Weess du, wat dës Lëtzebuergesch Wierder bedeiten?
- Sven Wohl
Weess du, wat dës Wierder bedeiten?
Lëtzebuergesch ass eng schéi Sprooch. Leider ginn och ëmmer erëm Wieder vergiess. Grad dofir sollt een ëmmer mol erëm probéieren den eegene Vocabulaire ze erweideren. Ma hei froe mer no e puer Wieder, déi villäicht déi eng oder aner Ergänzung kéinten duerstellen...
Weess du, wat dës Wierder bedeiten?
Question 1 of 8.
Wat ass e Kludderjang?
1. E Sanitärinspektor
2. E Golfschléier
3. E Messi
4. E schwéierfällege Mënsch
Question 2 of 8.
Wat heescht: „Relles maachen“?
1. Mat engem Loftgewier op e Mini schéissen
2. Almoudesch Variant vu „Squatten mat der Gang“
3. Sech an de Kullang erbriechen
4. Engem de Frënd oder d‘Frëndin klauen
Question 3 of 8.
Kéiseker ass an anert Wuert fir…?
1. Igel
2. D‘Räift vum Kéis
3. Eng Noss
4. Camembert
Question 4 of 8.
Wat mengt een, wann ee vun enger Bottisch schwätzt?
1. E klengt Stéck Holz, mat deem zb. eng Fënster opgehale gëtt
2. E Kanister mat Botter
3. En oppent Graf
4. Eng Schmier
Question 5 of 8.
Stolz ass zwar och en akzeptabelt Wuert, mee besser ass…
1. Umoossend
2. Houfreg
3. Arrogant
4. Héichmiddeg
Question 6 of 8.
E Pimpampel ass...?
1. En Insekt mat flotte Flilleken
2. Béierdeckel am Éisléck
3. Technesche Begrëff fir de Ball beim Ping Pong
4. En Tütü
Question 7 of 8.
Wat ass e Feierstëppler?
1. Een deen beim Héichuewen d‘flëssegt Eisen eraus lafe léisst
2. Lëtzebuerger Terme fir en Internet-Troll
3. Eng Kaz
4. Persoun, déi ab 9:00 um Comptoir hockt a net virun 23:00 geet
Question 8 of 8.
Wat mécht dann e Straubejizer?
1. Schneid Pabeier a laang Sträifen
2. Botzt de Bueden am Strip-Club
3. Schneid dem Client d’Hoer
4. Këmmert sech em d’Markéierungen op eise Stroossen
Lëtzebuergesch ass net ëmmer eng einfach Sprooch. Do kann ee schonn emol dat eent oder anert zimlech bossegt Wuert begéinen. Mee fir Iech e bëssche weider ze hëllefen, hu mer eis e klenge Quiz ausgeduecht. Villäicht léiert dir do dat eent oder anert Wuert oder Sproch kennen?