Search

You may also like

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun
International Neiegkeeten

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun

Nach bis e Sonndeg, den 8. Dezember kann een an

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten
International Neiegkeeten

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten

Wien u Konscht an all senge Formen interesséiert ass, sollt

Contournement: De Suessemer Gemengerot huet d‘Flënt an d‘Kar gehäit
International Neiegkeeten

Contournement: De Suessemer Gemengerot huet d‘Flënt an d‘Kar gehäit

Jorelaang hunn sech d‘Volleksvertrieder am Suessemer Gemengerot géint de Contournementsprojet

Queeschdenken an Däitschland: De mëssverstanene Widderstand

Queeschdenken an Däitschland: De mëssverstanene Widderstand

Zu Berlin huet sech gëschter de Bundestag der Reform vum Infektiounsschutzgesetz ugeholl. Ee gudde Grond vir de Mouvement vum Queeschdenken (Querdenker) nees op sech opmierksam ze maachen. Si wëllen net, datt d‘Regierung nach méi Kompetenze kritt, a wollte beim Bundestag Demonstréieren, wärend am héijen Haus debattéiert gouf.

Elo si Kundgebunge ronderëm de Bundestag aus Sécherheetsgrënn verbueden, a wéi d‘Querdenker sech ze behuele wëssen, doriwwer ass jo ewell laang a breet bericht ginn. Dës Kéier waren dann och 2.000 Polizisten op der Plaz, fir d‘Querdenker ze bremsen. De Problem mam Mouvement ass manner de Fait datt d‘Demonstratiounsrecht ze notzen, wéi d‘Aart a Weis a wien do alles matmécht.

No all den Demonstratiounen an de leschte Wochen a Méint – wéi ganz Rezent zu Leipzig – dierf ee behaapten, datt Gewalt an Diffaméierunge geféierlech Formen ugeholl hunn. Dat huet vill domat ze dinn, datt d‘Mobiliséierung an de rietsextreme Milieuen immens staark ass. Dobäi ass d‘Recht op Versammlungsfräiheet duerch d‘Grondgesetz geséchert. Mee alles huet iergendwou seng Grenzen.

Queeschdenken

Et gëtt Reegelen déi et ze respektéiere gëllt, an esou ass da gëschter och d‘Demonstratioun op der Strooss vum 17. Juni opgeléist ginn. D‘Police huet matgedeelt, datt si d‘Demonstranten – déi wéi net anescht ze erwaarden ouni Mask komm sinn – opgefuerdert hat d‘Plaz ze verloossen, wat net befollegt ginn ass. Beim Brandenburger-Tor sinn dann och Waasserwerfer zum Asaz komm.

Wat ass den eigentleche Problem?

Wann een nach bereetwëlleg kann unerkennen, datt déi grouss Majoritéit vun den Demonstranten éischter „normal“ Bierger sinn, déi sech hei just hire Frust an Onmutt ofsträife wëllen, esou gesäit et bei de Räichsbierger, Faschisten (NPD, AfD, asw.), Q-Anon an den drëtte Wee eppes anescht aus. Et ass richteg, datt déi wou zum Protest opgeruff hunn, näischt mat den Extremisten ze dinn hunn, et hinnen awer net kann entgaange sinn, datt extremistesch Gruppen sech dat zu Notze maachen.

Queeschdenken

Als Problem muss een erkennen, datt d‘Organisateure vun esou Protester guer keen Ënnerscheed tëscht Verschwierungstheorien a radikale Räichsbiergertheme maachen. Et gëtt esou och ëmmer méi schwiereg ze differenzéieren, wien nach Gebrauch vum Recht op fräi Meenungsäusserung mécht, a wien et op en handfeste Konflikt ofgesinn huet. Et gëtt sech och net méi ënnertenaner ofgegrenzt.

De Fait datt gëschter zu Berlin d‘Upassung vum Infektiounsschutzgesetz op direktem Wee mam Ermächtegungsgesetz (1933) verglach ginn ass bedenklech. Et weist dat Radikaliséierung an de Widderstand géint Covi19-Moossnamen zouhuelen. An dëse Phenomen ass net op Däitschland begrenzt. Iwwerall an Europa weist sech, datt d‘Leit der Politik net vertrauen. Déi vill Annoncen, bezunn op d‘Impfstoffer, an déi schlecht Kommunikatioun déi se begleeden, hëllefen och net.

mat indymedia/ber

Foto: Iwwer 10.000 Mënschen si gëschter zu Berlin zesummekomm, fir géint d‘Covidf19-Mesuren ze protestéieren. Et soll zu 365 Verhaftunge komm sinn. © Thomas Witgall (via Endstation Rechts) – Ganz Fotosgalerie HEI

Related topics Bundestag, Covid19-Pandemie, Däitschland, Infektiounsschutzgesetz, Protest, Querdenker
Next post Previous post