Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: D‘Jonk Demokraten iwwert d‘Legaliséierung vu Cannabis
Kultur Love

Tacheles: D‘Jonk Demokraten iwwert d‘Legaliséierung vu Cannabis

Wärend de leschte Joerzéngten an deenen eng prohibitionistesch Drogepolitik gefouert gouf,

TDF: E Sprint ouni Tëschefall
Kultur Love

TDF: E Sprint ouni Tëschefall

Knapp gewonnen ass och gewonnen. De Marcel Kittel (Quick-Step) gewënnt

money
De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget
Kultur Love

De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget

Et ass ni einfach fir eng Regierung e Budget op

love

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung

An et ass och nach witzeg!

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung

Ech maachen et am Fong ni gären, mee ech muss et hei esou maachen. Ech muss einfach Qualityland vum Marc-Uwe Kling mat The Circle vum Dave Eggers vergläichen. Zweeteres ass de literareschen Equivalent zu deem Moment, wou s de buerféiss op Legosteng trëppels: Et deet fuerchtbar wéi, a gläichzäiteg ass et immens peinlech. Et scheitert a bal sämtlecher Hisiicht a senger breeder, technophober Moralpriedegt. Qualityland priedegt zwar och eng Technikskepsis, mécht et awer op eng wiesentlech besser, well méi nuancéiert Manéier.

Humor ass dem Marc-Uwe Kling säin Instrument vun der Wal. Dozou gehéiere Sprochwitz, Situatiounskomik an och e gudde Schoss vu Referenzen, déi seng Kenntnisser an der Science Fiction verroden. D’Geschicht dréint sech ronderëm e puer Figuren, déi an enger dach net sou entfernter Zukunft liewen, an där d’Familjenimm einfach duerch de Beruff vum Papp ersat gi sinn. Beim Peter Arbeitsloser ass dat natierlech ganz schlecht, an et féiert och dozou, datt e vu vir eran e schlechte Stand an der Gesellschaft huet. Eng Gesellschaft, déi komplett vun Algorithmen, soziale Netzwierker an dem Netz beherrscht gëtt, an him um Enn keen Auswee bitt. Gläichzäiteg hu mer den John of Us, e Roboter, dee versicht, President vum Qualityland ze ginn, enger Natioun, wou net preziséiert gëtt, wéi se virdrun geheescht huet an an deem Geschicht just nach als Musical presentéiert gëtt.

Qualityland kann en duerchschnëttleche Plot mat enger gudder Dosis Worldbuilding an engem flotte Stil ausgläichen

Et ass wuel déi witzegst Dystopie déi ech bis elo kenne léieren duerft. Si besetzt d‘Plaz iergendwou tëscht dem Orwell sengem 1984 an dem Hitchhiker’s Guide to the Galaxy vum Douglas Adams. Datt e rosafuerwenen Delfin-Vibrator den zentrale MacGuffin vum Plot, vun deem ech net all ze vill verrode wëll, ass, ënnersträicht dat wuel méi wéi galant. Wat mech begeeschtert ass da wuel och, datt vu Moment zu Moment, vun Iddi zu Iddi zwar näischt wierklech Neies op den Dësch kënnt, mee einfach alles passt, wéi wann et zesumme gehéiert. D’Kapitalismuskritik hu mer schonn all gesinn, grad esou wéi d’Kritik un Algorithmen, iwwermächteg multinational Konzerner (Standard beim Cyberpunk, dee grad erëm a Moud ass), Ënnerdréckung duerch Ënnerhalung, Iwwersexualiséierung vu Medien a Fraen, Robotiséierung vun der Wirtschaft an de Verloscht vun Aarbechtsstrukturen wéi och den Onwëllen, dës ze änneren, ware schonn iwwerall ze gesinn. Just net esou witzeg an op de Punkt bruecht wéi hei. Datt ausgerechent den John of Us, de Roboter, deen ass, deen d’Léisungen erkennt, mee um Populismus vu senge Géigner scheitert, spigelt aktuell politesch Ëmstänn esou perfekt, datt et engem d’Tréinen an d’An dreift.

D’Kierzt vum Buch ass souwuel seng Stäerkt wéi och seng Schwächt

Et ass och kloer, datt den Tempo an d’Maachaart vum Buch dozou féiert, datt et ze kuerz ass. Gären hätt ee méi vum Qualityland kennen geléiert, mee d’Handlungsbéi an d’Figuren, déi iwwerdriwwen mee effikass gezeechent sinn, ginn net méi hir. Och dat muss een unerkennen; net all Schrëftsteller weess, wéini et besser ass, opzehalen. Qualityland ass wuel déi erfreschendst Science-Fiction-Literatur vum däitschen Noper säit laangem, eng gekonnt Parodie op aktuell Zoustänn duerch d’Projektioun an d’Zukunft. Och wann et schonn emol thematesch u Courage feelt, gëtt hei dach eng propper Parodie geliwwert, déi net de moraliséierende Fanger hieft, fir säi Punkt ze maachen.

Qualityland vum Marc-Uwe Kling  ass am Ullstein Hardcover Verlag eraus komm. ISBN: 978-3550050237

Site vum Auteur

Ähnlech Sujeten Bicher, Kutlur, Literatur, Science Fiction
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    1