Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – de Weltdag vum Waasser
International Neiegkeeten

What the Fakt – de Weltdag vum Waasser

Et geet viru mat den Aktiounsdeeg, déi ronderëm d’Thema Natur

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt
International Neiegkeeten

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt

Ëmmer wann s e mengt, datt Nintendo eng schlicht fuerchtbar

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!
International Neiegkeeten

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!

Et gëtt vill iwwert Literatur ze wëssen. A kee kann

Pyongyang: De klenge Sommet

De President vu China zu Besuch beim nordkoreaneschen Diktator

Pyongyang: De klenge Sommet

An der nordkoreanescher Haaptstad gesinn sech de chinesesche President, Xi Jinping an de Papp vun der Natioun, Kim Jong-un a bei de Gespréicher soll et an éischter Linn ëm den Atomprogramm goen, mat deem de „béise Jong vu Pyongyang“ d‘Amerikaner veriergert an d‘Welt an Otem hält.

De Besuch vum Xi Jinping, ass deen éischte vun engem chinesesche President an de leschte 14 Joer a fir vill Experten, eng vun de leschter Chancen nees „Beweegung an d‘Gespréicher mat den USA“ ze bréngen. Déi sinn zanter dem „Chill-Out“ vun Hanoi souzesoen op Äis geluecht ginn. An de Kim Jong-un huet virun e puer Wochen dann och déi éischt nei Rakéitentester selwer iwwerwaacht.

Wéi et heescht, soll dëse klenge Sommet den Zweck erfëllen, eng diplomatesch Strategie ze fannen, mat där nees Verhandlunge mat den USA kënnen erméiglecht ginn. Net einfach wann ee weess, datt am Kontext vun der nei ausgeriichter US-Aussepolitik, weder en Accord nach e Wuert beim Donald Trump Wäertbestänneg ass. Et gëtt bei dësem Sommet awer och ëm wirtschaftlech Interessen.

Enn Juni fënnt bekanntlech de G20-Sommet zu Osaka a Japan statt. Hei sollten sech de Milliardär an de Chef-Kommunist iwwer den unhalenden Handelskrich ënnerhalen, an do kann et kee Feeler sinn, mat „gudde Kaarten an der Hand“ unzereesen. Woubäi dat eigentlech beim US-President net wierklech eng Roll spillt. Dee konzentréiert sech op de Wahlkampf, net op Wirtschaftsbezéiungen.

mat indymedia/tpe/sel

Foto: © Xinhua

Ähnlech Sujeten China, Kim Jong-Un, Nordkorea, Sommet, Xi Jinping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel