Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stëllstand duerch Loftverschmotzung: Nei Delhi versénkt am Smog
International Kultur Neiegkeeten

Stëllstand duerch Loftverschmotzung: Nei Delhi versénkt am Smog

An der indesch Haaptstad Nei Delhi huet een elo den

Eurobarometer: Zefridde Gesiichter virun den Europawahlen
International Kultur Neiegkeeten

Eurobarometer: Zefridde Gesiichter virun den Europawahlen

Laut enger aktueller Ëmfro, déi e Freideg publizéiert gouf, wier

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!
International Kultur Neiegkeeten

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!

Dëst Fréijoer soll et esou wäit sinn: zwee Belugae gi

De QTrobot als therapeutesche Frënd vum Autist

D'EU investéiert 320.000 € an eng Lëtzebuerger Start-Up

De QTrobot als therapeutesche Frënd vum Autist

Gëschter war de weltwäiten Dag vum Autismus, woubäi d’Opmierksamkeet fir Mënsche mat der Autismusspektrumstéierung geschäerft soll ginn. Weltwäit ass 1 vun 160 Kanner betraff, woubäi am Grand-Duché all 100st Persoun mat der Stéierung diagnostizéiert gëtt. Fir am therapeutesche Beräich Kanner mat Autismus ze hëllefen ass elo de sozial-humanoide Roboter mam Numm QTrobot entwéckelt ginn.

Bei enger Presentatioun am Europäeschen Informatiounzentrum um Krautmaart ware Vertrieder, wéi den Andon Kalibatsev vun DC EFIN, d’Yuriko Backes vun der Europäescher Kommissioun Lëtzebuerg, de Juha Heikkilä vun der Europäescher Kommissioun am Beräich Communications Networks, Content an d’ Technology an d’Dr. Aida Nazarikhorran, wat elo scho mat de Robotere schafft an hëlleft se ze entwéckelen, dobäi fir esou direkt hir Aufgaben ze erklären. Virun allem ass et awer ëm den intelligente Roboter gaangen, deen et an enger éischter Phas Therapeuten erméigleche soll, ee besseren Zougang zu den Autisten ze kréien an hir kommunikativ Fäegkeeten ze stäerken.

Autismus

De QTrobot – wat ee Séissen! © Martine de Lagardère/moien.lu

Duerch mënschlech Gesten, Verhalensweisen a Gesiichtsausdréck soll d’Opmierksamkeet vun de Kanner ugezu ginn, ganz mam Gedanke vun der Fortbildung. Domat bereet dës Technologie déi Kleng scho fréi op hiert Liewen als Erwuessene vir an erliichtert an engems d’Integratioun.

Och zu Lëtzebuerg ginn et immens vill Autisten, déi beispillsweis vun Organisatioune, wéi Fondation Autisme Lëtzebuerg oder och Autisme Luxembourg Asbl ënnerstëtzt ginn. Déi sozial Inklusioun ass dobäi de gréisste Problem, woubäi dëse spannende Projet eng gutt Stäip fir d’Therapie kéint ginn.

Et geet nees ëm Suen

Am Grand-Duché si 6 Accorden ënnerschriwwe ginn, wouduerch ING Lëtzebuerg, BIL, BGL BNP Paribas, d’Spuerkeess, Mutualité de Cautionnement et d’Aide aux Commerçants (MCAC) an MicroLux diversen Acteure finanziell ënnert d’Äerm gräifen. Kuckt een elo de Ranking vun Investissementer pro Bewunner vun de jeeweilege Länner déi um Investitiounsplang vun der EU-Kommissioun, och nach Juncker Plang genannt, deelhuelen, esou läit de Grand-Duché op der 1. Plaz, wouvun uschléissend och de klenge QTrobot profitéiert.

Autismus

Andon Kalibatsev vun DC EFIN © Martine de Lagardère/moien.lu

D’Entreprise LuxAI, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, gëtt vun der EU an zwou Phasen ënnerstëtzt: Den Europäeschen Investitiounsrot (EIC) huet een Zouschoss an Héicht vu 50.000 € ginn, wouduerch LuxAI seng Roboterplattform virunentwéckele konnt, sou datt och Leit ouni IT-Hannergrond de Roboter fir hir Therapie-Stonne programméiere kënnen an de klengen technesche Männchen de Bedierfnisser vum Kand upassen.

Den EU-Programm fir Fuerschung an Innovatioun Horizon 2020 huet 270.115 € zur Verfügung gestalt. Mat dëse Sue konnt d’Entreprise den Dateschutz an d’Sécherheet vun der Plattform verbesseren, wouduerch Autismustherapien méi zougänglech an erschwénglech ginn, sou datt d’Kanner laangfristeg gehollef kënne kréien.

Keng Heelung, dofir awer Hëllef!

Esou erkläert d’Dr. Aida Nazarikhorran, datt Autismus eng vun de Stéierungen ass, déi sech am schnellste verbreeden. D’Unzuel un Autiste soll sech an de leschte 4 Joer verduebelt hunn, wat natierlech och enorm Käschte fir d’Gesellschaft mat sech bréngt. Duerch eng fréi a kompetent Therapie kann een zwar keng Heelung bréngen, an awer kann ee Besserung verspriechen, woumat spéider och d’Käschte reduzéiert ginn.

Leider feelt et momentan u Ressourcen, wéi beispillsweis u Personal. Schonn eleng aus dësem Grond ass de QTrobot esou wichteg, fir dem Therapeut ënnert d’Äerm ze gräifen an duerch interaktiv Spiller, d’Erziele vu Geschichten a Reaktiounen op d’Kand souwuel déi sozial, wéi och déi kognitiv a kommunikativ Fäegkeete gestäerkt ginn.

Autismus

Dr. Aida Nazarikhorran © Martine de Lagardère/moien.lu

All Kand ass eemoleg

Genau aus dësem Grond muss och all Therapie un dem Kand säi Besoin ugepasst ginn. Aus dësem Grond mussen d’Entwéckler d’Software esou vereinfachen, datt jiddwereen de Roboter no de spezifesche Wënsch astelle kann an esou dem Therapeut als Mediateur déngt.

No éischte Versich weisen d’Dokteren sech méi wéi zefridden. De Roboter konnt villsäiteg agesat ginn, d’Opmierksamkeet an den Engagement ass immens geklommen. Donieft hunn d’Autisten dem QT géigeniwwer keng Ängscht gewisen, wouduerch si och manner Pause wärend der Stonn gebraucht hunn. „De QT hëlleft mat der Welt kloer ze kommen an fërdert den eegene Potential“, esou d’Dr. Nazarikhorran. A genau mat dëser Iddi konnten si an de vergaangene Joer scho kräfteg punkten: de leschte Präis, deen si iwwerreecht krute war den „Tech for a Better World 2019“. Momentan gëtt et de Roboter an iwwer 30 Sproochen. Momentan ass e just fir Persounen am edukative, medezineschen an therapeutesche Beräich erhältlech. Mat engem Präis vu 6800 € pro Roboter ass dës Technologie och net grad bëlleg.

An dësem Kader hieft den Juha Heikkilä besonnesch ervir, wéi staark d’EU an der Technologie vun de Roboter ass. Dobäi ass hien immens houfreg, datt LuxAI trotz senge jonke Jore schonn zu de gréisste Firmen an dësem Beräich op der ganzer Welt zielt. Och wann eis Welt ëmmer méi digital an technologesch orientéiert gëtt, sou wäert fir si ëmmer den Haaptaspekt op der Gesondheet leien.

Autismus

De Juha Heikkilä vun der Europäescher Kommissioun am Beräich Communications Networks, Content an d’ Technology – esou béis e kuckt, esou fein ass en awer a Wierklechkeet! © Martine de Lagardère/moien.lu

Autisme Luxembourg Asbl – Fërderung duerch Atelieren

D’Assossiatioun Autisme Luxembourg ass am Joer 1981 gegrënnt ginn mam Zil speziell Schoulklasse fir autistesch Kanner ze entwéckelen. Nieft engem Foyer an encadréiertem Wunne kréien Leit mat dëser Stéierung d’Méiglechkeet u verschiddenen Atelieren deelzehuelen, wouduerch si hir alldeeglech Fäegkeete verbesseren.

Autismus

Autismus Luxembourg Asbl war op der Plës mat engem Stand vertrueden © Martine de Lagardère/moien.lu

Op Keramik, Kachen, Bitzen, Drucken oder och am Gaart schaffen a planzen, eigentlech sinn hinne keng Grenze gesat. An dobäi kommen dann immens flott Produiten eraus, déi een entweder zu Biekerech oder och zu Esch-Uelzecht an der Keramikfabrik kafe kann.

Gewënnspill mat 2 super Präisser!

Am Kader vum weltwäiten Dag vum Autismus verlouse mir zwee originell an eenzegaarteg „Mënsch ierger dech net!“ Sets, déi zu Biekerech am Atelier ugefäerdegt gi sinn. Hei ass garantéiert, datt Dir een faarweg Unikat vun der Moien Redaktioun geschenkt kritt, dat een och emol mat eraus an de Park huele kann.

Den handleche Beidel ka ganz einfach a schnell zesummegestréckt ginn, sou datt een d’Männercher an de Wierfel net verléiert. Donieft fënnt een dëse Spillklassiker mat Sécherheet néierens anescht an esou enger faarweger, praktescher an häerzeger Form, wéi am Atelier zu Biekerech!

Ähnlech Sujeten Aida Nazarikhorran, Andon Kalibatsev, Autismus, Juha Heikkilä, LuxAI, QTrobot, Therapie, Weltautismusdag, Yuriko Backes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel