Search

You may also like

Ee Vaccin fir Chrëschtdag? (Analys)
International Neiegkeeten

Ee Vaccin fir Chrëschtdag? (Analys)

Bréissel huet sech vertraglech 300 Milliounen Impfdose bei de pharmazeuteschen

Drogesucht a Pandemie…
International Neiegkeeten

Drogesucht a Pandemie…

Et heescht, datt Drogekonsumenten um Rand vun der Gesellschaft liewen.

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen
International Neiegkeeten

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen

An der Nuecht huet Donald Trump am Kongress säi Budgetsentworf

Pyongyang ass genervt

Pyongyang ass genervt

Nordkorea wëll sämtlech Kommunikatiounsverbindungen zum Süden ofschneiden. Dës Moossnam, déi och d‘Verbindungen tëscht de Regierungen an de Militärsträitkräfte betrëfft, soll schonn haut an d‘Dot ëmgesat ginn.

Déi ganz Propagandaaktioune vun Aktivisten an nordkoreanesche Flüchtlinge ginn dem Kim Jong-Un eigentlech schonn ëmmer zolidd op de Nerv, elo schéngt d‘Mooss voll ze sinn. Bei der leschter Aktioun, haten „Aktivisten“, eng hallef Millioun Fluchblieder mat Kritik um nordkoreanesche Regime, mëttels Ballonen iwwert d‘Grenz geschéckt. Dës Kommunikatioun ass allerdéngs net nei.

Wat Lautsprecher net leeschte kënnen, dat soll den „Nordwand“ iwwerhuelen, an d‘Message bis déif an dat nordkoreanescht Hannerland bréngen. Fir de Kim Jong-Un ass dat ee verréiderescht an duerchdriwwent Verhalen. Pyongyang huet dann och scho widderholl Seoul gewarnt, datt esou eppes net ouni Konsequenze bleiwe kann. Pyongyang wëll och Verbindungsbüro zoumaachen.

Dat ass eppes wouropper Seoul elo net wierklech verzichte wëll. Den totale „Communication Breakdown“ ass net am Sënn vum südkoreanesche Verdeedegungsministère. Dësen huet dann elo en Appell un d‘Aktiviste geriicht, an deem dës „gebuede“ ginn, dach wann ech gelift hir Fluchblat-Aktiounen anzestellen. Verhënneren awer wäerten d‘Autoritéiten dës Aktiounen och weiderhin net.

Et schéngt dem Kim Jong-Un allerdéngs eescht. Schonn um haidegen Dënschdeg fir Mëtteg (Lokalzäit) soll de Stecker gezunn, respektiv d‘Leitungen zu Südkorea ofgeschnidde ginn. Trëtt dëse Fall an, musse Südkorea a seng Schutzmuecht USA nei Kommunikatiounsweeër fannen.

Eigentlech bleift do just den Ëmwee iwwer Peking, woubäi China an d‘USA den Ament och net gutt openaner ze sprieche sinn… Un den Aktioune vun den „Aktivisten“ géif dat natierlech näischt änneren. Vill Experte streiden sech dann och iwwert den Notze vun dëse Fluchblat-Aktiounen. D‘Nordkoreaner ginn – fir déi allermeescht – dës Propaganda ëmmer un d‘Autoritéite weider.

mat indymedia/sel

Illustratioun: © Denny Muller / unsplash

Related topics Fluchblieder, Kommunikatioun, Nordkorea, Propaganda, Südkorea
Next post Previous post