofwierrakéitesystem S-400 ze liwweren.

„Mir hunn d‘Realisatioun vum Vertrag vum Loftofwierrakéitesystem S-400 beschwat, an hei d‘Entscheedung getraff dëse Verdeedegungssystem esou séier wéi méiglech ze liwweren“, huet de russesche President bei der gemeinsamer Pressekonferenz deklaréiert.

Hie kann et kaum erwaarden

De Recep Tayyip Erdogan huet d‘Entscheedung, déi schonn am September 2017 ugekënnegt ginn ass, verdeedegt. De Kaf vum russesche Loftofwierrakéitesystem S-400 hat vir zolidd Kritik säitens den Alliéierte vun der Tierkei gefouert. Ëmmerhin ass d‘Tierkei e NATO-Member, an d‘S-400 ass net kompatibel mat de Verdeedegungssystemer vun der Allianz.

Eng Usiicht déi den tierkesche President net stéiert well: „Wat d‘S-400 betrëfft, esou ass dat eng Entscheedung vun der Tierkei (…) Mir hunn en Accord fonnt wat de Loftofwierrakéitesystem S-400 ugeet. Den Dossier hu mir zougemaach, et gëtt näischt méi dozou ze soen“.

Mam Bléck op déi grouss diplomatesch Kris mam Westen, déi duerch e Gëftuschlag op e fréiere russesche Spioun zu Salisbury ausgeléist ginn ass, muss e bemierken, datt de russesche President besonnesch häerzlech empfaange ginn ass. Hien hat dee Punkt och kuerz ugeschwat, woubäi hien zouversiichtlech war, datt d‘Reunioun vun der OPWC Liicht an de Virfall brénge kéint.

De russesche Staatschef, fir deen et déi éischt Auslandsrees ass, zanter datt hien erëmgewielt gouf, war vun enger Päerdseskort bis an de Presidente-Palais begleet ginn. De Bau vum Atomkraaftwierk vun Akkuyu, deen 20 Milliarden US-Dollar kaschte soll, an deem säin éischte Reakter 2023 operationell soll sinn, gëllt als Symbol vun der russesch-tierkescher Frëndschaft.

mam Maria Panina an dem Gokan Gunes/AFP

Foto: De Vladimir Putin (l) an de Recep Tayyip Erdogan (r) ginn sech sichtlech zefridden d‘Hand, nodeems de Bau vun engem Atomkraaftwierk lancéiert ginn ass, an d‘Tierkei d‘Zouso erhalen huet, d‘Loftofwierrakéitesystem S-400 vu Russland zäitno geliwwert ze kréien. © Adem Altan/AFP

Ähnlech Sujeten Atomkraaft, Recep Tayyip Erdogan, Russland, Tierkei, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel