Search

You may also like

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €
Neiegkeeten

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €

Am Kader vun der Fuerschungsfuerderung vun der Stëftung hunn den

What the Fakt – d’Fanta Véier an hiren éischte Spillschoul-Concert
Neiegkeeten

What the Fakt – d’Fanta Véier an hiren éischte Spillschoul-Concert

Den däitschsproochegen Hip Hop Grupp ëm den Thomas D., Michi

geek
Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen
Neiegkeeten

Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen

D’Lescht Joer hat Mozilla säin neie Browser Firefox Focus fir

Neie Qualitéitslabel fir Lëtzebuerger Agrarprodukter

Neie Qualitéitslabel fir Lëtzebuerger Agrarprodukter

Nom „roude Léiw“ mat senge Stären op den Agrarprodukter, soll elo den „Agreement-Label“ vun der Regierung d‘Relève huelen. Da soll och am Pak sinn wat drop steet. Dat ganzt muss wuel emol fir unzefänke mat engem Gesetz zum Agreement fir ee Qualitéitssystem oder Zertifizéierung vu landwirtschaftleche Produiten e legale Kader kréien a da vu Bréissel och nach ofgeseent ginn.

Ganz nei ass de Projet net. No der Petitioun vun 2016, déi vu landwirtschaftlechen Organisatiounen agereecht gi war, hat schonn den deemolege Landwirtschaftsminister Fernand Etgen en Text virgeluecht. Dee war sengerzäit allerdéngs vun der Landwirtschaftskummer zolidd kritiséiert ginn. Et gouf monéiert, datt de Stäresystem d‘Gläichstellung bei der Behandlung a fro stelle géif.

Och vum Staatsrot gouf dem Fernand Etgen säin Text denoncéiert an esou huet de Successeur am Landwirtschaftsministère, Romain Schneider, dëse Gesetzprojet kuerzerhand zeréckgezunn a mat senge Beamten ee ganz neie Gesetzprojet ausgeschafft. Mam neien „Agreement-Label“ soll et de Konsumenten zukünfteg méi liicht gemaach ginn, en zertifiéiert Lëtzebuerger Produkt ze erkennen.

Ee Logo fir se all

Bei der kuerzer Presentatioun um Freidegnomëtteg huet de Romain Schneider confirméiert, datt et sécher net den éischte Label ass, deen zum Zweck huet d‘Visibilitéit an d‘Transparenz vun engem Produit ze fërderen, mee mam Label „Luxembourg -Agréé par l‘Etat“ soll d‘Transparenz op en neie Level gehuewe ginn an och d‘Kontroll fir de Label ze erhalen a behalen, soll vill méi strikt sinn.

Nieft dem Wonsch vu méi Promotioun fir national Qualitéitsproduiten, soll de Label besonnesch den Acteure vun de kollektive Kichen (Kantinnen) an de staatleche wéi privaten Institutiounen eng besser Hëllef sinn, wann si bewosst wëllen akafen. Mee natierlech sollen och d‘Bierger am grousse Ganzen, beim Akafen eng besser Hëllefsstellung duerch de Label erméiglecht kréien.

Qualitéitslabel

Gutt de QR-Code ass nach net operativ an och déi dedicacéiert Internetsäit hu mir nach net fonnt, mee am grousse Ganze kléngt dat alles villverspriechend. Alles fänkt mam Respekt vun de Basis-Kritären un, déi an der gesamter Unioun gülteg sinn. Sinn déi erfëllt muss ee fir de Label ze kréien, dann nach ee Minimum u Konditioune bannent den dräi Qualitéitspilieren erfëllen.

Hei muss een allerdéngs berecksiichtegen, datt och wann de Label per se eng éischter gutt Iddi ass, d‘Kontroll vun onofhängegen Organer soll duerchgefouert ginn an et begréissenswäert ass, datt eis Landwirt dovunner profitéiere sollen, mat dësem Agreement gëtt de Konsument nëmmen doriwwer informéiert gëtt, datt ee Produit just Mindestkritären anhält. An awer kléngt et villverspriechend…

Qualitéitslabel

De Landwirtschaftsminister Romain Schneider ass zouversiichtlech, säi Gesetzprojet an der Chamber och bei der Oppositioun duerchgesat ze kréien. Ass dës Hürd geholl, da muss nach just Bréissel averstane sinn. Och dat sollt, et ass sech jo un d‘Virgabe vun der EU-Kommissioun gehale ginn, kee Problem sinn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Nieft den europäeschen an nationale standardiséierten Normen, ginn hei weider Qualitéitsnorme fir d‘Produkter gefuerdert, déi iwwert d‘Laaschtenheft erausginn. Dat heescht, datt d‘Qualitéit vum Produit muss wäit iwwert de standardiséierten Norme leien. Dat besonnesch am Kontext vun der Liewensmëttelsécherheet, dem Ëmweltschutz an dem Déierewuel, fir emol déi wichtegst ze nennen.

Erméiglecht gëtt dëse Label duerch déi nei EU-Direktiv betreffend déi ëffentlech Ausschreiwungen, wou et elo de Länner méiglech ass, hir Fuerderungen zu Nohaltegkeet an Ëmweltschutz, afléissen ze loossen. Dat natierlech nëmmen, wann alles kloer definéiert, objektiv an iwwerpréifbar ass. An dat soll dëse Gesetzprojet leeschten. Deen ass deponéiert a kéint nach dëst Joer gestëmmt ginn…

Related topics Agrée par l'Etat, Gesetzprojet, Landwirtschaftsminister, Qualitéitslabel, Romain Schneider
Next post Previous post