Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Feind am eegenen Haus
International Neiegkeeten

De Feind am eegenen Haus

Zu Paräis war et Mëttwoch an der Mëttegstonn zu enger

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun
International Neiegkeeten

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun

Um Mëttwoch hunn d‘Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) an de

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren
International Neiegkeeten

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren

Wéinst den ëmstriddene Subventioune fir Airbus, huet d‘US-Regierung gëschter domadder

Qatar: Gaaschtaarbechter dierfen ouni d‘Erlaabnes vum Patron ausreesen

Qatar: Gaaschtaarbechter dierfen ouni d‘Erlaabnes vum Patron ausreesen

Um Dënschdeg ass am Qatar e Gesetz ugeholl ginn, mat deem zumindest partiell e System soll ofgeschaaft ginn, mat deem vun de Gaaschtaarbechter verlaangt ginn ass, d‘Erlaabnes vum Patron ze hunn, fir dierfen d‘Land nees ze verloossen. Esou zumindest de Wuertlaut vun der offizieller Presseagence QNA.

Am Emirat gëtt eng 2 Millioune Gaaschtaarbechter, vun deenen der ganz vill direkt oder indirekt bei groussen Infrastrukturprojeten agesat ginn. Projeten déi meeschtens am Zesummenhang mam Bau vun den Infrastrukture stinn, déi fir d‘Fussballweltmeeschterschaft 2022 gebraucht ginn. D‘Gesetz, eigentlech en Dekret vum Emir Tamim ben Hamad al-Thami, regelt „d‘Arees, d‘Ausrees an den Openthalt vun de Gaaschtaarbechter“

Laut dem Gesetz, sollen nëmmen nach 5% vum Personal vun enger Entreprise, esou eng Erlaabnes brauchen, fir d‘Land dierfen ze verloossen. Weider Detailer a wéini d‘Gesetz soll a Kraaft trieden, huet et säitens der Regierung vum Qatar net ginn. Eenzeg den Aarbechtsminister, Issa al-Nouaïmi, huet gemengt: „Dat ass eng nei Etappe bei eisen Ustrengungen, alle Gaaschtaarbechter eng dezent Schaff a Schutz ze garantéieren“.

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

Déi international Organisatioun fir Aarbecht (ILO) begréisst d‘Gesetz, dat en direkten Impakt op d‘Liewe vun de Gaaschtaarbechter am Qatar wäert hunn, erkläert den Houtan Homayounpour, Direkter vun der UN-Agence zu Doha. D‘ILO huet dëst Joer hire Bureau an der Haaptstad vum Qatar opgemaach, nodeems hir erlaabt ginn ass, d‘Reformen am Aarbechtssecteur dräi Joer laang ze iwwerwaachen.

An datt deem esou ass, huet gutt Ursaachen. De Qatar, deen zanter Joren an der Kritik steet, well d‘Aarbechtskonditioune vun de Gaaschtaarbechter „exekrabel“ sinn, hat versprach hei en Effort ze maachen. D‘Autoritéite vum Qatar sinn dann och iwwerzeegt vu sech, vill Efforte geleescht ze hunn fir besser Aarbechtskonditiounen ze garantéieren. Si hunn esou d‘Kafala – e Parrainage-System deen dem Patron all Gewalt iwwert den Aarbechter gëtt – ofgeschaaft an e Mindestloun agefouert.

Elo héiert sech dat alles gutt un, mee et dierf net doriwwer ewechtäuschen, datt Gaaschtaarbechter an den islamesche Länner – net nëmmen am Qatar – éischter ënner Konditioune schaffe mussen, fir déi e Patron hei am Land direkt misst an de Prisong goen. Wéi schlecht et dëse Mënschen am Qatar ergeet, dorops weist Amnesty International reegelméisseg hin.

mat AFP

Foto: Gaaschtaarbechter um Site vum al-Wakrah Fussballstadion. Net nëmmen, datt si ënner Konditioune schaffe mussen déi „onméiglech“ sinn, nee eemol am Qatar ukomm, mussen si vum Patron d‘Erlaabnes kréie fir d‘Land ze verloossen. En Dekret vum Emir soll dat elo änneren. © Marwaan Naamani/AFP

Ähnlech Sujeten Amnesty International, Fussballweltmeeschterschaft, Gaaschtaarbechter, ILO, Qatar
Nächsten Artikel Virrechten Artikel