Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament
International Neiegkeeten

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée

Chaos an Onkloerheet herrsche bei der Fleegeversécherung, esou d’Oppositioun
International Neiegkeeten

Chaos an Onkloerheet herrsche bei der Fleegeversécherung, esou d’Oppositioun

D’Reform vun der Fleegeversécherung beschäftegt d’Politik weider. Nodeem d’adr an

Ëmstrukturéierung vum RGTR-Reseau: Gëtt elo alles besser?
International Neiegkeeten

Ëmstrukturéierung vum RGTR-Reseau: Gëtt elo alles besser?

Haut de Mueren huet de Verkéiersminister François Bausch, a Presenz

Qatar: Si schaffe fir d‘Fussballweltmeeschterschaft, ginn awer net bezuelt

Qatar: Si schaffe fir d‘Fussballweltmeeschterschaft, ginn awer net bezuelt

Aus engem neie Rapport vun der ONG Amnesty International geet ervir, datt Gaaschtaarbechter déi am Qatar op de Chantiere vun der Fussballweltmeeschterschaft beschäftegt ginn, zanter Méint kee Loun méi erhalen hunn. D‘FIFA huet – wéi gewinnt – näischt domatter ze dinn, also kee Problem.

D‘Mënscherechtsorganisatioun behaapt datt d‘Gaaschtaarbechter aus Indien, dem Nepal an de Philippinnen, vun hirem Patron, der Mercury MENA, nach Lounréckstänn an héicht vu 1.700 Euro ze kréien hunn. Eng Zomm déi eis „geréng“ erschénge kann, mee fir déi Betraffen zéng Méint Pai bedeit. Net ze vergiessen, datt d‘Aarbechter net einfach esou kënnegen dierfen.

Amnesty International behaapt sech drop, datt doduerch ganz Liewe ruinéiert goufen. Dofir gëtt et Appell un d‘Regierung vum Qatar gemaach a gefuerdert, datt si d‘Paie vun den Aarbechter soll virstrecken. Et géif dësem Land zudeem gutt zu Gesiicht stoen, dëse Geste ze maachen, an der Welt ze weisen, datt si et och verdéngt hunn dës Fussballweltmeeschterschaft auszedroen.

Firwat fir eppes bezuelen, wat ee sech huele kann

„An deem si dofir suergen datt d‘Aarbechter hire Loun erhalen, kann de Qatar weisen, datt hien et eescht mengt, wa behaapt gëtt et wier ee beméit d‘Aarbechtskonditioune vun de Salariéeën op de Chantiere vun der Fussballweltmeeschterschaft ze verbesseren“, esou de Steve Cockburn, Direkter fir weltlech Froe bei Amnesty International.

Amnesty International huet säi Rapport ausgestallt, nodeems 78 Aarbechter vu Mercury MENA befrot gi waren. Et schéngt allerdéngs erwisen, datt honnerte Gaaschtaarbechter vun dësem Problem betraff sinn. D‘Entreprise huet am Februar 2016 opgehalen d‘Paien ze iwwerweisen, an dat iwwert e Joer ewech knëppelhaart duerchgezunn.

Dozou kënnt den onséilege System „kafala“ genannt. Domatter kënnen d‘Entreprisen net nëmmen den Aarbechter verbidden de Patron ze wiesselen, mee carrement verbidden d‘Land ze verloossen. Et kann een et dann och dréine wéi e wëll, mee egal aus wéi engem Bléckwénkel ee et betruecht, hei kann a muss ee vu Sklaverei schwätzen. Eng Versklavung déi vun der FIFA matgedroe gëtt.

FIFA: wann ee kee Gewëssen huet, muss een och keng Verantwortung iwwerhuelen

A wann sech d‘Regierung vum Qatar nach esou „beméit“ d‘Konditioune vun den Aarbechter ze verbesseren, notamment duerch eng schrëttweis Ofschafung vun der Kafala, dann ass ee nach wäit vun enger Léisung ewech. Laut Amnesty International, si mëttlerweil Aarbechter autoriséiert ginn d‘Land ze verloossen, mee dat op eege Käschten an net zum „gënschtegen“ Tarif.

Ee vun hinnen, den Ernesto vun de Philippinnen. De Viraarbechter vun enger Blechschléier-Equipe huet iwwer véier Méint kee Loun erhalen. Elo huet hie méi Scholden, wéi en dat hat iert hien sech vu falsche Verspriechen ulackele gelooss huet. Nepalesen, déi och keng Pai kruten, hu mëttlerweil hir Kanner vun der Schoul missen huelen, well se d‘Beiträg net bezuele kënnen.

Mir wollte vu Mercury MENA wësse wat si zu den Uschëllegungen ze soen hunn. Do schéngt den Drock vun der internationaler Communautéit awer schonn ukomm ze sinn. Op e-Mails gëtt et keng Äntwert, den Telefon hieft kee méi op, an och hir Internetpresenz schéngt „ënnerbrach“. D‘FIFA hirersäits bestreit iergendeppes mat de Chantieren zur Fussballweltmeeschterschaft ze dinn ze hunn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten FIFA, Fussballweltmeeschterschaft, Mercury MENA, Qatar, Sklaverei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel