Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht
Neiegkeeten

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht

Nodeems duerch déi aktuell Kris vun der Covid-19-Pandemie Passagéierflich gestrach

De Wënzer bleift dëst Joer näischt erspuert
Neiegkeeten

De Wënzer bleift dëst Joer näischt erspuert

Zanter enger décker Woch sinn d‘Wënzer an der Lies a

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht
Neiegkeeten

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht

Den 28. An 29. Dezember huet d‘UNEL säi Joreskongress zu

LCGB: de rabiaten Ëmgang mat der Sozialdemokratie

LCGB: de rabiaten Ëmgang mat der Sozialdemokratie

Et war eng kuerz awer hefteg Veranstaltung déi den LCGB an der Mëttegstonn um Rousegäertchen organiséiert hat. An et waren dann och „prioritär“ zwee sozialdemokratesch Ministeren déi et am häertste getraff huet. Déi chrëschtlech Gewerkschaft huet déi onsozial Politik un de Pranger gestallt.

Säit laangem, eigentlech scho vill ze vill laang, huet den LCGB-Nationalpresident Patrick Dury, dem Dreiwe vun de Ministere Schneider (Soziales) a Schmit (Aarbecht) nogekuckt, déi sech wéi et schéngt an de Kapp gesat hunn, d‘Sozialpolitik vum Land bei der Däiwel ze kéieren. Véier Joer an deenen den LCGB alles versicht huet, fir Léisungen erbäizeféieren.

Gëschter dann ass dem Gewerkschaftspresident de Kolli geplatzt. „De LCGB manifestéiert haut hei um Rousegäertche virum Aarbechtsministère an dem Ministère vun der sozialer Sécherheet (…) well mir eis géint déi Politik, déi an dësen Haiser op de Wee bruecht gëtt, wiere mussen (…) mir manifestéiere géint d‘Spuermoossnamen um Réck vu Fleegebedierftegen a kranke Salariéeën“.

A véier Joer hätt hir aggressiv Politik näischt opzeweisen, ausser, datt si véier Méint virun de Chamberwahlen d‘Feeler wëllen erkannt hunn, an elo versichen erëm gutt ze maachen, wat se verschass hätten. Dobäi hat d‘Regierung den 28. November 2014 mat de Gewerkschaften en Accord ënnerschriwwen, dee genee dat alles sollt verhënneren.

De Pabeier net wäert op deem et geschriwwe steet

Et war an dësem Accord vereenbart ginn, datt et net zu Prestatiounsverschlechterunge komme sollt an bei der Reform vun der Fleegeversécherung, war versprach ginn, datt ee beduecht wier sech um beschte Qualitéitsniveau bei de Soine wëllen ze orientéieren. De Patrick Dury huet e Méindeg däitlech gemaach, dat de Minister bei der Reform vun der Fleegeversécherung versot huet.

Déi Reform wier, esou den LCGB-Nationalpresident, ënner reng finanziellen Aspekter ageleet ginn. Woubäi schonn am Kader vum Spuerpak (2014) d‘Beamten eng méi restriktiv Approche un den Dag geluecht hätten. A wann d‘Fleegeversécherung finanziell gutt do géif stoen, da wieren et op de Schëllere vun de betraffe Persounen, wou dat géif ofgeluede ginn.

A wann dann elo virun zwou Woche Léisungen am Interessi vum Patient fonnt goufen „esou soll all Mënsch wëssen, datt dëst nëmmen duerch den Engagement vum LCGB, duerch den Drock dee mir kontinuéierlech gemaach hunn, zustane komm ass“, betount de Patrick Dury. Et géif een dëse Kompromëss begréissen awer hannerfroe wéi dat Resultat zustane komm ass.

Fir d‘Würd vum Patient lount et sech ze kämpfen

Elo hëlt den LCGB dann och d‘Reform vun der Reform zur Kenntnis, a versprécht en A drop ze halen. Zugläich gëtt den LCGB der nächster Regierung mat op de Wee, datt een net gewëllt ass, d‘Regierung zum Nodeel vum Patient agéieren ze loossen. Et gëtt sech dann och erhofft, datt no de Walen am Oktober, déi nei Regierung an dësem Dossier méi Fangerspëtzegefill entwéckelt.

An d‘Reform ass dann och net den eenzege Skandal deen den LCGB um Rousegäertchen denoncéiert huet. Och am Spidol- a Fleegesecteur gëtt et vill Diskrepanzen. Sécher wiere mat de Kollektivverträg a béide Secteuren d‘Konditioune substantiell verbessert ginn, mee et géifen nach ëmmer eng ganz Partie Leit, déi an der Fleeg mat engem FHL-Kollektivvertrag schaffen.

Déi nei Kollektivverträg hunn zu méi héije Käschte gefouert, déi entweder duerch de Patient oder d‘Fleegeversécherung gedroe musse ginn. De LCGB hat de Romain Schneider den 11. a 25. August dorobber opmierksam gemaach, an och drop higewisen, datt d‘Salariéeë vun Zitha Senior zu Konsdref, grad ewéi déi vum Hospice zu Hamm, net no Kollektivvertrag bezuelt ginn.

Eigentlech war alles kloer oder?

Mee de Minister huet näischt ënnerholl, och net nom zweete Bréif vum 13. Oktober. Et war dann den LCGB, deen am Dezember als majoritär Gewerkschaft, mam Verwaltungsrot vum Hospice zu Hamm, eng Léisung fonnt huet, mat deenen déi zousätzlech Käschte gedroe kënne ginn. D‘Stad Lëtzebuerg als Gestionnaire huet hei eng Iwwergangsregelung fonnt.

An hei huet net missen, wéi et an aneren Haiser de Fall war, gestreikt ginn. Dat hält de Patrick Dury net dovunner of ze bedaueren, datt de Minister sech hei net éischter agesat huet fir eng Léisung erbäizeféieren. Eigentlech, esou den LCGB-Nationalpresident, hätt et am Fleegesecteur ni dierfen zu engem Sozialkonflikt kommen. An dohannert wëll de Gewerkschaftler eng Absicht erkennen.

De Patrick Dury ënnerstellt a senger Ried dem Minister, mat dësem Manöver e puer Méint virun de Chamberwahlen als „Retter“ opzetrieden. Heibäi ass dem Gewerkschaftler onverständlech, datt sech déi gréisste Gewerkschaft am Land (OGBL) benotze léisst, a sech zum Acteur bei engem grousse Spektakel maache gelooss huet.

Un den Ongerechtegkeeten ännert et séier wéineg

Et ass dann och déi vill zitéiert „Geiselhaft“ vu Patienten, déi beim LCGB op Widderstand stéisst. An dat eigentlech och nëmme wëll e Minister „ze domm oder liddereg“ war, mat Zäite Léisungen op den Dësch ze leeën. Eng fir den LCGB inakzeptabel Situatioun. Esou wier et dann dem Romain Schneider geschëlt, datt Patienten an hir Familljen zum politesche Spillball mëssbraucht goufen.

An de Patrick Dury geet nach e ganze Schratt méi wäit: „(…) déi sougenannte pragmatesch Léisung déi de 16. Juni ënnert der vereenegter Schiermherrschaft vun eisem Staatsminister an eisem Sozialminister virgestallt ginn ass, ass eng komplett Mogelpackung“. D‘Situatioun, esou wéi se war, war ongerecht, an déi nei Léisung géif zu neien Ongerechtegkeete féieren.

En anert Beispill fir ze weise wéi een et net sollt maachen, dat gëtt am däregen Dossier „52 Woche Krankmeldung“ däitlech. En Sujet deen den LCGB déi lescht véier Joer an Otem gehalen huet. Et ass u Léisunge geschafft a ginn, mee d‘Resultat ass net zefriddestellend. Krank Leit ze schikanéiere wier de falsche Wee, an ouni den Asaz vum LCGB hätt sech hei näischt geännert.

Et ass een esou laang krank bis een nees gesond ass

Datt elo de Salariée kann ab dem 1. Januar 2019 bis zu 78 Woche krank gemellt ka sinn, betruecht den LCGB als Schratt an déi richteg Richtung. Mee et stellt sech dann awer d‘Fro, wéi ee gedenkt deene Leit entgéintzekommen, déi véier Joer laang op der „Streck bliwwe sinn“? Wéi wëll de Minister déi betraffe Persounen entschiedegen?

„Dem Minister vun der Sozialversécherung sief gesot, datt mir Léisungen am Interêt vun de Mënschen hei am Land brauchen. Keng Ligen, keng Schikanen a scho guer keen Zynismus“, betount de Patrick Dury. Et géif dem LCGB elo déck duer, an dofir gëtt gefuerdert, datt déi 52/78 Woche Regel ofgeschaaft gëtt, an e Mënsch esou laang krank ass, bis hien nees gesond ass.

Mee et huet net nëmmen de Sozialversécherungsminister d‘Lewitte gelies kritt. Och de Nicolas Schmit, Aarbechtsminister, ass net vun der Kritik verschount bliwwen. Deen hat den LCGB-Nationalpresident schonn a senger Ried vum 1. Mee net geschount. Deen hat sech eng geleescht, wéi hien iwwert Sozialnetzwierker matgedeelt hat, den LCGB wier mat senger Politik averstanen.

Besser ass et wann ee bei der Wourecht bleift

Säitens dem LCGB géif een et begréissen, wann de Minister bei de Wourecht kéint bleiwen. Et ass richteg, datt am Accord vun 2014, am Kontext vun der „Aide au réemploi“ e Kompromëss enthale war, deen no laangwierege Verhandlunge mam Minister zustane komm war. Genee esou richteg ass et, datt hei keng restriktiv Altersklausel enthale war, wéi Chômeuren ënner 45 Joer ausschléisst.

A grad wéi de Parteikolleg aus dem Sozialministère, géif dann elo och de Nicolas Schmit versichen an de leschte Woche virun de Walen, dat nozehuelen, wat hien déi ganz Jore leie gelooss huet. Esou soll et nach virun der Summervakanz zur Reform vum Reklassement kommen. Och dat géif an déi richteg Richtung goen, woubäi d‘Korrektur hei eenzeg an eleng politesch motivéiert ass.

Zudeem gëtt et am Reklassement vill Chantieren déi een dréngend miss upaken. Schluss mat den zwou Steierkaarten, heescht et hei. Gefuerdert gëtt och, datt wien net méi an eng Aarbecht ze vermëttelen ass, dierf net och nach existenziell Problemer kréien, an dofir sollen dës Leit spéitstens no zwee Joer d‘Invaliderent zougesprach kréien.

Dem Sozialdialog net zougänglech

„Nach ni gouf de Sozialdialog vun enger Regierung esou mat Féiss getrëppelt, ewéi vun dëser Regierung an de leschte fënnef Joer. Och déi genial Iddi vun eiser Regierung den Tripartite-Modell duerch zwou ‚Bipartitten‘ jeeweils mat Patronen a Gewerkschaften ze ersetzen, huet et net besser gemaach“, bedauert de Patrick Dury mat Hibléck op eng desastréis Regierungspolitik.

Den Ecart tëscht dem ëffentlechen a private Secteur hätt sech ënnert dëser Regierung vergréissert. Dorausser schléisst den LCGB-Nationalpresident, datt den Accord „Bipartite“ aus dem November 2014, och a groussen Deeler de Pabeier net wäert ass, op deem dëse verfaasst ginn ass. Och bei der verspracher Opbesserung vum Kannergeld, hätt ee mat de Betraffenen de Spunnes gedriwwen.

„Eng kompetent Sozialpolitik am Interêt vun de schaffende Leit, de Familljen an de Rentner gesäit anescht aus“, iergert sech de Patrick Dury. „Schlussendlech sti mir haut hei ze manifestéieren, véier Méint virun de Chamberwahlen, well déi responsabel Ministeren e puer Méint virun de Walen decidéiert hunn dat nozehuelen, wat si a véier Joer net hikritt hunn“.

Foto: Schonn a senger Ried vum 1. Mee war den LCGB-Nationalpresident Patrick Dury mat haarde Bandagen an de Ring gaangen, an hat net u Virwërf un d‘Adress vun der Regierung gespuert. Bei der Maniff um Rousegäertchen dëse Méindeg, waren et d‘LSAP-Ministeren Nicolas Schmit (Aarbecht) a Romain Schneider (Soziales) déi an Zentrum vun der gewerkschaftlecher Kritik gestanen hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aarbechtspolitik, Chamberwahlen 2018, LCGB, Rousegäertchen, Sozialpolitik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel