Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)
International Money Neiegkeeten

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)

Et ass en drolegt Vollek, datt vun de Briten. Dir

En Opruff un d‘Studenten: Dir gitt gebraucht!
International Money Neiegkeeten

En Opruff un d‘Studenten: Dir gitt gebraucht!

Youth for Climate Luxembourg plangt nei Protester a kéint eppes

D‘Laureate vum Literaturconcours sti fest
International Money Neiegkeeten

D‘Laureate vum Literaturconcours sti fest

De Kulturministère annoncéiert datt d’Jury vum Nationale Literaturconcours 2020, zesummegesat

money

Ab 2019 ginn am Québec verschidde grouss Internetkonzerner besteiert

Ab 2019 ginn am Québec verschidde grouss Internetkonzerner besteiert

Fir verschidde grouss Internetkonzerner, wéi beispillsweis de Streaming-Déngscht Netflix oder d‘Locatiounsplattform AirBnB, sollen ab 2019 besteiert ginn. Esou d‘Ukënnegung vun der Regierung vun der frankophoner kanadescher Provënz.

Bei genauer Betruechtung stellt ee fest, datt nëmmen déi Plattformen op deene Servicer oder Déngschtleeschtungen ugebuede ginn, zukünfteg eng Verkaafstax vum Québec (TVQ) an héicht vun 9,975% mussen erhiewen. Dat steet dann och esou am Budget 2018/19, deen déi liberal Regierung vum Philippe Couillard um Dënschdeg deposéiert huet.

Déi auslännesch Plattforme mussen sech an der „Belle Province“ androe loossen, fir hir Servicer an Déngschtleeschtunge verkafen ze dierfen. Ab dem 1. Januar 2019, sollen dës Entreprisen dann d‘Verkaafstax TVQ erhiewen an un d‘Regierung weiderleeden. Déi kanadesch Plattformen, déi net am Québec etabléiert sinn, mussen d‘TVQ ab dem 1. September 2019 erhiewen.

Eng gewote Pionéieraarbecht

Eng interessant Approche, well Entreprisen déi Gidder via Internet verkafen, wéi beispillsweis Amazon oder Ali Baba, si vun der Verkaafstax TVQ net betraff. „Fir Entreprisen déi Gidder verkafen, wéi Schong, Bicher oder aner Géigestänn, esou eisen Avis, ass léisst sech de Problem duerch besser Grenzkontrolle behiewen“, esou de Carlos Leitao, Finanzminister vum Québec.

Wéi de Finanzminister weider erläutert, gëtt mat der kanadescher Post an der Douane e Pilotprojet am Québec lancéiert. Dat soll eng besser Perceptioun vun den Douane- a Verkaafstaxen erlaben, déi op dem elektroneschen Handel esou operluecht ginn. „Et ass virun allem méi Efficace bei der Erhiewung op der Grenz“, esou de Carlos Leitao.

Mat dëser Entscheedung steet de Québec (nach) zimlech eleng do a leescht Pionéieraarbecht. D‘Ëmgoe vu Steiere soll virun allem groussen Entreprisen aus dem Internet esou zolidd erschwéiert ginn. An och déi federal kanadesch Regierung hat rezent drop higewisen, datt si gedenkt sech dem „Problem“ mat den Internetentreprisen unzehuelen. Detailer sinn nach keng bekannt.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Internet, Kanada, Québec, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel