Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen
International Neiegkeeten

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen

„Nee, nee keng Persoun déi ech kennen“: am Februar 2017

Bei den Oscars ass net alles Gold wat blénkt
International Neiegkeeten

Bei den Oscars ass net alles Gold wat blénkt

All Joer, wann d’Oscar-Nominéierungen eraus sinn, ginn et di selwecht

T’ass Schoulrentrée – Passt op d’Kanner op!
International Neiegkeeten

T’ass Schoulrentrée – Passt op d’Kanner op!

Déi eng freeë sech, déi aner manner: t’ass Schoulrentrée. Ab

QuattroPole kritt vun der EU ënnert d‘Äerm gegraff

De Stad-Reseau vu Lëtzebuerg, Metz, Tréier a Saarbrécken ka säi grenziwwerschreidende Forfait elo awer kommerzialiséieren

QuattroPole ass vun der EU beim zweeten Projet-Appell „B-Solutions“ selektionéiert ginn a kritt esou eng juristesch Hëllef, déi derzou bäidroe soll d‘Hürden, déi mat der Kommerzialiséierung vu sengem grenziwwerschreidenden Touristeforfait zesummenhänken, ze iwwerwannen.

Bei der Initiativ „B-Solutions“ geet et drëms nohalteg Methoden ze identifizéieren an ze fërderen, fir juristesch an administrativ Hürden am Kontext vun den EU-Bannegrenzen ze iwwerwannen. De Stad-Reseau QuattroPole huet op den zweete Projet-Appell geäntwert. Heibäi geet ëm d‘Aféierung vun engem grenziwwerschreidenden Touristeforfait vun de respektiven Tourismus-Büroen.

Dat sinn de Luxembourg City Tourist Office (LCTO), Inspire Metz, Trier Tourismus & Marketing GmbH an de City Marketing Saarbrücken. Dës wichteg Adresse fir d‘Touristen, déi d‘Stied an hir Ëmgéigend eppes méi wëlle kenneléieren, bidden zanter e puer Joer de grenziwwerschreidenden Touristeforfait QuattroPole un. An dëse Forfait ass fir d‘Touristen eng wierklech flott Offer.

Esou kënnen d‘Touristen an der Form vun enger kombinéierter Offer ënnerschiddlech Prestatiounen an der Groussregioun reservéieren (Hotel, Musée, guidéiert Visitten…). Leider gëtt dës eigentlech genial Offer duerch d‘Direktiv 2015/2302 bedreet. Déi ass rezent vun de Memberlänner iwwerholl ginn, an dat suergt bei QuattroPole fir eppes Kappzerbrieches, well et Problemer mat sech bréngt.

Schold sinn déi sëllechen Informatiounsflichten an den héije Risiko vu Verantwortung déi domatter anhier geet, a fir den ament zumindest, net vun den Tourismus-Büroe ka gedroe ginn. Dat bréngt mat sech, datt et eventuell zur Ënnerbriechung vun der Kommerzialiséierung vum Touristeforfait komme kéint, wou déi dach dat „Besonnescht“ um Marketing vun de véier agebonnene Stied ass.

Fir elo konkret juristesch Formuléierunge fir d‘Kommerzialiséierung vum Touristeforfait hinzekréie stellt d‘EU-Kommissioun dem Stad-Reseau QuattroPole zwee Juristen zur Säit, déi ugehale sinn e Rapport am Laf vum zweete Semester 2019 ze erstellen. Et wier gutt wann hei eng fir all bedeelegt Acteuren zefriddestellend Léisung kéint fonnt ginn. D‘Groussregioun huet vill dofir gemaach…

Ähnlech Sujeten B-Solutions, EU-Kommissioun, Lëtzebuerg, Metz, Quattropole, Saarbrécken, Tréier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel