Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’EU fuerdert e bessere Recycling fir de Plastik
https://moien.lu/list-of-us-dating-app/

D’EU fuerdert e bessere Recycling fir de Plastik

Um Dënschdeg huet d’EU-Kommissioun hir Strategie virgestallt, déi dozou soll

https://moien.lu/mumbai-online-dating/
https://moien.lu/list-of-us-dating-app/

selena gomez is she dating the weekend

Méinden, den 12. August vun 22.00 Auer un! Tëscht dem

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?
https://moien.lu/list-of-us-dating-app/

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?

Bei 1,5°C oder 2°C ass d‘Welt net méi déi selwecht,

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur

Der Gesondheetskeess, an domatter der Gesondheet vum an am Land, schéngt et esou schlecht net ze goen. Mat engem Excedent 2016 vun 181,7 Milliounen Euro, engem Excedent 2017 vun nach ëmmer 153 Milliounen an engem viraussiichtlechem Iwwerschoss 2018 ëm déi 110 Milliounen, dierf een dovunner Ausgoen datt eng Reserv besteet.

Bei engem kumuléiert globale Solde, dee fir 2017 bei ronn 741 Millioune leie sollt, an op 850 Millioune fir 2018 klamme wäert, ass een Drëttel als Reserv e „gesonde“ Polster. Mat dëser Reserve sollt et – an dat war och emol versprach ginn – méiglech sinn entweder d‘Leeschtungen ze verbesseren oder d‘Beiträg erofzesetzen.

Dat huet d‘Quadripartite dann och um Mëttwoch esou verstanen an eng Enveloppe vu 25 Millioune fir déi Verséchert festgeluecht. De Sozialversécherungsminister Romain Schneider huet dann och ze verstoe ginn, datt Verbesserunge virgesi sinn. Zum enge sollen d‘Ausgabe vun de Familljen erofgesat, zum aneren de schwéiere Pathologië Rechnung gedroe ginn. Net ze vergiessen, datt de Minister sech och fir d‘Modernisatioun vum Remboursement staark mécht.

Wiem dat elo gutt kléngt, deem sief gesot, datt et net alles ass. Nieft also fundamentale Verbesserunge muss een och nach d‘Ausgabe gesinn déi am Kader vum Spidolsgesetz getätegt ginn. Hei sollt een un déi grouss Infrastrukturprojeten denken, wéi beispillsweis d‘Erneierung vum Rehazenter zu Kolpech.

Vun „zefridde“ bis „bedréckt

Vu Gewerkschaftssäit gëtt de Gros vun de Mesure begréisst. Et ass och richteg, datt se de Fuerderunge vum OGB-L entspriechen och wann et deenen alt nees net schnell genuch viru geet. Beim LCGB hätt een dat ganzt besser misse gestalten. Esou hätte Leeschtunge schonn zanter engem Joer kënnen erbruecht ginn. Ëmmerhi wieren d‘Reserve vun de Versécherten zesummegedroe ginn.

Beim Patronat gesäit een et traditionell differenzéiert. Hir Revendicatioun ass Geld an der Keess ze behalen. De Verband vun de Lëtzebuerger Entreprisen (UEL) fënnt dann och, datt genuch finanziell Efforte gemaach goufen. Esou mat der Erneierung vun de Kollektivverträg am Spidolssecteur. Hei gëtt sech beklot, datt den Impakt schlecht evaluéiert ass.

D‘Patronat fäert dann och, datt d‘Guttmiddegkeet déi bei de Kollektivverträg gewise ginn ass, sech op aner Niveaue kéint bemierkbar maachen. Aner Déngschtleeschter kéinte Fuerderen op der selwechter Basis berécksiichtegt ze ginn. Esou wier et méiglech, datt en Dokter säin Ufanksgehalt mat dem Endgehalt vun engem Infirmier am selwechte Spidol kéint vergläichen.

En Dokter dierft sech d‘Fro stelle firwat en zéng Joer studéiert huet, wann aner Professioune revaloriséiert ginn, während den Dokteren hiert Akommes gebremst, respektiv blockéiert ginn ass. D‘Kollektivverträg hätten hei dat falscht Signal gesat, esou d‘UEL.

D‘UEL wëll och e Stéck vum Kuch

Et sinn ëmmer d‘Ausgaben déi d‘Reserve schmëlzen dinn an esou verlaangt och d‘Patronat e Stéck vum Kuch. Et wéilt een net den „Dommen“ an de Saach sinn an esou géif een sech iwwert eng Kompensatioun fir d‘Entreprise freeën. An et wier wuel e prinzipiellen Accord ginn.

En Accord mam Sozialversécherungsministère deen op eng Entlaaschtung vun de Betriber hiweist. Wann een de Versécherte 25 Millioune kann zoukomme loossen, esou wier et normal a richteg, och de Patronen equivalent entgéintzekommen. Ëmmerhi gëtt zu gläichen Deeler cotiséiert.

Datt Soine beim Zänndokter an dem Aendokter besser rembourséiert ginn ass dann awer ze begréissen. Gläiches gëllt bei der Behandlung vu mannerjäregen. D‘Reserve sollten dann 2018 bei gutt 850 Millioune leien, an och hei fäert d‘Patronat, datt dëst Geld schnell ausginn ass. Op Gewerkschaftssäit huet een do eng aner Meenung, wann et och Differenzen tëscht OGB-L an LCGB gëtt.

Foto: (v.l.n.r.) Anne Calteux, Laurent Zanotelli, Lydia Mutsch, Romain Schneider, Thomas Dominique © MSS/MiSA/SIP

Ähnlech Sujeten Gesondheetskeess, LCGB, Lydia Mutsch, OGBL, Quadripartite, Romain Schneider, UEL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel