Search

You may also like

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019
Neiegkeeten

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019

Wien ee gudde Cocktail, ee Glas Wäin oder een fantastescht

Een Neijoerschpatt mam Xavier Bettel: D’Diskussioun ëm d’Pressefräiheet
Neiegkeeten

Een Neijoerschpatt mam Xavier Bettel: D’Diskussioun ëm d’Pressefräiheet

Um freie Mëtteg huet eise Premierminister, Staatsminister a Minister vun

Anti-Coronavirus Protester: Et fänkt un Handgräiflech ze ginn
Neiegkeeten

Anti-Coronavirus Protester: Et fänkt un Handgräiflech ze ginn

An enger Rei Länner ass et Samschdeg op en neits

Quarantaine fir de Logementsminister!

Quarantaine fir de Logementsminister!

Am Kontext vun der sanitärer Kris, déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléist ginn ass, mussen sech d‘Bierger am Land zanter elo gudder néng Méint villes gefale loossen. Et gëtt dann déi wou et verstanen, déi wou gewëssen Zweiwel an därer déi géint alles sinn. Elo ass dëse Virus awer weder e Witz nach harmlos, firwat et Reegele brauch.

Dozou gehéiert och, datt wann ee Kontakt mat engem Mënsch hat, dee positiv op de Covid19 getest ginn ass, ee sech selwer a Quarantaine setzt. Dat gëllt och fir d‘Membere vun der Regierung, an esou huet sech de Minister fir Logement a bannenzeg Sécherheet an Auto-Quarantaine beginn, well ee vu sengen enke Mataarbechter positiv op de Covid19 getest ginn ass.

Säitens de Ministère vum Logement an der bannenzeger Sécherheet gëtt um haitege Sonndegmuere confirméiert, datt de Minister Henri Kox keng Symptomer opweise géif. Hie soll elo zäitno engem Covid19-Test zougefouert ginn. Auswierkungen op d‘Aarbecht an de genannte Ministèren, wéi och bannent der Regierung, huet dës Quarantaine keng.

Illustratioun: Alexa / Pixabay

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, Henri Kox, Logementsminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Quarantaine
Next post Previous post