Search

You may also like

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland
International Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland

Leschten Donneschdeg sinn d’Membere vum drëtte Kontingent vun der Lëtzebuerger

Wëll Déieren an Nout kënnen nees empfaange ginn
International Neiegkeeten

Wëll Déieren an Nout kënnen nees empfaange ginn

Ab dem 1. Mee 2020 ass den Accueil vun Déieren

Naked ass Valium a Film-Form
International Neiegkeeten

Naked ass Valium a Film-Form

Naked ass esou en onbemierkenswäerte Film, datt all Wuert driwwer

Pyongyang versteet et Akzenter ze setzen

Fir de 75. Gebuertsdag vun der Aarbechterpartei haten sech d‘Nordkoreaner eng afale gelooss

Pyongyang versteet et Akzenter ze setzen

Mat enger grousser Militärparad – matten an der Nuecht – zu Pyongyang, ass de Gebuertsdag vun der Aarbechterpartei zelebréiert ginn. De Chef vum Betrib, Kim Jong-un, huet a senger Ried eng nawell ongewéinlech Ausso gemaach.

Et war däischter Nuecht an der nordkoreanescher Haaptstad, wéi d‘Militärparad stattfonnt huet an. Op der Staatstëlee KCTV ware dausenden Zaldoten ze gesinn: bewaffent Eenheeten an gepanzert Gefierer… Observateure ginn dovunner aus, datt et sech dobäi ëm eng Opzeechnung handelt déi an der Nuecht zum Samschdeg gemaach ginn ass. Bis dohinner ass nach alles esouwäit „normal“.

An du koum de Kim Jong-un, senges Zeechen Diktator a Fan vum Donald Trump. Hien huet sech – et ass esou onwarscheinlech datt et kaum néierzeschreiwen ass – a senger Ried bei senge Landsleit fir d‘Liewensverhältnisser an Nordkorea entschëllegt. Hie géif sech schummen, dat enormt Vertraue vun der Bevëlkerung net sengem Wäert entspriechend gewierdegt ze hunn. Abee Merd Alors!

„Méi Beméiungen an d‘Higab waren net ausräichend, fir eis Vollek aus senge schwieregen Zäiten erauszeféieren“, esou de „Béise Jong“ vu Pyongyang. Et war natierlech kee Scholdageständnes, déi entfält op déi international Sanktiounen, Naturkatastrophen an de Coronavirus. Mee et kann een hei scho behaapten, datt de Kim Jong-un hei en „emotionalen“ Androck gemaach huet.

Un der Parad hunn dann och emol nees, fir d‘éischt zanter 2018, wou hie sech mam US-President déi éischte Kéier getraff hat, Gefierer mat ballistesche Laangstreckerakéiten deelgeholl. An esou huet de Kim nieft Entschëllegung dem Vollek och ee Verspriechen zum beschte ginn: Hie géif elo d‘Verdeedegungskraaft weider ausbauen… Dat wäert net ze bessere Liewenskonditioune féieren.

Interessant och nach d‘Feststellung, datt weder Zaldoten nach déi bestallte Statisten, déi d‘Roll vun „Vollek“ gespillt hunn, Maske gedroen hunn. De Grond dofir fënnt sech och nees an der Ried vum Kim Jong-un erëm. An dëser huet hie festgehalen, datt sech ewell nach keen eenzege Bierger an Nordkorea mam Covid19 ugestach huet. Och dat verständlech, d‘Grenze sinn hermetesch zou.

mat indymedia/sel

Foto: © KCTV

Related topics Aarbechterpartei, Jubiläum, Militärparad, Nordkorea, Pyongyang
Next post Previous post