Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Den elektroneschen Handel fir lëtzebuergesch Geschäfter gefërdert
Kultur https://moien.lu/understand-hookup-culture/

https://moien.lu/speed-dating-math/

Op Initiativ vum Wirtschaftsministère ass de GIE „Luxembourg for Shopping“

SUDCAL notz d‘Hëtzt vun ArcelorMittal fir de Quartier Belval ze alimentéieren
Kultur https://moien.lu/understand-hookup-culture/

SUDCAL notz d‘Hëtzt vun ArcelorMittal fir de Quartier Belval ze alimentéieren

Well et sënnvoll ass, déi iwwerschësseg Hëtzt ze notzen, déi

surprise
Zoufftgen: D‘Douane saiséiert 57 Kilo Marihuana
Kultur https://moien.lu/understand-hookup-culture/

Zoufftgen: D‘Douane saiséiert 57 Kilo Marihuana

Am Kader vun der Konventioun zur grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht (26. Januar

Raftside um Siren’s Call 2019

Raftside um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s Call Festival statt. Och dëst Joer iwwerzeegt d’Event nees mat multidisziplinären Erliefnisser a verwandelt de Gronn an eng kulturell Attraktioun. An dësem Kader stelle mir elo Woch fir Woch een Akt fir, op den Dir Iech scho freeë kennt!

Raftside“ ass ee Solo-Projet vum visuellen Artist a Komponist Filip Markiewicz. Mat Aflëss aus dem alternative Pop Beräich, léisst Raftside een Hybrid aus Gittar-Stëmm-Sonnebrëll Songwriting an Elektro-Kläng entstoen, an dat virun engem experimentellen Hannergrond.

Déi surrealistesch a liicht protestéierend Lyrics leeën sech an d’Surf-Rock Gittar eran, sou datt sech eng cinematesch Atmosphär opbaut. Mat de Joren huet Raftside vill Solo-Optrëtter gespillt, an awer huet hie sech geleeëntlech och d’Bühn mat Gruppe wéi The Streets, Broken Social Scene oder The Organ gedeelt.

Siren's Call

Siren’s Call 2019

Zum Line-Up vun 2019 gehéiere Metronomy (GB), Cat Power (USA), Band of Horses (USA), Idles (GB), Flavien Berger (FR), Grandbrothers (DE), Claire Laffut (BE), The Holy (FIN), Raftside (LUX), Claire Parsons(LUX), Uriel Barthélémi (FR) a C’est Karma (LUX).

Natierlech kritt een am Food Village och de Baichi gefëllt, an dat mat Iessen aus der Regioun an enger Wäin-Bar aus bio-dynameschem Wäin a Crément.
Den Ticket kascht 52€ +Taxen. Kanner ënnert 10 Joer komme gratis eran. All Kand ënnert 14 Joer muss vun engem Erwuessene begleet ginn.

Ähnlech Sujeten Concert, Festival, Musék, Raftside, Siren's Call 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel