Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bulgarien: Stroossespäre géint d‘Erhéijung vun de Spritpräisser
Neiegkeeten Sport

sedimentary sequence dating

Um Sonndeg hunn dausende Bulgaren, déi grouss Stroossen-Achsen a Grenziwwergäng

my time senior dating
Neiegkeeten Sport

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“

Wann d’Angela Merkel als grouss Favoritin an d’Bundestagswahle geet, esou

money
Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur
Neiegkeeten Sport

Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur

En Donneschdeg huet d‘Handelskummer hir Analys zur „Aarmut an dem

Jidderee fënnt emol säi Meeschter, esou och am Dammefussball

De Racing huet säin Usproch op den Titel fréi erhuewen a betount dësen androcksvoll géintiwwer dem SC Beetebuerg

Jidderee fënnt emol säi Meeschter, esou och am Dammefussball

Zu Beetebuerg kann sech de Racing (RFCUL) dräi wichteg Punkten am Championnat sécheren. Fir Beetebuerg déi éischt Defaite vun der Saison, mee eng zolidd. Wat ass geschitt a virun allem wéi ass dëst fir de Racing wichtegt Resultat entstanen? Mir erzielen iech alles…

Um sechste Spilldag stoungen sech déi aktuell Tabelleleader géinteniwwer. Et war de Spëtzematch am Dammefussball, eng Renconter op héchstem Niveau. Déi éischt Véierelsstonn hunn sech béid Mannschaften „ofgetaascht“. An der 17. Minutt hunn sech d‘Damme vum SC Beetebuerg eng éischte Kéier geféierlech virum Racing presentéiert. Eng duebel Chance, ausgoend vum Stessy Musselek (17) an dem Hanna Thill (99), ass bravouréis vun der Goalkeeperin vum Racing, Andréa Burtin (13) ofgewiert ginn. Si sollt de Beetebuergerinnen och eppes Kappzerbrieches bereeden…

An der 21. Minutt geet d‘Beetebuergerin Marie-Amelie Albrand (18) mëttels engem zolitten Asaz vum Claudia Oliveira (2) zu Buedem a bleift leien. Si gouf zimlech laang um Terrain leiend behandelt an huet ënner Schmäerze missen ausgewiesselt ginn. Et war dat schonn eng zimlech spillentscheedend Situatioun. D‘Marie-Amelie Albrand ass an der 24. Minutt duerch d‘Lucia Ruiz (14) ersat ginn. Den Trainer war domatter allerdéngs och gezwongen seng Spillerinnen nei um Terrain opzestellen. Eng schwiereg Decisioun, déi nach sollt hir Konsequenze mat sech bréngen.

Op dräi Positiounen ëmstellen, dat ass ni eng einfach Saach an d‘Spillerinne brauchen en Ament fir sech entspriechend drop anzestellen. Eng Geleeënheet fir de Géigner sech „fräi ze maachen“ a genee dat sollt den Damme vum Racing och geléngen. Knapps datt de Wiessel stattfonnt hat, hunn d‘Damme vum RFCUL déi Schwächt ausgenotzt an bannent wéinege Minutten direkt zwee Goaler am Lena Krier (1) sengem netz ënnerbruecht.

An der 26. Minutt geléngt dem Bruna Sant‘Ana (22) en Debordement op der rietser Säit, an no enger Flank an de 16 Meter – wou sech déi Beetebuerger e Mëssverständnes an der Verdeedegung geleescht hunn – konnt d‘Sara Courbin (9) zum 0:1 ersetzen. Zwou Minutten drop war et nees den Dammen aus der Stad gelongen sech ervirzedoen: d‘Elodie Martins (17) huet mat engem ganz gelongenen Distanzschoss (20 Meter) dem Lena Krier keng Chance gelooss a den 0:2 fir seng Mannschaft gemaacht. Fir den SCB huet net gutt ausgesinn, mee et war nach net gedoen.

Dammefussball

© Luigi de Stephanis / moien.lu

Ugeschloen awer nach net erleedegt

Schwéier getraff hunn sech d‘Damme vum SC rapid erkritt an bewisen, datt si hiren Titel vun der leschter Saison net stibitzt haten. Si sollten dann och nach virun der Paus zolidd mathalen an hunn entspriechend Goalchancen erausgespillt. Esou an der 34. Minutt, wou d‘Kate Thill (20) um Andréa Burtin gescheitert ass. Dann nach emol an der 43. Minutt, wou dem Stessy Musselek de Goal praktesch um Schong gepecht huet. Leider sollt och hat un der exzellenter Form vun der Racing-Goalkeeperin hänke bleiwen. D‘Andréa Burtin, datt sech schonn an der vergaangener Saison vu senger beschter Säit gewisen hat, sollt bestätegen, datt mat him zu all Ament ze rechnen ass.

Mat zwee Goaler Réckstand sinn déi Beetebuerger Dammen an d Kabinn gaangen, wou sech si sech dann nach emol Mutt gemaach hunn. Wat am Detail beschwat ginn wësse mir natierlech net, mee wéi si nees um Terrain waren, konnt een hinnen ofgesinn, datt dëse Match nach Zukunft sollt hunn. Si hunn et de Fraen aus der Stad schwéier gemaach, an déi eppes iwwermotivéiert Claudia Oliveira huet sech an der 54. Minutt (verdéngt) eng zweet giel Kaart agefaangen an huet dierfen an Dusch goen. Do hat den SC Beetebuerg d‘Méiglechkeet dank Iwwerzuel nees an d‘Spill ze kommen.

Ausser enger „steriller“ Dominatioun, muss ee soen datt de Racing besser organiséiert war, an ëmmer duerch seng dräi Offensiv Spillerinnen – Andreia Silva Machado (7), Elodie Martins (17) an d‘Kapitänin Julie Wojdyla (23) – no um 0:3 dru waren. Esou an der 64., der 71. an 72. Minutt hat den Trio dräi 100% Goalchancen, déi vun engem gutt agestallte Lena Krier (1) verhënnert konnte ginn. Déi gréisste Chance fir Beetebuerg hat sech 78. Minutt opgedoen, wéi d‘Kate Thill (20) och de Goal um Fouss leien hat. Mee géint d‘Andréa Burtin (13), war op dësem Spilldag kee Kraut gewuess.

Ganz Schluss war dann an der 84.Minutt. De Racing dee ganz Offensiv opgestallt war konnt eng lescht erfollegräich Attack géint den SCB duerchsetzen. D‘Kapitänin Julie Wojdyla (23) gëtt vum Andreia Silva Machado (7) an d‘Déift geschéckt an setzt souverän zum 0:3 Endresultat un. Fir den SC Beetebuerg ass et déi éischt Defaite, an besonnesch schmäerzvoll dierft en sinn, doheem verluer ze hunn. Mee d‘Saison ass nach laang net eriwwer, an d‘Revanche dierft ganz interessant ginn.

Bleift nach en Detail ervirzehiewen. Gëschter huet sech och d‘Kimberley Dos Santos (10) no laanger Verletzungspaus nees um Terrain gewisen. Eng wichteg Spillerin am Team vum Trainer Daniel Nunes, besonnesch am offensive Beräich. Et ware fir d‘Spillerin 18 wichteg Spillminutten, déi genotzt goufe fir sech nees mam Terrain an der Ekipp ze familiariséieren. Mat him sollt een dierfe rechnen. D‘Victoire vun de Stater geet dogéint an d‘Rei, an et trëfft wéi gesot, och am Dammefussball iergendwann op säi Meeschter… mee hei ass dat lescht Wuert nach net geschwat.

Stëmmen zum Spill

Fir de RFCUL stoung nom Spill d‘Julie Wojdyla (23) eis Ried an Äntwert. „Mir hunn op dëse Match gewaart. Et war ‚dat‘ Spill vun der Saison an och wann déi éischt Halbzeit equilibréiert war, esou konnte mir eis Chance verwäerten. Obscho mir an der zweeter Halbzeit an Ënnerzuel ware konnte mir eis Goalchance erausspille firwat eis Victoire an d‘Rei geet Mir konnten hei en éischten Akzent an der Saison setzen, sollten awer am Hannerkapp behalen, datt d‘Saison nach eppes dauert an keng Feeler erlaabt sinn“.

Vum SCB war d‘Sadine Correia (9) gespréichsbereet. „Mir hunn haut eng Schluecht, net awer de Krich verluer. De Racing huet eng propper Virstellung gebueden a mir hunn op en Neits am offensive Beräich eis Goalchance leie gelooss. Natierlech ass een do enttäuscht, mee et muss seng Léier dorausser zéien. Datt d‘Kimberley nees mat am Spill ass an mir sécherlech an de nächste Matcher op hat zielen dierfen, léist mech zouversiichtlech op déi weider Entwécklungen am Championnat blécken“.

Opstellung vun den Equippen

Racing FC Unioun Lëtzebuerg: 13 Andréa Burtin, 2 Claudia Oliveira, 5 Kaia Fukino, 19 Juliette Lorrain, 20 Chloé Luthardt, 10 Raquel de Oliveira, 23 Julie Wojdyla, 7 Andreia Silva Machado, 22 Bruna Sant‘Ana, 17 Elodie Martins, 9 Sara Courbin. Reserven: 18 Juliana Andrade, 21 Gabriela Kristjansdottir, 6 Helene Duvoux, 14 Cinara Da Mata. Trainer: Jean-Marc André Rodolphe.

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 18 Marie-Amelie Albrand, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 88 Amenis Correia, 9 Sadine Correia, 71 Lea Crusel, 17 Stessy Musselek, 8 Lea Pizzimenti, 99 Hanna Thill, 20 Kate Thill, 6 Sarah Witry. Reserven: 10 Kimberley Dos Santos, 21 Rita Garcia, 22 Sheila Hoja, 5 Simone Ney, 14 Lucia Ruiz. Trainer: Daniel Nunes.

Foto: © Luigi de Stephanis / moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, Racing FC Unioun Lëtzebuerg, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel