Search

You may also like

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?
Kultur Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?

[onionbuzz quiz-id=148][/onionbuzz] Wéi all Freiden presentéiere mer och dës Kéier

Houston verbitt d‘Ouverture vun engem „Roboter-Bordell“
Kultur Neiegkeeten

Houston verbitt d‘Ouverture vun engem „Roboter-Bordell“

D‘Amerikaner bedreiwen déi gréisste „Sex-Industrie“ op der Welt, a ginn

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!
Kultur Neiegkeeten

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!

Wéi all Joer gëtt nees den ëffentlechen Transport fir Silvester

Queenmania – een Tribut un déi britesch Legenden!

Queenmania – een Tribut un déi britesch Legenden!

Ob „We are the Champions“, „We will rock you“ oder „Radio Ga Ga“ – Queen huet Rockgeschicht geschriwwen! Bis haut bréngen d’Hits vum Quartett aus Groussbritannien net just agefleescht Museksfans aus de 70er an 80er Joer zum Danzen a Matsangen. Mam Oskar präméierten Film „Bohemian Rhapsody“ ass der Band am leschte Joer ee filmescht Denkmal gesat ginn.

Déi britesch Tributeband The Bohemians léisst de Mythos vun der legendärer Band an enger fulminanter Bühneshow nach emol opliesen. Éischtklasseg Museker, Sänger an Entertainer presentéieren déi gréisst Hits vu Queen, Songs vun der Ufankszäit bis zum „Spéitwierk“, vun Discoklassiker bis hin zu Rock-Balladen.

Déi englesch Produzente vun der Show hunn dobäi net un opwennege Kostümer a Showeffekter gespuert, sou datt sech den agefleeschte Fan fir een Owend zeréck an déi gëllen Zäite vun der Rockmusek zeréckversetzt fillt. Um Freideg, den 18. Oktober 2019 kommen The Bohemians mat Queenmania och bis an d’Rockhal.

Mam Rob Comber hunn The Bohemians ee Frontmann, deen een authenteschen an héichkarätegen Hommage un de Freddie Mercury ofliwwert, souwuel stëmmlech, wéi och optesch. Vum markante Schnauzer bis zu den elektriséierenden, energiegeluedene Beweegunge kënnt de Museker sengem Virbild esou no wéi méiglech. Stëmmgewalt a Performance loossen d’Erënnerung un eng vun de gréisste Rockbands zu engem aussergewéinlechen Erliefnis ginn.

Mat Freed un der Musek, Bühnepresenz a Passioun suergen The Bohemians dofir, datt de Fonke schnell iwwerspréngt. Bescht Viraussetzungen also, fir ee beweegende Konzertsowend mat fantastescher Musek – souwuel fir de Fan vun der éischter Stonn, wéi och fir déi, déi d’Band eréischt nom Dout vum Freddie Mercury entdeckt hunn.

The show must go on – an dofir ginn et d’Ticketen am Virverkaf ab 36 € (Stéiplaz) bei alle bekannte Virverkafsplazen. Ticket-Hotline 47 08 951 oder 20 30 10 11, sou wéi um Internetsite www.kultopolis.com.

Related topics Bohemian Rhapsody, Concert, Freddie Mercury, Kultopolis, Musék, Queen, Queenmania, Rockhal, Tribut
Next post Previous post