Search

You may also like

Kirgistan huet säin ale Leader zréck
Kultur Neiegkeeten

Kirgistan huet säin ale Leader zréck

Am Kirgistan waren e Sonndeg Parlamentswahlen, an den Ausgang vun

Treffe vun den Autokraten – Eng Staatsvisite, erkläert
Kultur Neiegkeeten

Treffe vun den Autokraten – Eng Staatsvisite, erkläert

De 16. Mee haten sech den tierkesche President Recep Tayyip

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung
Kultur Neiegkeeten

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung

D‘USA hunn déi vum Iran ugekënnegt Auswäitung vun der Uranuräicherung

RAF Camora a Bonez MC: Party ënnert Palmen aus Plastik

RAF Camora a Bonez MC: Party ënnert Palmen aus Plastik

Eng Zousaztour duerch déi riseg Nofro? Dat koum allen Hip Hop-Begeeschterten, sou wéi de Fans vum RAF Camora a Bonez MC einfach geleeën! Mat Rekordzuelen u Streams si béid Museker mam Album „Palmen aus Plastik 2“ duerch de Plafong geschoss. Gëschter ware béid Rapper, fir den Optakt vun der Tour, zu Besuch an der Rockhal.

D’Palm an der Mëtt vum Sall mam dozougehéierege Catwalk huet schonn op eppes ganz Grousses higedeit. Ier de RAF Camora a Bonez MC d’Bühn betriede sollte, war et um Joshi Mizu & Gallo Nero fir de Publikum esou richteg op Touren ze bréngen. Ouni Zweiwel hunn d’Museker dat hikritt: De Gros vum Publikum huet bei Lidder wéi „Chardonnay“ oder „Diego Maradonna“ haart matgesongen, d’Meedercher hunn zum Beat gedanzt an d’Hären hu mat gekonnten Aarmbeweegungen zur Musek gewippt.

Mat hirer „Palmen aus Plastik 2“ Arena-Tournee haten de RAF Camora a Bonez MC fir ausverkaaften Hale gesuergt. D’Kölner Lanxess-Arena hate si mat 16.000 Fans an eng Rekordkuliss verwandelt an och d’Mercedes-Benz Arena zu Berlin ass iwwergelaf vu Leit. Kee Wonner also, datt ee bei dëse Meeschterleeschtungen d’Offer ausbreede muss. Tëscht alle Länner, wou Däitsch geschwat a verstane gëtt, hunn d’Rapper grad Lëtzebuerg als Start vun hirer Zousaztour gewielt. Schonn eleng dowéinst war de Publikum ganz aus dem Haischen.

Wärend d’Luuchte lues ausgaange sinn, hunn zwee riseg Ecrane lénks a riets vun der Bühn de Countdown mat dozou passende Video-Ausschnëtter oflafe gelooss. Kuerz nodeems de Rideau gefall ass, konnt een déi eemoleg Opmaachung bewonneren, de Bass spieren an d’Hip Hop-Kläng opsaugen. Ab der éischter Sekonn hunn de RAF Camora a Bonez MC all hir Energie dem Publikum geaffert a mat Klassiker wéi „500 PS“, „Nummer unterdrückt“ a „Prominent“ fir eng immens Party gesuergt.

Nieft den zwee Ecranen, duerch déi een de Rapper hautno beim Optrëtt nokucke konnt, huet am Hannergrond, iwwert déi ganz Dimensioun vun der Mauer gezunn, ee risege Bildschierm déi verschiddenst Kulisse vu Stied a Stroossen oflafe gelooss. Passend dozou ass mëtteg, bal wéi eng Aart Troun, eng beliicht Trap op ee mat Graffiti bemoolte Podest eropgaangen. Zu béide Säiten dovu stoung d’Band, déi aus engem Drummer, engem Gittarist an engem DJ bestanen huet. Soumat konnt een net nëmme Luef fir dës genial Opmaachung verdeele, mee och nach fir déi begleedend Musek, déi net nëmme vum Computer komm ass. De Gitarist an Drummer sinn iwwregens Zwillingen aus Wien, den DJ gouf aus Schweden importéiert.

Dat war nach net alles!

No enger gudder hallwer Stonn ass nees d’Luucht ausgaangen an d’Bühn gouf mam RAF Camora, deen iwwregens mam biergerlechen Numm Raphael Ragucci heescht, sengem Logo verdeckt. Wärend hien eleng verschidde Lidder bei der Palm vir performt huet, gouf am Hannergrond ëmgebaut. Ee grousse Cube, nees voller Graffitien, huet an der Mëtt den Troun ersat. Wien bis heihinner nach net a Wallung war, dee gouf spéitstens bei „Kompanie“ richteg aus de Strëmp gehaen.

Op der riseger Këscht, déi sech spéider als Garage mat zwee Motorrieder erausstelle sollt, hunn zwee maskéiert Männer mat Fändelen den Text ënnerstëtzt. Wärend am Hannergrond militäresch Zeenen ofgelaf sinn, gouf d’Bühn an d’Palm a Flame gesat. Hat d’Pyrotechnik hei gutt geklappt, esou hat awer wuel ee vergiess, déi zweeriedereg „Rennmaschinnen“ ze tanken. Ee Moto war net betribsbereed, oder och einfach Publikumsschei.

Mat dësem Opbau sollt et net gedoe sinn. Gläich Prozedur: Luuchten aus, Rideau erof, Rapper no vir, performen. Dës Kéier gouf, passend zum Video, eng Bierg a – Schnéilandschaft projezéiert. Mat „An ihnen vorbei“ hunn de Bonez MC a RAF Camora Schnéi an der Rockhal gezaubert a fir ee richtege Wow-Moment gesuergt.

Rou, Rideau fort. Ab dësem Zäitpunkt sollt ee massiivt an iwwerdimensionaalt Krokodil mat senge liichtenden Aen den neie Matbewunner op der Bühn sinn. D’Mëschung aus neien an ale Lidder, energeschen an awer och méi rouegen Deeler huet eleng am musikalesche Sënn fir ee fantastesche Concert gesuergt. Dobäi kënnt den immens klore Klang mam staarke Bass, sou wéi d’Professionalitéit vun den Artisten. Als Special Guest hate si iwwregens de Maxwell mat op Lëtzebuerg bruecht, deen duerch d’187 Strassenbande mat senge béide Kollege bekannt ginn ass. D’Show an d’Opmaachung hu sech als richtegt Meeschterwierk duergestallt, wouduerch och eng matrappend Atmosphär entstanen ass. Einfach top!

Nodeems de RAF Camora eréischt viru kuerzem matgedeelt huet, d’Kapitel als erfollegräiche Kënschtler mam aktuellen Numm Enn 2020 un den Nol ze hänken, ass dës Tour wuel déi ideal an emotionaalst Aart a Weis Äddi ze soen. Wien de Rapper mat sengem Kolleg Bonez MC net gesi konnt, dee kritt an dësem Joer nach d’Méiglechkeet si zu Basel (23. November, St. Jakobshalle), München (6. Dezember, Olympiahalle), Graz (7. Dezember, Stadthalle) a Gastein (14. Dezember, Sound & Snow Opening Gastein) ze gesinn.

Raf Camora a Bonez MC

(Mir hätten och eege Fotoen a Videoe gewisen. Wisou dat net de Fall ass, gëtt an engem weideren Artikel erkläert.)

Related topics 500 PS, Bonez MC, Hip-Hop, Krokodil, Maxwell, Nummer unterdrückt, Palmen aus Plastik 2, Prominent, RAF Camora, Rap, Rockhal
Next post Previous post